“Tel Mo” kritt de Lëtzebuerger Buchpräis fir Kanner- a Jugendliteratur

Hei meng kleng Ried, déi de Remy Kraus gëschter owend zu Walfer virgelies huet:
Villmools merci léiwe Jury!
Ech wees net, ob Dir Iech virstelle kënnt, wat fir eng Freed Dir mir elo grad an dësem Moment gemaach hutt! Ech, dien ech mech - ëmmer nach, an an éischter Linn - als Kannerbuchauteur gesinn, kréie fir eent vu menge Kannerbicher e Präis, dien net op Klicken mee op der Kompetenz vun engem Jury berout…
Ech kënnt platze vu Freed!
Och wann ech elo net hei - dat heescht do - sinn, an och wann ech dien Text hei virun e puer Deeg scho geschriwwen hun, also ier dëse - bal - schéinste Moment a mengem Liewen tatsächlech geschitt, esou fillen ech dach elo 10 Kilometer méi nördlech, am Mierscher Kulturhaus, zesumme mat de Kollege vum Kabaret Sténkdéier, d’Vibratiounen, déi vun em ausginn.
Just eppes… Dir wësst, als Kabarettist an Humanist, also als Mënsch, kritiséiert een ëmmer dat, wat een am léifsten huet a wat engem am meeschten um Häerz läit, och wann esou Kritiken net ëmmer gär gehéiert ginn, an nach manner dacks esou verstane ginn, wéi se gemengt waren, wat jo an der Natur vun hinne läit. Deemno: weist w.e.gl. méi Empathie fir d’Kanner- an d’Jugendliteratur an zielt se zum Beispill bei der Benennung vun de Kategorien vum Lëtzebuerger Buchpräis zur Literatur. Ech selwer verstinn net, firwat just Bicher fir Erwuessener als Literatur bezeechent ginn, d’Kanner- an d’Jugendbicher  iewer just ënner Kanner- a Jugendbicher fungéieren - firwat net Kanner- a Jugendliteratur … honi soit qui mal y pense!
Fir mech sinn all d’Kanner- an d’Jugendbicher op dëser Shortlist mat absoluter Sécherheet vollwäerteg Literatur!
Villmools merci de Bicherediteuren am Allgemengen an “Op der Lay” am Besonneschen, merci Doris a Gollo fir äre 24 op 24 Stonne Service! An elo kann ech endlech och vun der Geleeënheet profitéieren, mengem allerbeschte Kolleg a laangjährege Lektor Remy Kraus vu ganzem Häerze MERCI ze soen.

Comments are closed.