Archive for the 'Theater' Category

“Neit Féiwer”, d’Revue 2014 vum Lëtzebuerger Theater

Friday, March 14th, 2014

Zanter 2006 ass et fir mech scho bal eng Traditioun ginn: ech schreiwen een oder zwee Texter fir d’Revue. An och dëst Joer ass nees dien een oder aneren Text vu mir an der Revue 2014 ze gesinn. Den Titel fannen ech dëst Joer nawell extragutt geroden. Première ass den 8.4.2014.
Hei gitt Dir méi gewuer.

“Eng Nuecht am Supermarché” - dat neit “Stéck vum Joer” vun der Theaterschoul

Monday, January 13th, 2014

“Eng Nuecht am Supermarché” heescht dat neit “Stéck vum Joer” dat mir den Owend zu Walfer virstellen. De Sënn an den Zweck vum “Stéck vum Joer” ass, datt d’Schoulen zesummeschaffen, en Netzwierk bilden, déi eng dier anerer hëlleft, an datt esou ee komplett neit Stéck fir déi éischte Kéier de Wee op d’Bühn fënd.

Em wat geet et:

An engem Supermarché soll de Rayon vum Uebst a Geméis verklengeert ginn, an de Rayon vun de Séissegkeeten an den déifgefruerene Produkter vergréissert. Déi verkafen sech einfach besser. Doriwwer freeën sech d’Kornischong, den Apel, d’Bir an d’Orange natierlech guer net, a si kënnechen de Séissegkeeten de Krich un.

An diem ganze Duercheree fannen sech iewer elo dat séisst klengt Äerdbir an die léiwe faarwege Gummibäerchen. “Du bass esou séiss, ech kënnt an dech bäissen!” - Sollen si zwee d’Gemidder berouegt kréien, a wéi eng Roll spillt die sténkege Kéis an dier ganzer Affair? E Stéck iwwer d’gesond Iessen, mee net nëmmen doriwwer!

theaterschoul.lu

“Hey Joe!” - d’Stéck vum Joer vun der Theaterschoul gëtt elo vum Holzwuerm gespillt

Friday, May 3rd, 2013

Wat maachen, wann een op eemol ganz alleng do steet, wa keen aneren sech méi mat engem ophällt, wann ee spiert, datt déi aner iwwert ee schwätzen, schlecht iwwer ee schwätzen, een ausgrenzen, wann ee mierkt, datt déi aner engem Schlechtes wëllen?

“Mobbing” ass die moderne Begrëff fir dës Situatioun, déi et schonn esou laang gëtt, wéi d’Mënschen zesumme liewen. - An dorëmms geet et am neien Holzwuerm-Stéck, dat och d’”Stéck vum Joer” vun der Theaterschoul ass.

Zwëschen dem 13. a 17. Mee gëtt et zu Maarnech am Cube 521 gespillt.

Informatioune gëtt et hei:

www.holzwuerm.lu

www.cube521.lu

“Zickelalarm” zu Bour an zu Ettelbréck

Friday, April 12th, 2013

An Avant-Première: zwee Terminer fir dee literaresche Kabaret “Zickelalarm”:

Den 15. Mee um 20.00 Auer zu Bour an der “Brennerei”.

Den 23. Mee um 20.00 Auer zu Ettelbréck an der Bibliothéik.

Dono geet de Programm op Tournée; hei kënnt Dir Iech mellen.

Hei drënner gëtt et Informatiounen.

“Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung

Friday, March 22nd, 2013

Edukatioun ass e ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass wann een trotzdeem laacht! Wat eis nach bleift ass dacks just de Gaalgenhumouer.

Bildungsreform: Kompetenzsokelen, PEP, Zickelen, PRS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun a Ballermannpedagogik; eis Leit an de Ministèren hu sech wierklech eppes afale gelooss an elo geet alles besser!

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust huelen ech kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.

Première ass deemnächst an der “Brennerei” zu Bour.

Hei kënnt Dir de Spektakel buchen.

“Revue 2013: Gegeeschters” ab 28. Mäerz am “Neien Theater”

Monday, March 4th, 2013

Maacht iech e puer flott Momenter a gitt d’Revue vum Lëtzebuerger Theater kucken.

Och dëst Joer hunn ech nees e puer Dommheete bäigesteiert :-) .

Hei gëtt et méi Informatiounen, d’Terminer an de Flyer:

Lëtzebuerger Theater

Informatiounsversammlung fir d’Theaterkëschten vun der Theaterschoul

Sunday, November 11th, 2012

Den 12. November 2012, um 17.30 ass zu Walfer op der Uni.lu am Theatersall d’Informatiounsversammlung fir d’Theaterkëschte fir d’Grondschoulen.

Heimadder invitéiere mir Iech op dës Versammlung. Mir stellen Iech d’Kofferen do vir, informéieren Iech, wéi een domat schaffe kann a stellen dann och de Plang op, wéi de Koffer duerch d’Land, vu Schoul zu Schoul reest. Dir kritt schonns no dëser Versammlung all d’Dokumenter an d’Texter, déi Dir braucht, fir um Theaterstéck ze schaffen, a kënnt esou direkt mat Ärer Aarbecht ufänken. Wann Dir dat wënscht, kënne mir Iech gären och bei Ärer Theaterproduktioun begleeden.

Hei d’Lëscht vun de Kofferen: “Dien éiwege Stäit zwëschen diene vu Rappdeckel an diene vu Fatzbeidel”, “Mam Kapp duerch d’Mauer”, “Dem Kinnék säi Bësch” an “I balloni luminosi”.

www.theaterschoul.lu

Theaterschoul um 100,7

Monday, June 11th, 2012

“Schoul am Liewen” heescht d’Emissioun vum Jean-Pol Roden um 100,7. An an dier Emissioun hu mir d’Theaterschoul virgestallt. D’Theaterschoul ass eng Initiativ vum Lëtzebuerger Educatiounsminietère fir den Theater an der Grondschoulen ze förderen.

Hei kënnt Dir d’Emissioun lauschteren

“I balloni luminosi” vum Holzwuerm

Monday, May 14th, 2012

Haut ass et lassgaangen, an emol guer net esou schlecht. Mat dienen zwou Première vun haut si mir ganz zefridden.

Ugemellt sinn d’Schoulen vu Waarken, Kehlen, Géisdrëf, Buurschent, Elwen, Housen, Befort, Burg Reuland, Crauthem, Schieren, Ettelbréck, Klierf, Biissen, Wäiswampech, Wëlwerwoltz an Dikkrech.

Hei geet et bei den Holzwuerm

“Holzwuerm-Anthologie” - iwwer drësseg Theaterstécker an engem Buch

Thursday, April 26th, 2012

An engem gudde Joer feiert den Holzwuerm seng 20 Joer! Dat éischt Stéck, “De Spillmann” hu mir 1994 mat de Kanner aus der Holzthummer Schoul am Parsall zu Houschent gespillt…
Zesumme mat “Islek ohne Grenzen” ass eng Anthologie, déi all d’Theaterstécker vun diene Joer zesummefaasst, geplangt. Genee, dat gesäit no enger Heedenaarbecht aus, mee dat ass mir egal: do muss ech elo duerch, an ech sinn iwwerzeegt, datt esou ee Buch eng flott Beräicherung fir de kannertheater a Lëtzebuerg wäert ginn.

Hei geet et bei den Holzwuerm

Isléck ohne Grenzen