Den neien Trailer ass do
Wednesday, October 26th, 2011En décke MERCI dem Claude Sibi Sibenaler fir dien neien Trailer vum Kabaret Sténkdéier fir de “Schwaarze Péiter”-Programm 2011. Hei op Youtube kënnt Dir e kucken. Vill Spaass!
En décke MERCI dem Claude Sibi Sibenaler fir dien neien Trailer vum Kabaret Sténkdéier fir de “Schwaarze Péiter”-Programm 2011. Hei op Youtube kënnt Dir e kucken. Vill Spaass!
Et ass fir eis all Joer nees eng Freed am wonnerbaren, verwëllefte Keller vun der Maison Servais zu Miersch ze spillen. Zanter mir 1997 nees ugefaangen hunn, regelméisseg Kabaretsprogrammer ze produzéieren kënne mir déi am Keller vun dësem an den 80er Joeren vum 18. Joerhonnert gebauten Haus opféieren. Dëst Joer spille mir insgesamt 18mol am Nationale Literaturzenter, esou datt ronn 1800 Leit dohinner kucke kommen. Villmools merci de Leit aus dem Haus, a virop der Mme Germaine Goetzinger!
Flott ass et och, der Magret Steckel hiert schéint Buch “Servais” iwwer den Op an Of vun der Famill ze liesen, an esou an diem Haus méi kënneg ze ginn.
Hei kënnt Dir d’Buch bestellen.
No dier ganz flotter Virstellung vum leschte Samschdeg, freeë mir eis elo natierlich immens op d’Opféierungen vun dëser Woch! Mir spillen e Mëttwoch, en Donneschdeg, e Freideg an e Samschdeg all Kéier um 20.00 Auer zu Miersch am Keller vun der Maison Servais.
Dono ass eng Woch Paus. No véier Woche Prouwen an dräi Woche spillen kënnt eis déi Paus elo ganz zu paass!
Reservatioune sinn nach ëmmer ënner http://www.luxembourgticket.lu méiglech.
“Modern Welt” war dat éischt an ass am Hierscht 2001 erauskomm. Mir hunn do all d’Texter zanter 1988 - esou laang gëtt et de Kabaret Sténkdéier schonns (!!!)- zesummegefaasst, bis 2000. An diem Buch sinn nach net esou vill Texter, déi mir, de Remy an ech, zesumme mam Tom geschriwwen hunn, wëll hien eréischt 1999 bei de Grupp gestouss ass. An dësem Buch fand Dir ënnert anerem eis Klassiker “Cours de recyclage”, d’”Fouerlidd” an dat phänomenaalt “Um Camping”, dat de Berti dono ni méi wollt spillen:-).
“Gutt ze wëssen” ass 2006 erauskomm. Hei gëtt et eng Auswiel mat Texter vun 2001 bis 2006. Als Klassiker vum Kabaret Sténkdéier fand Dir hei “Äschermëttwoch”, “Ein Schiff wird kommen”, an de “Requiem fir de Lëtzebuerger Béier”. Eist “Béierlidd” spille mir am aktuelle Programm zesumme mam “Fouerlidd” als Zugab.
An elo, 2011, ass et dann u “Méi ass et net”. Mir hunn an dësem Buch déi Texter zesummegestallt, déi eis an diene leschte 5 Joer, also vun 2006 bis 2010 am beschte gefall hunn, an déi och bei de Leit am beschten ukoumen. Och heirënner gëtt et schonns Klassiker: “Metz-Lëtzebuerg”, d’”Clientskaart”, d’”Navettelidd”, de “Stacklëtzebuerger”, an, an, an, …
Also eng gutt Geleeënheet fir all déi Erënnerungen nees obliewen ze loossen… - Hunn ech dat dann elo net schéi gesot!
Dat ass eng Fro, déi mir immens dacks gestallt kréien. Wéi sot schonns de Maurice Maeterlinck esou schéin: “Iddien ze hunn ass himmlesch, se auszeschaffen ass d’Hell.” Et geet also virun allem em Drubleiwen, Disziplin an Aarbecht. Iergendwann sinn d’Iddien do, mee bis déi als fäerdegt Stéck op der Bühn sinn, vergeet vill Zäit an déi gëtt vu vill Kappzerbrieches begleet. Op Dräikinneksdag am Januar fänke mir u mat schaffen fir die neie Programm. Inhalter sammelen, klasséieren, verwerfen. Dann déi éischt Texter. Weider schreiwen bis den August. Liesprouf, Programm, Organisatioun. Da vu Mëtt September un all owes d’Prouwen op der Bühn. Flott, kreativ a spannend ass anescht. Dat hei ass éischter … bäihalen.
Mee mir wollten et jo net anescht!
Déi lescht Deg sinn ech dacks gefrot ginn, wat dann eigentlech d’Theme vum Sténkdéier-Programm-2011 sinn. Et sinn d’Themen vun 2011: de Velo, de Becca, d’Sécherheet, déi a Krisenzäiten ëmmer eng wichteg Roll spillt, zemools bei eis am Ländchen (cf. “de séchere Wee”), d’Educatioun, wëll et am Moment esou ausgesäit, wéi wéi all déi, déi mat eise Kanner schaffen, de schwaarze Péiter zougeschoustert kréichen, an … mee da kommt Dir léiwer selwer kucken!
De Programm steet, mir an de Public sinn zefridden, et rullt. De Keller am Literaturhaus ass esouwäit ausverkaf, mee am Kulturhaus bleiwe nach Plazen. Mir miirken och elo esou lues, wat fir eng Stécker am beschten ukommen, a wéi all Joer hate mir net onbedingt mat diene gerechent…
Dës Woch spille mir dënschdes, mëttwochs, donneschdes a samschdes. E Freideg ass fräi.
D’Première gëschter Owend hu mir gutt iwwerstaan! E puer Onsécherheeten, mee alles huet tipptopp geklappt. Elo gëtt nach e bëssen um Programm gefeilt, dann ass et perfekt. Ech sinn déck zefridden.
Allerdings ass gëschter och nees vu ville Leit d’Fro gestallt ginn: “Et war näischt an der Zeitung!?” En ettlech Leit haten de Rendez-vous bal verpasst, wëll se näischt gewuer gi sinn. E Mini-Artikel am Wort, e puer Minutten um 100,7; an dat war et… Maache mir do eppes falsch oder huet dat aner Grënn?
Gespaant si mir nees all! No engem halwe Joer Schreiwen a wochelaangem Prouwen kann ech am Moment guer näischt soen. Ech hunn hunn zwar e gutt Gefill, mee wéi et de Leit gefällt weess ech net. De Fanger ass nach ëmmer net ganz an der Rei, dofir ass d’Musik dës Kéier anescht wéi déi lescht Joeren. Ob dat elo manner gutt ukënnt musse mir nach ofwaarden. Ech si frou, datt et elo lass geet an de Stress vun diene leschten Deg a Wochen noléist.
Frou sinn ech och, datt d’Buch fäerdeg ginn ass. Fir just 12 € kënnt dir “Méi ass et net” an der Oweskeess zu Miersch kafen, a gläich och hei um Site.
Nach eng Woch bis d’Première! De Programm steet, wann d’Politik eis net nach weider op Trapp hält, déi nei Anthologie mat Texter (Méi ass et net; 2006 bis 2010) aus eise rezente Programmer ass do, de Keller am Literaturhaus fëllt sech. Elo komme nach d’Generalprouwen, da kann et lass goen. A jo, dem Fanger geet et besser, mee en ass nach net geheelt… ech hoffe weider!