Archive for the 'Kabaret' Category

An der Woxx bréngt de Luc Caregari et op de Punkt

Thursday, August 9th, 2018

Hei den Artikel aus der Woxx iwwer “Wenn immer alles so einfach wäre”.

De Luc Caregari bréngt et op de Punkt: “… zu klein die Zuversicht, dass es sich bei diesem luxemburgischen Roman wirklich um eine Entdeckung handeln könnte”, “…man lese den x-ten Versuch eines hiesigen Grundschullehrers, seinen verstaubten Vorbildern nachzuäffen”, “…eher als Kabarett- und Kinderbuchautor bekannt”. …

Wou kommen déi Viruerdeeler hier, nodeem et e “Muedebëtzeg” (Lëtzebuerger Buchpräis) gouf an ee “Roughmix” (Servais-Präis), déi “Wenn immer alles so einfach wäre” an näischt nostinn??? Sollen déi Bicher net gelies gi sinn????? Froen iwwer Froen.

Verkafen ech mech net gutt genuch, hunn ech de Luc gefrot. Du hues keng Starallüren, huet hie geäntwert.
Merci Luc, elo muss ech tiermen….

“Wenn immer alles so einfach wäre” - mam Valerija Berdi op 100,7

Wednesday, August 8th, 2018

Ganz vill Freed, ganz vill Emotiounen a ganz vill Informatiounen!

Zwou Emissiounen um 100,7 vum Valerija Berdi, déi ganz wäit hannert d’Façade kucken.

Eng formidabel Rezensioun vu “Wenn immer alles so einfach wäre”

E spannenden Interview iwwer elauter Saachen, mat dienen ech net gerechent hat.

Villmools merci Valerija!

“Wenn immer alles so einfach wäre”

Wednesday, June 20th, 2018

Wann ëmmer alles esou einfach wär da wir villes méi liicht.

Da ginge mir d’Grenzen einfach zou maachen an all Lëtzebuergesch schwätzen, et géif kee Klimawandel a keng Iwweschwämmungen ginn, héckstens déisäit an der Eifel, d’Frontaliere géifen all vun doheem aus schaffen, an d’Suen iwwerweisen, fir eis Peien a Renten an sozial Laaschten ze bezuelen an d’Flüchtlingen kéimen net iwwer d’Alpen. Lëtzebuerg wir ee Schlaraffeland mat vill Räichtum, Béier an Oktoberfester d’ganzt Joer.

Mee leider ass net alles esou einfach a mir kënnen eis d’Rëséngen net erauspicken, och wa vill Leit esou maachen, wéi wann dat méiglech wir. Wéini gi mir erwuessen?

Liesungen… frot roueg no!

Tuesday, June 19th, 2018

Ech hunn am Moment, nieft menge regelméissege Liesungen fir Kanner, dräi ganz verschidde Liesungen “am Gepäck”:

1. Food Leaks, en kabarettistesch Liesung iwwer d’Iessen zu Lëtzebuerg

Dauer: ca 2 Stonnen

Info:

“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mënsch an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernährt sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?

Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progrssiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!

A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.

Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!

Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

2. “Kannerbicher fir erwuesse Leit”, eng Liesung fir Mënschen vun 10 Joer un

Dauer: ca 90 Minutten

Info:

De Roland Meyer huet elo seng Trilogie vu “Kannerbicher fir erwuesse Leit” ofgeschloss. Dozou gehéiert den 2004 fir d’éischt opgeluechte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kanner- a Jugendliteratur “Den décken dommen Dudu”, d’Geschicht vun engem vill ze décke Jong, dien et an der Schoul net einfach huet. “Mango Panda” ass am Joer 2007 erschingen an thematiséiert “d’Irrungen an d’Wirrungen” vun engem 12-jährege Meedchen, dat sech déi éischte Kéier verléift. 2017 dunn ass mat “Tel Mo” dat drëtt Buch aus der Serie erauskomm, wat de “Lëtzebuerger Buchpräis 2017” gewonnen huet an op der Shortlist fir de Servais-Präis 2018 war. Hei geet et em ee portugisesche Jong, die weder Halt a senger Famill nach an der Schoul fënd a seng Zerrassenheet versicht duerch Gewalt ze kompenséieren.

