Archive for the 'Publikatiounen' Category

Zikelalarm 2015, en Dënschdeg, den 9.6. um 20.00 Auer am Casablanca zu Esch

Thursday, June 4th, 2015

A weider geet et mat der kabarettistescher Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg… dës Kéier zu Esch!
Dir wësst jo, hei gëtt et d’Buch zum éischten Deel.

An hei en Extrait aus diem Buch:

“Lifelong learning: Dir wësst jo all, wéi dat geet! Et kënnt een dohinner, 20 Persoune sëtze genéiert an engem grousse Krees a mussen sech der Rei no virstellen. Do héiert een dann 20 Mol dieselwechte Saz, dien dien Éischtgefrote sech zesummegebastelt hat, an um Enn hues du all d’Nimm nees vergiess.
Dann eng kuerz Introduktioun vum deier bezuelten ausläneschen Expert an dono…: Aarbechtsgruppen. Ouni Aarbechtsgruppe leeft beim Life-long Learning guer näischt. Déi, déi sech kennen, stellen sech de Batti, fir beieneen ze kommen. Déi aner kucken, fir een ze fannen, dien no äifregem Schaffen ausgesäit; die kann dann déi ganz Aarbecht maachen.

No 3 Stonnen daucht den Expär dann nees op an da kënnt dat Bescht: All Aarbechtsgrupp stellt seng Aarbecht vir: Do kriss de eppes ze laachen, do schwätzen da ganz normal Leit op eemol, wéi wa se vun alle gudde Geeschter verlooss wieren. Dien auslänneschen Expär, dien elo mécht, wéi wann en alles géing verstoen, fënnt dat dann och nach gutt. Do amëséieren ech mech ëmmer am beschten – bis ech selwer dru kommen…

A wann s de da ganz vill Pech hues, a wann nach Zäit bleift, da kënnt elo mat absoluter Sécherheet nach e Rollespill. Ech hu bis haut nach net verstanen, firwat esou ee Rollespill gutt soll sinn. Op alle Fall behëlt sech do jiddereen esou, wéi en sech ni am normale Liewe behuele géif. Definitiv net! Ech erwëschen ëmmer d’Haaptroll, well déi Clever sech déi kleng Rollen direkt ënner den Nol gerappt haten. An da kann ech mech, zum Amusement vum ganze Sall, fir déi nächst zéng Minutten zum Klon maachen.
Well den Expert die leschten Zuch nach muss kréien, bleift keng Zäit méi, fir d’Rollespill ze diskutéieren an auszewäerten, a mir ginn alleguer mat engem Zertifikat an der Hand entlooss.

Wann ech da kuerz drop mäi Computer doheem umaachen, wat fannen ech do: Een Evaluatiounsziedel, op diem ech op 200.000 verschidde Manéiere muss ukräizen, wéi gutt dien Expär alles gemaach huet a wat die Cours mir alles bruecht huet.”

Zikelalarm 2015 en Dënschdeg, den 2.6. um 19.30 Auer am Nëssert zu Biergem

Sunday, May 31st, 2015

Den Text ass fäerdeg, et ka lassgoen!

An der Päischtvakanz all moies geschriwwen a gelies an elo spiren ech, wéi ech lues a lues ëmmer méi nervös ginn. Et ass elo die Moment, dien et virun all Première gëtt: et wees een net ob et eppes ass, et wees en net, ob et bei de Leit ukënnt, ob et fonktionnéiert. Ëmmer emol nees mengt een, et wir iwwerhaapt näischt an et misst ee vu ganz vir ufänken… eng zimlech stresseg Situatioun, déi wahrscheinlech näischt anescht wéi “Lampenfieber” ass.

D’Buch vum Zikelalarm 2013 ass fäerdeg ginn, an dat gëtt et elo iwwerall ze kafen.

Zikelalarm 2013 als Buch bei Op der Lay

Rezensioun “Roughmix” am Wort vum 9.5. vum Jeff Baden

Sunday, May 10th, 2015

Diem hunn ech näischt bäizesetzen … ;-)

Dach, merci Armand fir d’Foto a Jang fir de Brëll!
Liest hei den Artikel.

Prix Servais 2015 - Zäit fir MERCI ze soen

Saturday, May 9th, 2015

Wat fir eng Woch!

Merci iech all, déi dir mir esou léif a vill gratuléiert hutt. Ech hu mech immens gefreet!

Merci dem Jury, fir déi wierklech cool Entscheedung!

Merci dem Verlag Op der Lay, ëmmer op menger Säit, ëmmer bereet, eng Hand mat unzepaken, an esou richteg léif Leit.

“Roughmix” kann een hei bestellen.

“Roughmix” op RTL

Prix Servais 2015

Tuesday, May 5th, 2015

La Fondation Servais vient de décerner le Prix Servais 2015 à Roland Meyer pour le roman Roughmix paru en langue luxembourgeoise aux éditions Op der Lay à Esch-sur-Sûre. Le Prix Servais récompense depuis 1992 l’ouvrage littéraire le plus significatif paru au cours de l’année précédente. Il est décerné annuellement, sur proposition d’un jury indépendant. Le Prix Servais est doté de 6.000 euros.

