D’”Winklepickers” um Blues’n Jazz Rallye 2012

July 17th, 2012

An hei spille mir:

Blues Hill Stage - Rue de la Tour Jakob - Pont CFL

um genee 23.30 Auer; et wir flott, wa mir eis do begéine gingen!

An dat hei schreift den Organisateur :-) :

Les quatre larrons vont enflammer la scène et leur public. Connu pour son interprétation du Chicago Blues, le groupe se sent pourtant influencé par le style assez dur, puissant et direct britannique, joué par des groupes comme Dr. Feelgood et Nine Below Zero. Leur spécialité est l’interprétation contemporaine de classiques du blues d’antan d’auteurs comme Muddy Waters, Willie Dixon, Elmore James ou encore Sonny Boy Williamson. Le tout est complété par des morceaux de blues moderne ainsi que par des compositions propres.

Hei gëtt et Informatiounen iwwer de BNJR

Nei Liesungen

July 9th, 2012
16.10.: “Muedebëtzeg” - Cité Bibliothéik Lëtzebuerg / Mardis littéraires - 18.30 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

22.10.: “Muedebëtzeg” - H2O Obercorn-Differdange / Lundis littéraires - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

9.11.: “Muedebëtzeg” - Prabbeli - Wiltz - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer

Nach zwee Winklepickers-Gigs virum Hierscht

July 9th, 2012

Nach zweemool sinn d’Winklepickers ze gesinn, ier et an d’Hierschtpaus geet:

- Blues’n Jazz Rallye Luxembourg 2012, den 21.7.

- Blues op der Musel, den 28.9.

Besicht de Site vum Lëtzebuerger Bluesclub fir méi Informatiounen iwwer déi zwee Gigs: Rallye a Blues op der Musel

D’Hierschtpaus kënnt virun allem, wëll ech da mam Kabaret Sténkdéier de Programm “Eng hallef Millioun Expären” zu Miersch presentéieren.

Liesungen am Hierscht

July 5th, 2012

16.10.: “Muedebëtzeg” - Cité Bibliothéik Lëtzebuerg / Mardis littéraires - 18.30 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

22.10.: “Muedebëtzeg” - H2O Obercorn-Differdange / Lundis littéraires - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer

Ëmmerhin: “Muedebëtzeg” nach op der 13. Plaz

July 5th, 2012

An de neie Bestsellerlëschten ass “Muedebëtzeg” ëmmerhin nach op der 13. Plaz.

Bis déi zweet Oplo do ass, wäert et nach bis den August daueren, esou datt et knapp gëtt mat de Bicher. Mee vun “Op der Lay” ass d’Informatioun do, datt déi nei Bicher am August kommen.

Hei d’Bestsellerlëscht vum Juli

An hei Informatiounen iwwer “Muedebëtzeg”

“Eng hallef Millioun Expären” de Programm 2012 vum Kabaret Sténkdéier

July 2nd, 2012

An elo steet och den Datum vun der Première fest: den 11. Oktober geet et am Keller vum Nationale Literaturzenter (Maison Servais) zu Miersch lass.

Mir bleiwen do bis de 17. November an plënneren dann an de grousse Sall vum Kulturhaus. Virstellungen sinn hei den 21., 22., 23., 24. a 25. November 2012.

Op der Bühn stinn dëst Joer: d’Irène Zeimes, de Raymond “Berti” Bertemes, den Nico Dabé an den Tom Kraemer.

De Programm ass geschriwwen, ewéi all Joer, vum Tom Kraemer, dem Remy Kraus a vu mir, an ech bekëmmere mech och em d’Musik an em d’Regie.

Informatiounen iwwer de “Kabaret Stenkdeier” gëtt et hei

Aktuelliséierte Plang vun de Liesungen

June 24th, 2012

25.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

26.6.: 9.00 Auer - Grondschoul Ale Lycée Esch

27.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

3.7.: 9.00 Auer - Grondschoul Veianen / Kultoureilen Veinen

Eng weider Liesung fir Kanner ass schonns fir den 22.11. an der Bibliothèque Tony Bourg zu Elwen um 16.00 Auer programméiert: “Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch” ass den Titel.  Info

An net ze vergiessen: eng “Muedebëtzeg”-Liesung mam Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen gëtt et de 16.10. um 18.30 Auer an der Cité Bibliothéik am Kader vun de “Mardis littéraires”.

Blues’n Jazz Rallye 2012

June 22nd, 2012

Natierlech sinn d’Winklepickers den 21.7.2012 och nees mat derbei!

Informatiounen gëtt et deemnäechst hei…

an hei !

Finale vum Virlies-Concours

June 14th, 2012

Et ass nees esou wäit: den 21.6. ass um 15.00 Auer zu Iechternach am Trifolion d’Finale vum nationale Virlies-Concours.

Organiséiert ass se vum Ministère de l’Éducation nationale (Jeanne Offermann a Josiane Schaul). Kanner aus de 4. Zikelen vum ganze Land kommen dohinner fir virzeliesen. De Jury kuckt, wie vun hinnen die beschte Virlieser ass.

D’Schüler aus der École de musique vun Iechternach maachen d’Animatioun an ech maachen d’Moderatioun.

Liesungen fir Kanner a Jugendlecher

June 14th, 2012

Eng ganz Rei Liesungen fir Kanner a Jugendlecher stinn elo nach virun der Dir. Vläicht gesi mir eis jo eng Kéier dobei:

18.6.: 13.30 Auer - Lycée du Nord Wiltz

22.6.: 13.30 Auer - Lycée du Nord Wiltz

25.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

26.6.: 9.00 Auer - Grondschoul Ale Lycée Esch

27.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

Eng weider Liesung fir Kanner ass schonns fir den 22.11. an der Bibliothèque Tony Bourg zu Elwen um 16.00 Auer programméiert.

An net ze vergiessen: eng “Muedebëtzeg”-Liesung mam Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen gëtt et de 16.10. um 18.30 Auer an der Cité Bibliothéik am Kader vun de “Mardis littéraires”.