October 2nd, 2012
Nach just eng Woch bis et lassgeet. D’Première ass den 11.10., also donneschdes a mir spillen direkt weider freides den 12. a samschdes den 13.. De Programm steet mëttlerweil an ech denken net, datt mir e nach eng Kéier ännere ginn. Esoulues kënnt d’Sécherheet och a mir fänken nees un, iwwer eis selwer ze laachen. Dat war an dienen zwou leschte Woche méi schwéier, well den Drock héich war. Mir schaffe virun allem um Detail.
Iwwer d’Theme wëll ech elo nach näischt soen, dat soll roueg spannend bleiwen, just esou vill: vum Velo héiert een am Moment bal näischt; mir schwätzen driwwer, Sandweiler ass ee risege Chaos; mir bréngen Uerdnung drann, alles schwätzt iwwer d’Hochzäit; mir kucke wéi et weider geet: “Hei am Land ass et net schwéier fir eppes ze bauen, z. B. eng deier Autobunn oder houfreg Gebeier fir Staat a Gemengen, mir hunn et jo, bis elo emol nach. Kee Problem och fir Reformen am Schoulwiesen oder am Staatsapparat duerchzezéien: Eng hallef Millioun Expären gëtt et hei zu Lëtzebuerg … an déi wësse wéi a wat. Eppes ass kloer: Hätten si eppes ze soen, wier et net esou wäit komm! Weder zum Debakel vu Wickréng/Léiwéng nach zum Ausverkaf vun eiser Economie un d’Scheichen, d’Inder an d’Chinesen. Lëtzebuerg ging weider eng „Wuelstandsinsel“ a “Wohlfühloase“ bleiwen, de Liter Super wir däitlech ënnert engem Euro an de Schleck hätt den Tour gewonnen. Mee et lauschtert jo keen op si!”
Et gëtt lues a lues enk mat de Plazen am klenge Sall vum CNL, dofir heescht et elo buchen: Keller vun der Maison Servais.
Am grousse Sall vum Mierscher Kulturhaus ass nach Plaz: hei kënnt Dir bestellen.
Posted in Kabaret | No Comments »
October 1st, 2012
Ëmmerhin ass et elo wëll iwwer en halleft Joer, datt “Muedebëtzeg” erauskoum, mee dat schingt senger Popularitéit net ze schueden. Op diene neie Lëschten ass et nees op der 5. Plaz. Ass et den Thema, ass et wëll elo just déi zweet Oplo erauskoum oder ass et einfach d’Qualitéit vum Buch, dat Neit, dat Besonnescht, dat Extrat? Vläicht e bësse vun allem.
Hei d’Lëscht vum Oktober
Hei d’Informatiounen iwwer d’Buch, wann Dir et nach net kennt
An hei déi nächst Liesung
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
September 23rd, 2012
E Freideg den Owend um 20.00 Auer gëtt den Anker gehuewen an d’Seegele gesat. D’Winklepickers Bluesband geet u Bord vun engem vun diene berühmte Museldampferen. Wann Dir nach kee Billet hutt, da gëtt et elo definitiv Zäit, wie weess, wéini et déi Geleeënheet nach eng Kéier gëtt.
Richteg, de Shawn Pittman ass och dobäi. Mee opgepaast, et handelt sech net em de “Lëtzebuerger Elvis” Dat ass de Steven Pitman, an am Verglach mat Shawn feelt him net nëmmen een “t” am Numm
. Ausserdeem gëtt et zu Réimech op der Esplanade ab 18.00 Auer nach ee “Warm-up” um Kiosk mat “Rémo Cavallini” an “”Heavy Petrol and the Greyhounds.
Hei de Programm vu “Blues op der Musel”
Posted in Musik | No Comments »
September 18th, 2012
Ech hat op dëser Plaz schonns eng Kéier gesot, datt ech nach ni esou vill Réckmeldungen zu engem Text kritt hunn, wéi zu dësem. Haut elo ass eng ganz schéin komm an ech kruet esouguer d’Erlabnis, se hei ze veröffentlechen
:
“Ech wollt Iech nämlech soen, dass Äert Buch mer ganz gutt gefall huet, d’Geschicht, déi verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwer ginn an sech fannen, d’Sprooch, déi zwar heiansdo cru a gewot ass, mee passend, d’Figuren, déi iwwerzeegend duergestallt sinn (heiansdo wier ech nach gär e bësse méi gewuer ginn iwwert si). Et ass wierklech e gudde Bäitrag zur Lëtzebuerger Literatur, déi amgaang ass sech ze emanzipéieren an effektiv lues a lues ewech kënnt vun der Baueren- an 2.Weltkrichs-Thematik. Natierlech hunn déi nei Generatiounen an deem Sënn och net méi sou vill ze verschaffen a kënnen sech Themen zouwennen, déi si méi concernéiert, wéi zum Beispill hei eis Gesellschaft, Bezéiungsproblemer an alles, wat dat mat sech brénge kann, wéi Alkoholismus, Selbstmord, finanzielle Ruin. Et huet mech gefreet, et gelies ze hunn, an ech wënschen Iech och weiderhin nach vill Erfolleg domat ( a mat spéidere Wierker).” JM-W
Dat hëlleft a gëtt Mutt fir weider ze maachen. Villmools merci!
