Eng gutt Show!

June 5th, 2014

Et ware ganz vill Leit gëschter op der Presentatioun vu “Roughmix”, domat hat kee wierklech gerechent. De Mix aus Liesen a Musik huet geklappt, war vläicht e besse laang, mee fir déi “éischte Kéier” hëllt een sech ëmmer zevill vir. D’Kritike ware super, mee mir brauche jo och net vill ;-) . Mir schaffe weider um Mix fir den Hierscht, wa mer mat der Show op Tournée ginn.

E ganz décke MERCI dem Lieshaus, dem Kulturhaus, dem Verlag Op der Lay an domat mengen ech all déi Leit, déi sech gëschter beméit hunn.

D’Fläschepost ass elo also ënnerwee, wien se alles opmécht a wat draus gëtt, wees ech net.

Hei d’Kritik aus dem Feierkrop

An hei e ganze Koup weider Infoen iwwer d’Buch

Tonight showtime: Presentatioun vu “Roughmix” zu Miersch

June 4th, 2014

An Zesummenaarbecht mat Op der Lay an dem Mierscher Lieshaus ass den Owend um 20.00 Auer zu Miersch am Foyer vum Kulturhaus déi offiziell Presentatioun vu “Roughmix”.

D’Lëtzebuerger Sportswelt huet sech géint mech zesummegedoen an esou hunn ech den Owend als Konkurenz de Lännermätsch géint Italien an de Prolog vum Tour de Luxembourg. ;-)
Mee mir wëssen ze kämpfen: ënnerstëtzt ginn ech vun “Just Friends”, dem Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jang Steffen. Den Entrée ass fräi a Reservatioune gëtt et keng; well déi wierklech gutt Saachen am Liewe kann een net am Viraus reservéieren.

Bis den Owend, ech freeë mech an ziddere mech duerch den Dag!

Haut, 17.20 Auer um 100,7: Kulturevent

June 2nd, 2014

De Gilles Wünsch vum Radio 100,7 presentéiert haut um 17.20 Auer a mar um 8.35 Auer mäin neit Buch “Roughmix” a virun allem d’Liesung e Mëttwoch um 20.00 Auer am Mierscher Kulturhaus an Zesemmenaarbecht mat Op der Lay an dem Mierscher Lieshaus.

Hei kënnt Dir lauschteren

an hei weider Informatiounen iwwer d’Buch

“Héichwaasser”, de ganzen 2013er Programm vum Kabaret Sténkdéier ass elo online

May 23rd, 2014

De Claude “Sibi” Sibenaler an de Claude Weber hunn elo de ganze Programm vum leschte Joer op Youtube gesat an Dir kënnt en nach eng Kéier kucken. Hinnen zwee en décke Merci an Iech vill Spaass…

Hei geet et lass!

Offiziell Presentatioun vu “Rouhgmix” de 4. Juni zu Miersch am Kulturhaus

May 8th, 2014

An Zesummenaarbecht mat dem Mierscher Lieshaus an dem Verlag Op der Lay stellen ech

e Mëttwoch, de 4. Juni 2014 um 20.00 Auer

zu Miersch am Foyer vum Kulturhaus

mäin neit Buch vir.

Musikalesch ënnerstëtzt ginn ech vun “Just Friends”, dat sinn: de Mulles Scholtes op der Gitar, de Luc Hoffmann um Gesang an op der Gitar an de Jang Steffen um Bass an op der Percussioun.

Den Entrée ass fräi!

An hei gëtt et Infoen iwwer d’Buch

Fir “Drôle de guerre” vum “Kabaret Sténkdéier” ass de Verkaf zu Maarnech am Cube 521 op

May 4th, 2014

Elo heescht et sech also bäimaachen: et gëtt schonns Kaarten zu Maarnech am Cube 521!

