November 9th, 2012
Den Owend um 20.00 Auer ass déi 4. Statioun vum “Muedebëtzeg”-Tour zu Woltz am Prabbeli. De Jang Steffen ka leider net dobei sinn, wëll hie krank ass a gëtt duerch de Ron Giebels ersat. De Luc Hoffmann an de Mulles Scholtes sinn och nees dobäi.
Posted in Bicher | No Comments »
November 8th, 2012
Am neie “Courrier de l’Éducation nationale” gëtt de “Piratekapitän” als “coup de coeur” vum Ministère alle Lëtzebuerger Bibliothéike recommandéiert. D’Mme Jeanne Offermann vum SCRIPT - Leseförderung schreift ënner anerem:
“… Am Buch geet och vill Rieds vun de Kanner hire Gefiller. Dat geschitt net op eng opdränglech Manéier, villes mussen d’Lieser an d’Lieserinnen selwer erausfannen….
D’Grafikerin Mariepol Goetzinger huet dem Roland Meyer säi Buch … mat vill Geschéck illustréiert. Hier Illustratioune sinn apaart witzeg….
Sou kann ee roueg behaapten, datt dem Roland Meyer säi Buch mat sengen typografeschen Detailer a sengen Illustratiounen an “d’Serie” schéi Kannerbicher gehéiert….
“Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” ass eng Geschicht iwwert d’Frëndschaft, d’Verlaangeren an den Doud….”
Hei kënnt Dir, op der Säit 6, die ganzen Artikel liesen
Posted in Bicher | No Comments »
November 6th, 2012
De “Kabaret Sténkdéier” fiert haut an der “Maison Servais” weider mat dem Programm 2012 “Eng hallef Millioun Expären”. Nach zwou Woche si mir am Literaturzenter, dono plënnere mir an d’Kulturhaus. Hei am Keller ass alles ausverkaf, mee Dir kënnt nach Plazen am grousse Sall kréien.
Kabaret Sténkdéier
Reservatiounen am Kulturhaus
Posted in Kabaret | No Comments »
November 5th, 2012
E Freideg, den 9.11., maachen ech mat enger “Muedebëtzeg”-Liesung zu Woltz am Prabbeli Statioun. Wéi ëmmer ginn ech vun “Just Friends”, dem Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jang Steffen ënnerstëtzt. Lass geet et um 20.00 Auer.
Informatiounen kritt een hei
Posted in Bicher | No Comments »
October 24th, 2012
9.11.: “Muedebëtzeg” - Prabbeli - Wiltz - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen - 4. Statioun vun der MUEDEBËTZEG-TOUR
21.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Grondschoul Esch/Lalleng - 3. Zikel - 14.15 Auer
22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer
19.12.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Berbourg - 4. Zikel - 15.00 Auer
25.1.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Konsdorf - 4. Zikel - 18.00 Auer
18.3.: “Mango Panda”; 2 Tickete fir Uruguay - fir Jugendlecher - Lycée St. Anne Ettelbréck - 13.15 Auer
Posted in Bicher | No Comments »
October 23rd, 2012
“Eng Hallef Millioun Expären”, eise neie “Kabaret Sténkdéier”-Programm 2012, ass am Mierscher Literaturzenter komplett ausverkaf. Et leeft immens gutt, de Public ameséiert sech… Dir kritt iewer nach Billeten fir d’Mierscher Kulturhaus.
Hei kënnt Dir se bestellen
Hei ass dem Claude “Sibi” Sibenaler säi Film zum neie Programm
Posted in Kabaret | No Comments »
October 23rd, 2012
“Muedebëtzeg” ass fir de Lëtzebuerger Buchpräis nomminéiert. Op RTL huet d’Christiane Kremer d’Buch virgestallt:
“Schoulmeeschter, Kabarettist, Bluesmusiker, Kannerbuchauteur - de Roland Meyer ass keen Onbekannten an der Lëtzebuerger Bicherwelt! Dëst Joer huet hien awer eppes Neits gewot: säin éischte Roman fir Erwuessener, wat hien och eraussträiche wollt. Dobäi peekt hien direkt e schwéiert Thema un: de Verfall. Gedanken an Iwwerleeungen, déi de Roland Meyer sech och a sengem Privatliewe gemaach huet…”
Hei de Reportage Audio vum Christiane Kremer: Méindeg, de 22.10. um 19h30
Posted in Bicher | No Comments »
October 22nd, 2012
“Muedebëtzeg”-Liesung den Owend am Espace H2O an der rue Rattem zu Uewerkuer (ale Waassertuerm), wéi ëmmer zesumme mat “Just Friends”: Mulles Scholtes, Jang Steffen a Luc Hoffmann. Um 20.00 Auer geet et lass.
Hei de ganze Programm
Posted in Bicher | No Comments »
October 18th, 2012
E Méindeg, den 22.10. maachen ech zesumme mat “Just Friends”, dem Luc Hoffmann, dem Jang Steffen an dem Mulles Scholtes zu Uewerkuer am H2O Statioun. Et geet um 20.00 Auer lass.
Hei de Flyer mat allen Informatiounen.
Lëtzebuerger Buchpräis fir “Muedebëtzeg”: hei kënnt Dir ofstëmmen
Posted in Bicher | No Comments »
October 17th, 2012
“Ech war gëschter op der Liesung vum Roland Meyer sengem Buch Muedebëtzeg. Et war eng ganz schéi Liesung an ech war impressionneiert. Net nëmmen iwwert den Text mat schwierigen Sujeten an enger excellenter Sproch, mee och iwwert déi Manéier, ewéi de Roland Meyer e virgedroen huet. Ech kann Eech nëmme recommandéieren, fir fir dem Roland Meyer säi Buch fir de Lëtzebuerger Buchpräis ofzestëmmen, hei e Lien zu der entspreechender Säit: https://www.joinus.lu/public/forms/buchprais2012/”
Mathias Foehr
Posted in Bicher | No Comments »