Zweemol an der Bestsellerlëscht Abrël 2012

May 1st, 2012

Den Abrëll 2012 war e gudde Mount fir mech! Zwee Bicher hunn et op d’Bestsellerlëscht gepackt:

“Muedebëtzeg”, die neie Roman fir Erwuessener, dien ech den 10.5. zu Veinen am Ale Kino offiziell presentéieren, an …

“Mission geheimer Stollen”, dat allerspannendst Buch fir Kanner an däitscher Sprooch, dat a Lëtzebuerg spillt, dat jeemools geschriwwe gouf! Onbedingt liesen, wëll nieft all diene Panem Potteren an Tintengregs huet et et natierlech schwéier.

Hei ass d’Bestsellerlëscht Abrëll national op RTL

“Holzwuerm-Anthologie” - iwwer drësseg Theaterstécker an engem Buch

April 26th, 2012

An engem gudde Joer feiert den Holzwuerm seng 20 Joer! Dat éischt Stéck, “De Spillmann” hu mir 1994 mat de Kanner aus der Holzthummer Schoul am Parsall zu Houschent gespillt…
Zesumme mat “Islek ohne Grenzen” ass eng Anthologie, déi all d’Theaterstécker vun diene Joer zesummefaasst, geplangt. Genee, dat gesäit no enger Heedenaarbecht aus, mee dat ass mir egal: do muss ech elo duerch, an ech sinn iwwerzeegt, datt esou ee Buch eng flott Beräicherung fir de kannertheater a Lëtzebuerg wäert ginn.

Hei geet et bei den Holzwuerm

Isléck ohne Grenzen

I balloni luminosi

April 26th, 2012

D’Virstellungen am Cube 521 zu Marnech si geschwënn all ausverkaf. Elo heescht et sech bäimaachen.

Mat den Holzwuerm-Kanner si mir och elo am Endspurt a fir d’Woch vum 14. Mee si si prett, fir nees wéi all Joer e flotte Spektakel ze bidden.

Informatiounen fand Dir hei

Muedebëtzeg - déi offiziell Virstellung den 10.5. am Ancien Cinéma zu Veinen

April 17th, 2012

Muedebëtzeg - déi offiziell Presentatioun vum Bestseller den 10.5.2012 am Ancien Cinéma zu Veinen um 20.00 Auer

an Zesummenaarbécht mat Op der Lay, de Veiner Kultoureilen an dem Ancien Cinéma Café Club

Musikalesch ginn ech ënnerstëtzt vun “Just Friends”: Mulles Scholtes(Gitar), Luc Hoffmann (Gesang a Gitar), Jang Steffen (Bass a Percussioun)

“Ech hunn däi Buch mat grousser Begeeschterung gelies. Ech fannen,datt et ee staarkt Buch ass. An datt s de vill Courage has dat Buch ze publizéiren.”

“Ëtt gehéiert ausserdem zu Lëtzbuerg Courage derzou, eng Geschicht wéi déi doten mat all hieren Detailler ze veröffentlechen.”

“Ech si wierklech beandrockt; iwwert verschidden philosophesch iwwerleeungen hun ech matt bewonnerung gestaunt, an och all respect fier déi radikal éierlechkeet an de courage esou ongeschminkt woueregkeeten ze schreiwen”

“Ech wönschen deem buch ganz vill success an könnt mier vierstellen, datt ët och gudd gief an déitschland ukommen…”

“Merci fir dat wonnerbaart Buch.”

Hei ass d’Invitatioun

Muedebëtzeg - op Plaz 8 bei de nationale Bestseller am Mäerz

April 3rd, 2012

Endlech emol nees e literarescht Buch ennert all deene Kach- a Sachbicher! Dat ass eng gutt Saach.

Ech sinn zefridden!

Hei sinn d’Bestseller all

Muedebëtzeg - haut eng Kritik vum Jeff Baden an der “Lesezeit”

March 29th, 2012

An der Beilag “Lesezeit” vum “Wort” vun haut huet de Jeff Baden ënner dem Titel “Gesellschaftskris” en Text iwwer dat neit Buch veröffentlecht: “Säin neie Roman “Muedebëtzeg” ass e literarescht, staark gesellschaftskritescht Buch a riicht sech vun der Thematik hier eendeiteg un Erwuessener”.

Dat ass schéi gesot an deelweis och treffend. Gëschter huet ee Bekannte “Muedebëtzeg” als “Erotikroman” (!) bezeechent; domadder hunn ech da méi Problemer… ;-)

Hei kënnt Dir d’Kritik liesen

Muedebëtzeg - eng Zesummefaassung

March 28th, 2012

Ech hunn hei am Blog elo vill verschidden Interventiounen zum Thema “Muedebëtzeg”. Dofir wollt ech déi Wichtegst elo emol hei eng Kéier kuerz zesummefaassen…

Hei kënnt Dir d’Zesummefaassung liesen

Liesungen am drëtten Trimester fir d’Schoulkanner

March 28th, 2012

No der Ouschtervakanz si folgend Liesungen a Lëtzebuerger Grondschoule geplangt:

24.4.: Schoul Veianen - 4. Zikel  (Den décken dommen Dudu, Mango Panda, Eng Foto vum (Klëppel)Krich)

26.4.: Schoul Lorentzweiler - 3. & 4. Zikel  (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen, Den décken dommen Dudu, Mango Panda)

10.5.: Bibliotéik Déifferdeng - 3. & 4. Zikel  (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen, Den décken dommen Dudu, Mango Panda)

22.5.: Schoul Esch - 4. Zikel  (Den décken dommen Dudu, Mango Panda, Eng Foto vum (Klëppel)Krich)

Den 18. an den 20.6. sinn ech dann zu Woltz am Lycée.

Ech freeë mech!

Muedebëtzeg - den 10.5. ass offiziell Presentatioun am Ancien Cinéma zu Veianen

March 26th, 2012

Fir den 10.5. ass zu Veianen am Ale Kino d’Presentatioun vum neie Buch geplangt.

De musikaleschen Encadrement gëtt vun “Just Friends” gemaach, der Jazzband vum Convertibles-Gitarrist Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jhang Steffen.

Mat am Boot sinn och d’”Kultoureilen”; jo, dat gëtt esou geschriwwen, déi d’Bibliothéik zu Veiane bedreiwen an natierlech mäi Verlag “Op der Lay”.

Save the date; esou seet een dat jo haut op “Nei-Lëtzebuergesch”…

Muedebëtzeg - Buchtip vun der Woch an d’Kritik um 100,7 vum Claude Mangen

March 25th, 2012

Am Rendez-vous mam Buch huet de Claude Mangen nieft aneren Themen iwwer dat neit Buch geschwat: “De Roland MEYER Joergank 1963 ass Schoulmeeschter, Auteur vun Hörspiller, Kabaretts-Texter an Theaterstécker fir Kanner, Museker bei der Bluesband “The Winklepickers”, Kabarettist, Regisseur a Matbegrënner vum Ensembel “Sténkdéier” - bestuet a Papp vun zwee Bouwen. Mat sengem Roman “Muedebëtzeg” deen am Verlag op der Lay erauskoum, geet de Roland MEYER nei Weeër fir déi een hien nëmme ka félicitéieren. De Claude Mangen mam Buchtip vun dëser Woch.”

Hei kënnt Dir lauschteren

Hei kënnt Dir d’Kritik liesen