Dës Bicher beschäftegen sech allen dräi mat ganz eeschten an zum Deel esouguer existenzielle Problemer vu  Kanner a Jugendlechen, dat iewer all Kéier op eng ganz humouervoll Aart a Weis, ouni moraleschen Zeigefanger an ëmmer mat vill Léift an Empathie fir d’Haaptcharakteren. Allen dräi sinn et “coming of age”- Geschichten, déi weder an de Kitsch nach a verlugen Draamwelten ofdriften, mee d’Problemer beim Numm nennen; ebe Kannerbicher fir erwuesse Leit.

Fir Kanner ab zéng Joer, am flottsten zesumme mat hiren Elteren, iewer och fir all Erwuessenen, dien déi hoffnungsvoll Freed an déi onerhéiert Gréisst vum Kand-Sinn nach net vergiess huet, liest de Roland Meyer kuerz, lëschteg an ironesch Geschichten aus dësen dräi Bicher an zesumme gëtt iwwer dat, wat Kandheet am Moment hei zu Lëtzebuerg ausmécht, diskutéiert.

3. “Wenn immer alles so einfach wäre”, eng literaresch Liesung aus dem neie Buch

Dauer: ca 90 Minutten

Info:

Greg Wiesinger lebt in Berlin und ist Firmenberater, er hat nach langen Jahren als Kulturagent nun seine eigene Firma gegründet. Er wird nach Luxemburg gerufen, um das Tourismusministerium bei der Entwicklung des sogenannten „Nation Brandings“ zu begleiten.

Hier lernt er die hohe Ministerialbeamtin Nora Zeimes kennen und verliebt sich in sie. Auch Nora möchte ihr Leben ändern, sie kündigt ihre Stelle und zieht aufs Land, in das abgelegene Haus des Luxemburger Autors und Lebenskünstlers Jempi Nosbusch, der, schwerkrank, sich vor kurzer Zeit das Leben genommen hat.

Hier trifft sie auf den jungen Tim, der dem kranken Schriftsteller auf dessen letzten Tagen zur Seite stand und bei der Gartenarbeit geholfen hat. Doch auch Tim sucht nach neuen Wegen; er zieht nach Deutschland und arbeitet dort auf einem Bauernhof, wo alternative Anbau-, Vermarktungs- und Lebensformen ausprobiert werden.

Hannah, Gregs Ehefrau, ist freischaffende Künstlerin, die vor allem in kaum oder schlecht bezahlten pädagogischen Kunstprojekten in Berliner Schulen arbeitet und so finanziell abhängig von ihrem Mann ist. Sie sehnt sich nach sozialer Anerkennung, ist bereit, vieles dafür in Kauf zu nehmen, muss allerdings damit leben, dass Greg sie immer wieder mit anderen Frauen betrügt. Ein sexuelles Abenteuer ihres Mannes mit einer Ex-Kollegin bringt das prekäre Gleichgewicht ihrer Beziehung zum Kippen und stellt die Lebensmodelle der Protagonisten in Frage.

Dem modernen Leben überdrüssig, versuchen die Figuren in Roland Meyers neuem Roman „Wenn immer alles so einfach wäre“ dem Hamsterrad der beständigen Selbst-Optimierung, der immer weiter zunehmenden Anforderungen der Konsumgesellschaft, des immer größeren Drucks und der immer weniger werdenden Ressourcen zu entkommen, indem sie reduzieren - „weniger ist mehr“ - indem sie aussteigen, sich zurückziehen, indem sie alles scheinbar Überflüssige abstrahieren: „Alle diese schrecklichen Katastrophen der letzten Jahre, Finanzkrise, Terror, Klima, hatten mein Leben, mein ganz reales Alltagsleben überhaupt nicht erreicht, nicht berührt und schon gar nicht beeinflusst. Diese ganze verdammte Hysterie, diese ganzen verdammten Ängste bestanden in den Köpfen der Menschen. Wenn ich davon nichts wusste und mitbekam, kam die Angst nicht an mich heran. Und da ich mich immer weiter absonderte, kaum noch Besuche bei Freunden, einkaufen nur noch, wenn es gar nicht anders ging, machte sich nach und nach etwas in mir breit, das ich bis dahin nie gekannt hatte: eine tiefgreifende, erlösende Entspanntheit.“

Multiperspektivisch, spannend und modern erzählt, pendelt der Roman, wie seine Protagonisten auch, zwischen der hektischen Metropole Berlin und der Abgeschiedenheit des Luxemburger Nordens, beleuchtet die hippe, grelle, alternative Szene Kreuzbergs und kontrastiert sie mit dem konservativen, bürgerlichen Milieu von Luxemburg-Stadt.

