September 18th, 2014
Wann dir “Drôle de guerre”, de Programm 2014 vum Kabaret Sténkdéier wëllt kucke kommen, da geet dat elo nach zu Miersch am Kulturhaus an zu Biergem “beim Nëssert”.
De Cube 521 zu Maarnech ass ausverhaaft.
www.stenkdeier.lu
Posted in Kabaret | No Comments »
September 13th, 2014
Um Veiner Bicherfest den 21.9. um 15.00 Auer am Schlooss: eng Liesung fir d’Kanner: fir d’éischt : “Zu lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” an dann um 15.30 Auer fir déi e bësse méi grouss: “Den décken dommen Dudu”. Net verpassen!
Hei gëtt et Informatiounen iwwer de Programm vum Bicherfest.
Posted in Bicher | No Comments »
September 8th, 2014
Zesumme mat “Just Friends” an engem gudden Iessen vum Jeanne Offermann: eng Roughmix-Liesung de 26.9. zu Born an der Brennerei… an dat um 19.30 Auer.
Informatiounen zu der Liesung an zum Iessen - Umeldung
Posted in Bicher | No Comments »
September 1st, 2014
Egal ob Dir wëllt op Miersch, Maarnech oder Biergem kucke goen, … de Verkaf ass elo iwwerall op:
MIERSCH: Kulturhaus
BIERGEM: Beim Nëssert
MAARNECH: Cube 521
Posted in Kabaret | No Comments »
August 4th, 2014
Eng Rei Liesunge si fir den Hierscht programméiert.
Hei emol déi éischt:
21.9.: Um Bicherfest zu Veinen: Piratekapitänen a vollfett Kanner - eng Liesung fir Kanner mëttes um 15.00 Auer
25.9.: “Roughmix”-Liesung zu Ettelbréck an der Bibliothéik mat “Just Friends”
26.9.: “Roughmix”-Liesung zu Born an der Brennerei mat “Just Friends” a guddem Iessen
Vläicht gesi mir eis eng Kéier am Hierscht …
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
July 27th, 2014
An der Literaturbäilag vum Tageblatt war dëser Deeg eng Rezensioun vu “Roughmix”. Dat freet mech, ech hunn et ëmmer gär, wann iwwer d’Buch geschwat gëtt. - Zu Lëtzebuerg gëtt vill ze wéineg iwwer Bicher geschwat! - De Jeff Thoss huet dat tipptopp gemaach, eng Parti Detailer ervirgehuewen, déi weisen, datt hien den Text net nëmmen iwwerflächlech gelies huet, mee sech richteg drop agelooss huet. An hie beschreift och ganz gutt déi Gefiller, déi ee beim Liesen huet.
A sengem leschte Saz seet en: “Roughmix ist ein hochaktueller, vielleicht gar ein wichtiger Roman, aber oft auch ein ärgerlicher, dem ein finaler Feinschliff wohl nicht geschadet hätte.”
Ech hu mer gesot, wann ee säi Buch “Roughmix” nënnt, an och stilistesch esou drun erugeet, da muss een och de Courage hunn, fir grad op esou ee “Feintuning” ze verzichten. Nëmmen da bleift een authentesch a kongruent. Datt dat “ärgerlich” ass, ass gewosst an esou och geplangt… an datt ech d’Leit verstéieren an opbréngen, domat muss ech liewen.
Ech wëll de Lieser mat dësem Buch rose maachen, an ech wëll, datt en dat och kierperlech spiert. A mäi Wee fir dat ze realiséieren war de “Roughmix” als solchen stoen ze loossen.
Hei d’Kritik am Tageblatt
Hei weider Informatiounen iwwer “Roughmix”, ee Buch bei diem sech engem emol kann de Mo ëmdréinen
Posted in Publikatiounen, Bicher | Comments Off
July 21st, 2014
Et geet also nees an d’Rennen! Esouvill literaresch Bicher wéi nach ni sinn op der Longlist a Roughmix ass dobei!
Hei gëtt Informatiounen iwwer Roughmix
An hei iwwer d’Longlist a wien nach alles dobei ass
Posted in Bicher | No Comments »
July 11th, 2014
Posted in Theater | No Comments »
June 25th, 2014
“Roughmix”… déi perfekt Lektür fir am Summer op d’Reess ze goen!
Hei e klengen Auszug aus der Liesung de 4.6. zu Miersch am Kulturhaus:
http://www.luxorr.lu/lord-tv.html
“Fust Friends” sinn: Luc Hoffmann, Mulles Scholtes a Jang Steffen.
Am Hierscht gëtt et nach weider Liesungen, ënnert anerem zu Uewerkur an an der Staadt…
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
June 11th, 2014
Posted in Kabaret | No Comments »