Hei kënnt Dir reservéieren

Roughmix-Infoen…

April 30th, 2014

“Lëtzebuerg ass net de Mëttelpunkt vum Universum. Wann s de hei liefs, mengs de, et géif just Lëtzebuerg, et géif just déi Lëtzebuerger Façon de vivre, de luxembourgisch lifestyle, et misst esou sinn, mengs, d’Liewe wir esou, mee wann s de bis op aner Plazen an der Welt kënns, gesäis de ganz séier, op wat fir enger Insel datt s du liefs. Wann s de hei liefs, da liefs de d’Exceptioun, da bass de an enger priveligéierter Situatioun. D’Liewen u sech ass net dat, wat mir zu Lëtzebuerg zanter eiser Kandheet als d’Liewe kenne geléiert hunn, Sécherheet, Gesondheet, Wuelstand, dat ass d’Ausnaam. De Bléck vu bausse schäerft d’Bild, dat s de der méchs.”

Esou fänkt Roughmix un. Mäin neit Buch spillt an der Provence, zu Venedeg, an Apulien, am Maroc, an Thailand an op Bali an et geet trotzdeem just em Lëtzebuerg! Ëmmer nees wonnere mir eis, firwat Lëtzebuerg am Ausland esou ee schlechten Image huet, maachen elo esouguer nation branding fir diem schlechte Ruff lasszeginn. Mee näischt kënnt vu näischt.

An engem Land, an diem joerelaang alles wat gestéiert huet, ënnert den Teppëch gekiert gouf, muss een net iwwerrascht sinn, wann dien Dreck op eemol op anere Plazen opdaucht, sech nei Weeër a Kanäl sicht.

De Pierre, dien et bis zum Minister bruecht huet, an den Antoine, en onopfällege Landschoulmeeschter, hunn an de fréien 80er zesummen an enger Rockgrupp gespillt a sech dono aus den Ae verluer. Elo begéinen si sech erëm a staunen net schlecht, wat aus hieren Ziler, Dreem, Wënsch, Frëndinnen a Frënn, also aus hierem Liewe ginn ass. Esou haten si sech dat net virgestallt.

Op 312 Säiten probéieren ech d’Bild vun enger Generatioun a vun engem Land “zesummenzemixen”. Et ass ee “raue, graffe” Mix ginn, dien näischt verheemlecht an näischt ënnert den Teppëch kiert. “Wa Muedebëtzeg de Blues war, dann ass Roughmix de pure Punk!”

“Roughmix” ass do!

April 27th, 2014

Vu mar u (28.4.) kritt dir dat neit Buch iwwerall! Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk: “an dat an engem Land wou villes ënner den Teppëch gekiert gëtt, wou iwwer e ganze Koup Theme guer net geschwat gëtt, wou de Bléck vu baussen d’Siicht schäerfe muss… Wat hu mir ze verstoppen?”
Hei déi éischt Infoen vun Op der Lay

“Muedebëtzeg”- elo an der 3. Oplo

April 22nd, 2014

Ganz vill freeën ech mech, datt elo schonns déi drëtt Oplo bei “Op der Lay” erauskomm ass. Dat beweist, datt dësen Thema d’Leit wierklech interesséiert an och beweegt.

Informatiounen gëtt et hei.

Hei kënnt Dir d’Buch bestellen.

Kabaret Sténkdéier: zwou schlecht Nouvellen!

March 25th, 2014

Dann haut emol déi schlecht Noriichten:


1. Eisen Tom Kraemer huet aus gesondheetleche Grënn decidéiert, de Kabaret Sténkdéier ze verloossen. Déi nächst Saison ass hien also leider net méi mat dobäi, weder beim Schreiwen, nach op der Bühn. Den Alain “Scheedchen” Adams an ech schreiwen de Programm 2014 a mir spillen en zu véier op der Bühn: d’Géraldine Posing, d’Conny Braquet, de Raymond Bertemes an den Nico Dabé.


2. Mir kënnen net méi am Keller vum CNL/Maison Servais optrieden, wëll si déi Plaz selwer brauchen. De Keller ass also definitiv “passé”. Mir sinn nach am Kucken, wéi a wou genee mir den Hierscht spille wäerten, mee do kënnt an nächster Zäit méi no.

www.stenkdéier.lu