June 11th, 2012
“Schoul am Liewen” heescht d’Emissioun vum Jean-Pol Roden um 100,7. An an dier Emissioun hu mir d’Theaterschoul virgestallt. D’Theaterschoul ass eng Initiativ vum Lëtzebuerger Educatiounsminietère fir den Theater an der Grondschoulen ze förderen.
Hei kënnt Dir d’Emissioun lauschteren
Posted in Theater | No Comments »
June 8th, 2012
D’Elise Schmit huet haut hier Kritik iwwer “Muedebëtzeg” am “Lëtzebuerger Land” geschriwwen.
Hei kënnt Dir se liesen
Posted in Bicher | No Comments »
June 7th, 2012
Hei am Land ass et net schwéier fir eppes ze bauen, z. B. eng Autobunn oder deier Gebeier fir houfreg Staats- a Gemengeleit. Kee Problem och fir Reformen am Schoulwiesen oder am Staatsapparat: Mir hu jo hei eng hallef Millioun Expären … an déi wësse wéi a wat!
Nëmmen … sinn dat der net e bësse vill? Verdierwen déi net de Bräi ir e vun der Kachmaschinn kënnt!?
Esou gëtt die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier ugekënnegt, dien am Hierscht zu Miersch gespillt gëtt. Geschriwwe wéi ëmmer vum Remy Kraus, Tom Kraemer a vu mir a gespillt vum Irène Zeimes, Raymond Bertemes, Nico Dabé a vum Tom Kraemer.
Hei ass de Site vum “Kabaret Sténkdéier”
Posted in Kabaret | No Comments »
June 6th, 2012
Dat si ganz gutt Noriichten vun “Op der Lay”! No nëmmen dräi Méint ass déi éischt Oplo esou gutt wéi vergraff an et gi Bicher nogedréckt.
“Muedebëtzeg” ass elo schonns dien drëtte Mount an de Bestsellerlëschten vun de Bicherediteuren, wat beweist, datt ech mat dësen Themen e Nerf getraff hunn. D’Buch bewegt d’Leit, hält se an Otem, léist se net méi esou séier lass, polariséiert och…
Hei gëtt et eng Zesummefaassung vun Informatiounen iwwer dat neit Buch
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
June 4th, 2012
Nodeems et dat lescht Joer wéinst enger Krankheet net geklappt hat, si mir dëst Joer present: d’Winklepickers spillen e Samschdeg zu Buerglënster bei “Blues an der Buerg”.
Hei de Programm:
BLUES STAGE
19.30 – 20.15 Crossroads
20.45 – 21.30 The Winklepickers
22.00 – 22.45 Sneaky Pete
TENT STAGE
19.00-19.30 Fanfare Bourglinster
20.15 – 21.00 John DELL Jazztet
21.30 – 22.15 Fun Brass Dixie Band
An hei de Site vun de Winklepickers
Posted in Musik | No Comments »
June 1st, 2012
Kaum ze gleewen, dat neit Buch, dat elo schonns net méi esou nei ass, ass éischtens nach ëmmer derbei an huet zweetens och nach ee Saz no uewen bis op déi 4. Plaz gemaach.
Domatt ass et da wuel definitiv d’Buch vum Fréijoer
Hei ass d’Lescht vum Juni 2012 op RTL
All d’Informatiounen iwwer Muedebëtzeg gëtt et hei
Posted in Bicher | No Comments »
May 25th, 2012
Posted in Musik | No Comments »
May 21st, 2012
Endlech nees Zäit fir Musik!
Mir spillen elo eng Rei Concerten an dienen zwee nächste Méint mat vill Material vun “Haddocks and French Kisses”.
Den Optakt mécht:
Blues after work 25.5.2012
Dono:
Blues an der Buerg zu Buerglënster 9.6.2012
An de Blues and Jazz Rallye 2012 am Gronn 21.7.2012
Posted in Musik | No Comments »
May 14th, 2012
Haut ass et lassgaangen, an emol guer net esou schlecht. Mat dienen zwou Première vun haut si mir ganz zefridden.
Ugemellt sinn d’Schoulen vu Waarken, Kehlen, Géisdrëf, Buurschent, Elwen, Housen, Befort, Burg Reuland, Crauthem, Schieren, Ettelbréck, Klierf, Biissen, Wäiswampech, Wëlwerwoltz an Dikkrech.
Hei geet et bei den Holzwuerm
Posted in Theater | No Comments »
May 11th, 2012
Jo, ech hunn am Moment net vill Zäit, fir hei ze schreiwen an ech hunn och schonns e ganzt schlecht Gewëssen. Holzwuerm-Opféierungen déi nächst Woch an och e ganze Koup Theaterschoulen hale mech ganz schéin op Trapp!
Gëschter Owend iewer war et et super bei der Presentatioun. Vill … genuch Leit, ech schätzen emol ronn 50, haten trotz dem gudde Wieder de Wee an den “Ale Kino” fond. D’Zesummespill zwëschen dem Text an der Musik vun “Just Friends” huet gutt funktionnéiert, mir waren all méi wéi zefridden a wëllen dës Zort vun Owend nach widerhuelen.
Organisateuren, Bibliothéiken, kulturell Veräiner, … mellt iech roueg bei mir, et ass derwäert!
Hei e puer Fotoen
An hei Informatiounen iwwer “Muedebëtzeg”
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »