Archive for the 'Kabaret' Category

Wéi d’Meenungen äusernee ginn… Kouhändel

Monday, November 16th, 2015

Haut spille mir net, mir plënneren a prouwen den Owend op der Bühn am Kulturhaus zu Miersch. Dat gëtt mir d’Méiglechkeet, eng Kéier iwwer déi lescht Woch nozedenken.

Déi véier Virstellungen hunn all gutt fonktionéiert, ausser e puer Kléngegkeeten, ass näischt schifgaangen. Op Facebook kruet ech dëse Kommentar: “Mir waren bei der Première derbäi. Respekt fir d’Akteuren, et sinn ganz schwéier Textpassagen. Mir hunn Texter ganz gudd fond. Weider esou. Déi politsch, gesellschaftlech an sozial Aktualitéit am Ländchen ass ganz gudd rauskomm, typesch wéi mir Lëtzebuerger esou sinn……Rol, mach weider (esou mat) denger Equip” Grad esou ass et, dozou brauch ech näischt weider ze soen.

Wann een dann no den Optrëtter mat de Leit schwätzt, da gesäit een, datt d’Meenungen immens wäit äusernee ginn, an dat esouguer zu dienen eenzelnen Themen. Wat déi eng wierklech gutt fannen, gefällt dienen anere net. Beispill: Mir schwätzen de Referendum un: “Super Analis”, soen déi eng, “mega out”, déi aner. Oder den Thema Homosexualitéit: “Dat kënnt dir net maachen, dat ass esou eppes vun deplazéiert” soen déi eng an déi aner mengen “eréischt wann een och doriwwer Witzer maache kann a laachen, dann ass et zu engem Stéck Normalitéit ginn.”

An dobei wëlle mir beileiwe kengem Mënsch eis Meenung opzwéngen; eis Texter sinn an der Regel esou, datt se eppes thematiséieren, iewer keng Léisungen bidden. Dat muss de Public selwer maachen, soss huet et kee Wäert.

Kommt bild iech är Meenung; zu Miersch am Kulturhaus an zu Biergem am Nëssert.

Et war déi richteg Decisioun

Sunday, November 15th, 2015

Wa mir net spillen, dann hu se gewonn.

Wa mir och nëmmen een eenzegen Text net spillen oder en änneren, dann hu se gewonn.

A wann de Public net laacht a sech net ameséiert, och dann hu se gewonn.

Mir hu gespillt an et war richteg esou. Gëschter an haut ass de Programm mat enger Gedenkminutt fir d’Victime vu Paräis ugaangen an och dat huet sech richteg ugefillt.

Domat si mir elo zu Maarnech scho fäerdeg a plënnere mar an d’Kulturhaus op Miersch.

Grad elo!

Saturday, November 14th, 2015

Dien éischte Gedanken, dien een op esou engem Moien huet, ass d’Bengele bei Tromm ze geheien. Wann een die ganze Misère zu Paräis gesäit, kann een dach net weider Kabaret spillen, wéi wann näischt geschitt wir, d’Leit zum Laache brénge, sech zesummen ameséieren…

Mee wa mir elo net méi spillen, wa mir elo kleng bäi ginn, dann hu se scho gewonn. Wa mir och nëmmen een Text ewegloossen oder änneren, dann hu se scho gewonn. Die klengste Schratt no hannen ass en Erfolleg fir déi, déi et op eis Aart a Weis fir ze liewen ofgesinn hunn.

Dofir, grad elo, ass de Kabaret wichteg!

Gëschter Première; an den Owend geet et weider

Friday, November 13th, 2015

Mir hate schonn e bësse gemëscht Gefiller, gëschter owend, no dienen éischte Stécker.

Bei dienen hu mir fir d’éischt an der Geschicht vum Kabaret Sténkdéier op de “Black” zwëschen de Stécker verzicht. Wéi an engem Theaterstéck ass et weidergaangen. An da mierkt een op eemol, wéi een sech un den Applaus gewinnt hat, a wéi een en am Fong och brauch.

Mee ech wollt et jo esou, an elo sinn ech och der Meenung, datt et déi richteg Decisioun war. Dien eenzelnen Text an och dien/déi eenzel/nen Acteur/Actrice steet net méi grad esou am Vierdergrond, mee et ass d’Iddi hanner dem Text an d’Equipe. An dat ass och gutt esou.

Elo spille mir nach dräi Owenter zu Maarnech, an da geet et weider op Miersch a Biergem. Mir freeën eis drop!

12.11.: Première zu Maarnech am Cube 521 - Kouhändel, de Programm 2015 vum Kabaret Sténkdéier

Thursday, November 12th, 2015

Den Owend um 20.00 Auer geet et also lass!

