Den 1.Juli 2015 gëtt de Prix Servais iwwerreecht: Dir sidd all ganz häerzlech agelueden!

Dach, ech mengen dat Eescht!

Um 19.30 Auer ass zu Miersch am Servais Haus d’Präisiwwerreechung an do ging ech mech wierklech ganz vill freeën, wann Dir kënnt dobei sinn.

Esou een Dag huet een nëmmen eng Kéier am Liewen an dofir wëll ech e mat Iech all deelen, zesumme lauschteren wann d’Just Friends nach eng Kéier hier Standards spillen, wann de Sahrs Romy d’Laudatio hält an dono e gudde Patt drénken.

Esou soll et sinn, dat wir flott!

Hei d’Info vum CNL…

Comments are closed.