“Roughmix vum Roland Meyer ass en aktuellen, spannenden an amusante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen. Ouni Kompromësser blécke verschidden, an hirer schifer Individualitéit plastesch erausgeschafften Erzieler zréck op hiert Liewen zu Lëtzebuerg an op hir Dreem vun enger Flucht an aner Länner, déi sech awer all als stereotyp an illusionär Aussteiger -Destinatiounen erausstellen. Mat enger gepefferter Ironie a voller Uspillunge kritiséiert den Text all Moudephänomener an all Forme vun Ideologie, siefe se politesch, moralesch oder literaresch. D’Romanform beandrockt duerch e gelongene Wiessel vun den Erzielperspektiven, eng ënner anerem vun der Rockmusek inspiréiert Kompositioun an duerch e Schreiwen, an deem verschidde Stiler (Roman, Tagebuch, Journalismus) matenee verbonne ginn. Wéinst dëser ganz eegener schrëfstellerescher Leeschtung, wéinst dem schaarfen, kaleidoskopaartege Bléck op d’Gesellschaft, awer och fir op e wichtege Moment vu Reflexioun iwwer d’Sprooch an d’literaresch Kreatioun hinzeweisen, zeechent de Jury dëst Wierk vum Roland Meyer aus. Roughmix ass a Lëtzebuerger Sprooch geschriwwen an ass am Verlag Op der Lay zu Esch-Sauer erauskomm.”

La date précise de la cérémonie de remise solennelle au Centre national de littérature sera communiquée ultérieurement.

Le jury du Prix Servais 2015 était composé de Jeanne E. Glesener, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson (président), Jeanne Offermann, Alex Reuter, Annette Schlechter, Sébastian Thiltges et Isabelle Weis.

www.autorenlexikon.lu/page/author/364/3646/DEU/index.html

www.autorenlexikon.lu/page/author/364/3646/FRE/index.html

Les lauréats du Prix de la Fondation Servais:

  • 1992 : MANDERSCHEID Roger
  • 1993 : GREISCH Pol
  • 1994 : PORTANTE Jean
  • 1995 : KOHNEN Joseph (Prix spécial)
  • 1996 : JACOBY Lex
  • 1997 : STECKEL Margret
  • 1998 : ENSCH José
  • 1999 : HOSCHEIT Jhemp
  • 2000 : SCHMOETTEN Pol
  • 2001 : HARSCH Roland
  • 2002 : HELMINGER Guy
  • 2003 : SORRENTE Jean
  • 2004 : MUNO Claudine
  • 2005 : JACOBS Jean-Paul
  • 2006 : REWENIG Guy
  • 2007 : SCHLECHTER Lambert
  • 2008 : KOLTZ Anise
  • 2009 : SAX Pol
  • 2010 : REWENIG Guy (Tania Naskandy)
  • 2011 : KRIER Jean
  • 2012 : ORTLIEB Gilles
  • 2013 : GREISCH Pol
  • 2014 : HELMINGER Nico
  • 2015: MEYER Roland
  • Zikelalarm II

    Friday, March 27th, 2015

    “No dem Zikelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a … Schoulmeeschter elo no: den Zickelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst schwaarz Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministären: ee ganzt Land weess net méi, wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.”

    Schéinen Text, mat diem den Zikelalarm II ugekënnegt gëtt!

    Hei sinn déi éischt Datumer:

    2.6.: zu Biergem am Kulturzenter “Beim Nëssert” –> Hei gëtt et Informatiounen

    9.6.: Zu Esch am Casablanca

    PS: Den Text vum Zikelalarm I gëtt et geschwënn a Buchform…

    Scho laang näischt méi “gepoust”

    Monday, March 16th, 2015

    Schwiereg Zäite brauchen extra Weeër fir derduerch ze kommen.

    Lues a lues gesinn ech op en Enn.

    Als nächst geet et weider mam Zikelalarm II a mat enger Rei Schoulliesungen.

    Bicher sinn am Moment keng geplangt, wëll ech de Kapp net dofir hunn, mee den Text vum Zikelalarm I gëtt elo geschwë publizéiert.

    Ech denken och ëmmer nees méi kräfteg iwwer Musik-maachen no, och wann de Paul eis verlooss huet, an dat alles net esou kloer ass. Hie feelt vir an hannen a bei all Projet, iwwer dien een nodenkt, kënnt ee fréier oder spéider op de Punkt, wou de Paul virun engem opdaucht… an iewer!

    Nach e bësse Gedold, eng oder zwou Wochen, da weess ech méi!

    Den Trailer zu “Drôle de guerre” ass do

    Sunday, November 9th, 2014

    De Claude “Sibi” Sibenaler huet och dëst Joer nieft all de Fotoen och nees den Trailer fir die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier gemaach. Et kann een en elo op Youtube kucken. Vill Spaass!

    Hei ass den Trailer vun “Drôle de guerre”.

    Den Artikel am DCK vum Gilles Wunsch

    Friday, October 24th, 2014

    Am DCK2/2014 huet de Gilles Wunsch en Artikel iwwer mech publizéiert, dien der Wouerecht ganz no kënnt: vill Biografie, vill Literatur, vill Musik, vill Theater a Kabaret. An dann dem Gilles säi ganz besonnesche Stil, ëmmer dann, wann hien iwwer d’Éisleck schreift.

    Hei kënnt dir den Artikel “Konstemer Blues” liesen.

    An elo musse mir “VOTEN”: de Lëtzebuerger Buchpräis fir “Roughmix”!

    Sunday, October 19th, 2014

    Roughmix ass nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis; dat ass gutt!
    Mee elo musse mir fir d’Buch stëmmen, oder “voten”, wéi et esou schéin heescht.

    Hei kennt dir dat maachen.

    Hei ass de Reprtage op RTL iwwer d’Buch.