An do ass et och nees, dat komescht Gefill: vum Januar un hues de um Programm gebastelt, en décke Mount hues de intensiv drunner geprouft… an elo, e puer Stonne virum Showdown kanns de guer näischt soen. All Text, all Lidd, all Positioun an all Iwwergang sinn der esou a Fleesch a Blutt iwwergaangen, dass de net méi fäheg bass, ze beurdeelen, wéi de Public dat alles fanne kéint.

Dobei ass de Programm mat Sécherheet een aneren wéi déi lescht Joer. Villes huet sech hei bei eis am Ländchen an Europa geännert, do kënne mir eis net net veränneren. Wien hätt virun engem Joer geduecht, datt esou vill Leit aus Kriseregiounen bei eis kommen, fir sech a Sécherheet ze bréngen… guer net dorop anzegoen a weider just op “déi do uewen” ze klappen, wéi et esou einfach am politische Kabaret ka sinn, ass dier komplexer Situatioun kaum ugepasst. Fir eis ass dat kloer; an den Owend gi mir gewuer, ob dat och esou kloer fir de Public ass.

De Cube zu Maarnech ass fir déi 4 Virstellungen komplett ausverkaf, e séchert Zeechen, datt mir nieft Miersch och am Éisleck e feste Stamm vu Frënn hunn. Dat ass super!

Hei gëtt et nach Plazen fir d’Kulturhaus zu Miersch.

An hei kënnt Dir fir den Nëssert zu Biergem / Monnerech reservéieren. 

A jo: Gëschter war ech mam Irène op den RTL fir nach e bësse Reklam ze maachen. D’Irène huet een Deel vun engem Lidd gesongen, dat mir iech am neie Programm presentéieren, an hatt huet dat esou gutt gemaach, datt ech et hei onbedingt virstelle wëll:

Klickt hei fir eise kuerzen Optrëtt bei Greis a Valerius ze lauschteren.

An elo: bonne merde!

Zikelalarm-Paus bis den Dezember, dofir iewer elo Kabaret Sténkdéier

Monday, October 12th, 2015

Déi nächst Terminer fir den Zikalalrm sinn:

11.12.: Centre Culturel Consthum - Parc Housen

15.1.: Prabbeli - Woltz

19.1.: Mierscher Kulturhaus - Miersch

Wann dir och un enger kabarettistescher Liesung interesséiert sidd, kënnt dir iech gär bei mir mellen.

Hei nach d’Roadmap fir d’Kouhändel:

Opféierungen am Cube:

12., 13., 14., 15. November

Opféierungen am klenge Setting zu Miersch:

17., 18., 19., 20., 21., 22. November

Opféierungen am grousse Setting zu Miersch:

24., 25., 26., 27., 28. November

Opféierungen am Nëssert:

3., 4., 5. Dezember

www.stenkdeier.lu

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Ettelbreck an der Bibliothéik um 19.30 Auer

Thursday, October 1st, 2015

“Et gëtt Situatiounen am Liewen, déi maachen ee gewéinleche Mënsch, ouni datt dien dofir kann, an ouni datt en dat gewollt hätt, zu engem regelrechte Béischt, zu engem Räubdéier, zu enger bluttrünsteger, kalbliddercher Kreatur, déi net zéckt fir iwwer Läichen ze goen.”

Ettelbrécker Bibliothéik 9,place de la Libération, L-9060 Ettelbruck, Tél.: 26 81 15 32

Hei gëtt et Informatiounen…

Zikelalarm-II-Tour: en Donneschdeg, den 1.10. um 19.30 Auer zu Ettelbreck an der Bibliothéik

Monday, September 28th, 2015

Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer:

Bildungsreform, Kompetenzsockelen, PEP, Zikelen, PRS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik…

Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht!

“No dem Zikelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a … Schoulmeeschter elo no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi, wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.”

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.

Zikelalarm I ass elo och als Buch bei “Op der Lay” erauskomm a kascht 9,90 €.

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Bur (born) an der Auberge “an der Brennerei” um 19.30 Auer

Saturday, September 26th, 2015

Reservatiounen: Tel.: 730037 0der 730385 oder vevelux@pt.lu

35, Duerfstrooss

Mat engem Zalotebuffet ronderëm eng gutt Rieslingspaschtéit

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Réiden am Zärenhaus um 19.30 Auer

Thursday, September 24th, 2015

Zärenhaus

1, rue de Niederpallen

8506 Redang

+352 266 209 87

genderha@pt.lu

D’Genderhaus invitéiert Iech op eng kabarettistesch Liesung: Zikelalarm II mam Roland Meyer.

No dem Zikelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a Schoulmeeschter elo no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst schwaarz Lächer an de Klassesäll, de Maisons relaisen an de Ministären: ee ganzt Land weess net méi, wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken.

Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen. “Zikelalarm” ass eng kabarettistesch Liesung zum Thema Edukatioun am Allgemengen, mat Schwéierpunkt op de Reformen an de Grondschoulen. Den Entrée ass fräi Umeldung am Genderhaus.