Posted in Bicher | No Comments »
September 12th, 2012
Gëschter hunn d’Prouwen endgülteg ugefaangen fir de neie Programm vum “Kabaret Sténkdéier”. D’Texter sinn elo esouwäit fäerdeg a mir schousteren de Programm zesummen. Op der Bühn stinn dëst Joer d’Irène Zeimes, de Berti Bertemes, de Nico Dabé an den Tom Kraemer. D’Géraldine Posing mécht ee Joer Congé de maternité.
Weider Infoe gëtt et hei
An hei kënnt Dir Iech umellen oder hei…
Posted in Kabaret | No Comments »
August 23rd, 2012
“Op der Lay” meld déi zweet Oplo ass do, wouriwwer ech mech natierlech immens freeën.
Hei kritt Dir weider Informatiounen iwwer dat Buch, wat am Februar erauskoum an zanter diem vill Leit begeeschtert huet, dat polariséiert huet, dat sech als moderne literaresche Roman, wäitewech vu Bouneschlupp, Zweete-Weltkrich-Pathos a Bauerekiirmes an ouni Lëtzebuerger Stallgeroch laang an de nationalen Bestsellerlëschte gehalen huet.
Posted in Bicher | No Comments »
August 20th, 2012
D’Datumer fir de Programm 2012 “Eng hallef Millioun Expären” stinn elo all fest:
Am Nationale Literaturzenter/Maison Servais zu Miersch; free seating, ëmmer um 20.00 Auer:
den 11., 12., 13., 17., 18., 20., 23., 25., 26. a 27.Oktober, esou wéi de 6., 7., 8., 10., 14., 15., 16. a 17. November
Am Mierscher Kulturhaus; numeréiert Plazen:
den 21., 22., 23. a 24. November um 20.00 Auer an de 25. November um 17.00 Auer
Informatioune kritt Dir ënner www.stenkdeier.lu
a reservéiere kënnt Dir um Tel. 470895-1 oder ënner www.luxembourgticket.lu
Posted in Kabaret | No Comments »
August 7th, 2012
Wat fir e schéint Lëtzebuerger Wuert: “Longlist”! Et heescht, datt do eng Rei Bicher nominéiert sinn, déi fir de “Lëtzebuerger Buchpräis” a Fro kommen. Aus dier “Longlist” gëtt dann op eemol eng “Shortlist”, also méi eng kleng Lëscht. Dat heescht dann nees, datt eng Rei Bicher aussortéiert ginn. Schued! Zoustänneg dofir ass e Jury, dien aus Spezialisten besteet.
Besser kann ech et net erklären, mee et ass am Fong och net schwéier ze verstoen. An olympeschen Zäiten heescht dat méi wäit, méi héich, méi séier.
Rtl kann dat besser erklären, dofir iwwerloossen ech hinnen dat. Hei fand dir och déi “Laanglëscht”.
Posted in Bicher | No Comments »
August 3rd, 2012
Et gëtt allerhand Neies iwwer d’Buch:
De Verlag “Op der Lay” huet gemellt, datt déi nächst Woch déi zweet Oplo definitiv kënnt. Vun diem Moment u sinn also nees Bicher do. Eng ganz gutt Noriicht deemno!
Hei och schonns éischt Informatiounen iwwer d’Liesung de 16.10.2012 an der Cité Bibliothéik: 18.30 am Auditorium Henrie Beck um 5. Stack.
Posted in Bicher | 1 Comment »
August 1st, 2012
An de Bestsellerlëschte vum August ass “Muedebëtzeg” ëmmer nach op 13. Plaz, wéi am Mount virdrun, obwuel elo bal keng Bicher méi vun der 1. Oplo do sinn, an déi 2. Oplo nach net do ass. Gedold, Gedold…
Hei d’Lëscht vum August
Posted in Bicher | No Comments »