Wann Dir nach Froen hutt, dann zéckt net….

En Dënschdeg, den 8.Mee Food Leaks an der Stad

Sunday, May 6th, 2018

Am Cité Auditorium (3, rue Genistre) ass um 18.30 en Dënschdeg, den 8. Mee, déi nächst kabarettistesch Liesung.

Hei ass den Entrée fräi, allerdings sollt een sech ënnert 4796 2731 oder bibliotheque@vdl.lu umellen.

An den Eros vun der Spuerkeess-Agence ass natierlech och dobäi!

Ech free mech an hoffen nees fit ze sinn.

Dës Woch dräimol “Food Leaks”

Tuesday, May 1st, 2018

Food Leaks den 1. Mee um groussen OGBLs-Fest am Neimënster: een Deel um 14.00 Auer an een um 16.00 Auer.

Food Leaks iewer och den 3. a 4. Mee zu Miersch am Kulturhaus ëmmer um 20.00 Auer. A sollt dir nach keng Tickets hunn, da klickt hei:

 https://www.luxembourg-ticket.lu/de/8/eid,11474/food-leaks.html

Zweemool “Food Leaks” dëse Weekend

Friday, March 23rd, 2018

Lass geet et den Owend zu Woltz am Brandbau (23.3. um 20.00 Auer) a weider geet et mar bei der LSAP zu Habscht. Do gëtt et och eppes ze jicken.

Et sinn elo nach eng ganz Rei Terminer bäikomm… Wann dir och ee Food Leaks wëllt buchen, da maacht iech elo bäi.

Ech freeë mech.

Tonight showtime: Food Leaks zu Käerch den 9.3.

Friday, March 9th, 2018

Haut um 20.00 Auer op de Käercher Literaturowenter…

An dat zesumme mam Eros vun der Spuerkeess-Agence: Food Leaks, déi kabarettistesch Liesung iwwer Iessen a Politik oder Politik an Iessen a wat een iwwer dem Iessen alles esou seet an esou denkt. Well dat, wat een do seet, ass meeschtens dat, wat een denkt, sech iewer op kenger anerer Plaz wéi um Dësch, virum gutt gefëllten Teller a mat diem een oder anere Pättchen an der Gladder, géif trauen ze soen.

Ies, datt eppes aus der gëtt! A wa bis eppes aus der ginn ass, dann ass et meeschtens schonns ze spéit, well da muss de d’Schnëss halen; wann s du de Mond zevill voll hëlls, kënnt dat emol schlecht fir dech ausgoen. Iess der Courage un an drénk, drénk fir dass de net alles matkriss, wat am Moment esou geschitt.

Info an Umelldung op: kulturkaerch@gmail.com

Déi nächst Food Leaks sinn zu Käerch

Friday, March 2nd, 2018

E Freideg, den 9.3., owes um 20.00 Auer ass déi nächst Virstellung vu Food Leaks am Festsall zu Käerch an dat am Kader vun de Käercher Literaturowender.

Info an Umelldung op: kulturkaerch@gmail.com

Den 23.3. sinn ech da mat dësem Programm zu Woltz an de 24.3. zu Habscht.

Food Leaks zu Ettelbreck den 1.3. um 19.30 Auer

Wednesday, February 28th, 2018

An elo d’Deuxième! Jidderee weess, datt dat déi schwéierst Virstellung ass.

Nëmme gutt, datt et zu Ettelbreck ass, also bal een Heemspill. Et ass an der Bibliothéik, do wou esou vill léif Leit sech ganz gutt wäerten em mech an em Iech këmmeren an et ass um 19.30 Auer, also eppes méi fréi wéi gewinnt.

No dier gudder Première vu gëschter owend freeën ech mech elo richteg drop an hoffen, datt et nech eng Kéier esou tipptopp klappt.

Bis mar!