November 25th, 2012
Dat war et nees fir dës Saison. De “Kabaret Sténkdéier” mécht d’Dieren zou. Iech all en décke MERCI, Dir waart och dëst Joer dien allerbeschte Publikum vun der Welt!
Den Dezember gëtt elo gerascht, a schonns am Januar geet et nees lass: da fänke mir un, die neie Programm ze schreiwen.
Posted in Kabaret | No Comments »
November 23rd, 2012
Fir datt Dir et wësst! No dier laanger Hierschtpaus, wéinst den “Expären” hieren Optrëtter zu Miersch, stungen d’Winklepickers schéi fei gewickst am Schungschaf. Den 23.2.2013 geet et iewer weider: den “Zréck op d’Strooss”-Gig am Ancien Cinéma fänkt um 21.00 Auer un. Ech wëll elo nach net méi soen, just esou vill: do kënnt Dir Iech op eppes gefaasst maachen…
Posted in Musik | No Comments »
November 21st, 2012
An Zesummenaarbecht mam DCK an dem Cube 521 - Cube op Rieder liesen ech mar zu Elwen um 16.00 Auer an der Bibliothéik Tony Bourg.
Ech liesen haaptsächlech aus: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” an d’Liesung steet ënnert dem Motto: “Vu Couscous, Goldfësch a Piratekapitänen”. Et ass fir Kanner aus dem 2., 3. a 4. Zikel.
Hei gëtt et Infoen iwwer d’Liesung
Hei gëtt et Infoen an hei kënnt Dir d’Buch och kafen
Posted in Bicher | No Comments »
November 19th, 2012
A schonns geet et an déi lescht Woch. Opgepasst, wéi all Joer gëtt et och dës Kéier keng Verlängerungen. Zéckt also net, fir nach séier ze reservéieren! Schonns elo ass et kloer, datt dëst Joer ee vun diene ganz gudde “Sténkdéier-Millésimmen” ass; mir hu vun Iech super-gutt Kritike kritt a sinn elo zouversiichtlech, wat d’Zukunft vun eisem Ensembel ugeet.
luxembourgticket.lu
Posted in Kabaret | No Comments »
November 16th, 2012
E Samschdeg, de 17.11. sinn ech mëttes um 15.00 Auer zu Walfer op de Bicherdeeg um Stand vu mengem Verlag “Op der Lay” fir meng Bicher ze signéieren. Vläicht gesi mir eis jo dann…
Op der Lay
Op der Lay - Webshop
Hei d’Presentatioun vum Buch
Posted in Bicher | No Comments »
November 16th, 2012
Ech hat et net fir méiglech gehalen a wollt eigentlech guer net op Walfer. Mee zum Gléck hunn déi richteg Leit mech iwwerried!
Villmools merci Iech all, déi fir d’Buch gestëmmt hunn a mech déi lescht Méint ënnerstëtzt hunn. Et war ee ganz schéine Moment gëschter Owend!
RTL
Wort
Tageblatt
L’essentiel
Posted in Bicher | No Comments »
November 14th, 2012
Mar den Owend kann ech net am Kabaret sinn, fir Gitar ze spillen, a fir als Kach an als Dokter opzetrieden, wëll ech op Walfer muss, fir de “Lëtzebuerger Buchpräis”. Dir wësst, “Muedebëtzeg” ass nominéiert, a wëll ech net weess, ob et gewënnt, muss ech op Walfer.
De Mulles Scholtes, Gitarrist bei de “Convertibles” a bei “Just Friends”, dier Band, mat dier ech de “Muedebëtzeg-Tour” gemaach hunn, ersetzt mech mar op der Gitar. Dann ass fir de gudden Toun alt schonns emol gesuergt. De Remy Kraus iwwerhëllt da meng zwou kleng Rollen an da ka mar och näischt méi schif goen.
Posted in Bicher, Kabaret | No Comments »
November 13th, 2012
21.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Grondschoul Esch/Lalleng - 3. Zikel - 14.15 Auer
22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer
27.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Waasserbëlleg - 3. & 4. Zikel - 9.00 Auer
19.12.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Berbourg - 4. Zikel - 15.00 Auer
25.1.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Konsdorf - 4. Zikel - 18.00 Auer
8.2.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Centre National de Littérature-Maison Servais zu Miersch / Kibum - 9.00 Auer
18.3.: “Mango Panda”; 2 Tickete fir Uruguay - fir Jugendlecher - Lycée St. Anne Ettelbréck - 13.15 Auer
Posted in Bicher | No Comments »
November 11th, 2012
Den 12. November 2012, um 17.30 ass zu Walfer op der Uni.lu am Theatersall d’Informatiounsversammlung fir d’Theaterkëschte fir d’Grondschoulen.
Heimadder invitéiere mir Iech op dës Versammlung. Mir stellen Iech d’Kofferen do vir, informéieren Iech, wéi een domat schaffe kann a stellen dann och de Plang op, wéi de Koffer duerch d’Land, vu Schoul zu Schoul reest. Dir kritt schonns no dëser Versammlung all d’Dokumenter an d’Texter, déi Dir braucht, fir um Theaterstéck ze schaffen, a kënnt esou direkt mat Ärer Aarbecht ufänken. Wann Dir dat wënscht, kënne mir Iech gären och bei Ärer Theaterproduktioun begleeden.
Hei d’Lëscht vun de Kofferen: “Dien éiwege Stäit zwëschen diene vu Rappdeckel an diene vu Fatzbeidel”, “Mam Kapp duerch d’Mauer”, “Dem Kinnék säi Bësch” an “I balloni luminosi”.
www.theaterschoul.lu
Posted in Theater | No Comments »