Archive for the 'Kabaret' Category

Déi beschte Première, déi de “Kabaret Sténkdéier” bis elo hat

Friday, October 12th, 2012

Première sinn dacks zéi wéi Schungsuelen. D’Acteuere sinn onsécher, d’Leit ginn et och, an esou entsteet eng Spiral, an herno ass jidderee frou, wann et eriwwer ass.

Gëschter op der Première vun “Eng hallef Millioun Expären” war et iewer ganz anescht. Vun Ufank un ass de Fonken zwëschen den Acteuren an dem Publikum iwwergesprongen, d’Stëmmung war gutt, d’Leit hu sech ameséiert, nogelauschtert, matgeduecht… d’Onsécherheeten hu sech a Grenze gehal; verschidde Stécker waren esouguer schonns bal perfekt.

An all diene Joeren hunn ech nach keng esou flott Première erlieft. Ee grousse Merci un de Publikum, dien eis gedroen an ënnerstëtzt huet!

Tonight showtime! Première vun “500000 Expären”

Thursday, October 11th, 2012

De 6. Januar hu mir ugefaangen de Programm ze schreiwen. De 9. September sinn d’Prouwen ugaangen. An haut endlech geet et lass. Mir all freeën eis fir gewuer ze ginn, ob et Iech och dëst Joer nees gefällt.

Hei déi éischt Fotoe vum neie Programm

D’”Expären” sinn elo och um 100,7

Wednesday, October 10th, 2012

Haut um 17.20 Auer a mar um 8.35 Auer kënnt Dir en Interview vum Gilles Wünsch mat mir héieren, wou mir e bëssen iwwer d’Politik, d’Regierung, d’Gesellschaft, d’Krise, d’Roll vum Kabaret a virun allem iwwer d’”Expäre” schwätzen.

Den 100,7 fir live ze lauschteren

www.stenkdeier.lu

“Eng hallef Millioun Expären” mar op RTL

Tuesday, October 9th, 2012

Mar de Moien géint 8.30 Auer gëtt den neie Programm vum “Kabaret Sténkdéier” op RTL vum Michelle Reiter virgestallt. Gëschter war si bei eis an der zweetleschter Prouf a mar kënnt Dir déi éischt Andréck vum neie Programm um Radio lauschteren.

Hei kënnt Dir de Reportage iwwer den neie Programm lauschteren

Geschwë gëtt et och déi nei Fotoen vum Claude “Sibi” Sibenaler an net ze vergiessen eisen “Trailer”, dien Dir dann nees kënnt op Youtube gesinn. Also nach e bësse Gedold, an Dir wësst jo … nach zwee Deg, dann ass d’Première.

Hei geet et op de Site vum “Kabaret Sténkdéier”

Hei gëtt et Ticketen fir de Keller vum CNL (Maison Servais)

An héi fir an d’Kulturhaus

Gewënnspill am Tageblatt

Sunday, October 7th, 2012

Hei kënnt dir Billetë wanne fir an de “Kabaret Sténkdéier” 2012: “Eng hallef Millioun Expäre” kucken ze kommen.

Hei ass d’Gewënnspill aus dem Tageblatt.

Déi Nächst Woch ass Première

Tuesday, October 2nd, 2012

Nach just eng Woch bis et lassgeet. D’Première ass den 11.10., also donneschdes a mir spillen direkt weider freides den 12. a samschdes den 13.. De Programm steet mëttlerweil an ech denken net, datt mir e nach eng Kéier ännere ginn. Esoulues kënnt d’Sécherheet och a mir fänken nees un, iwwer eis selwer ze laachen. Dat war an dienen zwou leschte Woche méi schwéier, well den Drock héich war. Mir schaffe virun allem um Detail.

Iwwer d’Theme wëll ech elo nach näischt soen, dat soll roueg spannend bleiwen, just esou vill: vum Velo héiert een am Moment bal näischt; mir schwätzen driwwer, Sandweiler ass ee risege Chaos; mir bréngen Uerdnung drann, alles schwätzt iwwer d’Hochzäit; mir kucke wéi et weider geet: “Hei am Land ass et net schwéier fir eppes ze bauen, z. B. eng deier Autobunn oder houfreg Gebeier fir Staat a Gemengen, mir hunn et jo, bis elo emol nach. Kee Problem och fir Reformen am Schoulwiesen oder am Staatsapparat duerchzezéien: Eng hallef Millioun Expären gëtt et hei zu Lëtzebuerg … an déi wësse wéi a wat. Eppes ass kloer: Hätten si eppes ze soen, wier et net esou wäit komm! Weder zum Debakel vu Wickréng/Léiwéng nach zum Ausverkaf vun eiser Economie un d’Scheichen, d’Inder an d’Chinesen. Lëtzebuerg ging weider eng „Wuelstandsinsel“ a “Wohlfühloase“ bleiwen, de Liter Super wir däitlech ënnert engem Euro an de Schleck hätt den Tour gewonnen. Mee et lauschtert jo keen op si!

Et gëtt lues a lues enk mat de Plazen am klenge Sall vum CNL, dofir heescht et elo buchen: Keller vun der Maison Servais.

Am grousse Sall vum Mierscher Kulturhaus ass nach Plaz: hei kënnt Dir bestellen.

“Eng hallef Millioun Expären” - et geet elo lass

Wednesday, September 12th, 2012

Gëschter hunn d’Prouwen endgülteg ugefaangen fir de neie Programm vum “Kabaret Sténkdéier”. D’Texter sinn elo esouwäit fäerdeg a mir schousteren de Programm zesummen. Op der Bühn stinn dëst Joer d’Irène Zeimes, de Berti Bertemes, de Nico Dabé an den Tom Kraemer. D’Géraldine Posing mécht ee Joer Congé de maternité.

Weider Infoe gëtt et hei

An hei kënnt Dir Iech umellen    oder hei…

Kabaret Sténkdéier: “Eng hallef Millioun Expären”

Monday, August 20th, 2012

D’Datumer fir de Programm 2012 “Eng hallef Millioun Expären” stinn elo all fest:

Am Nationale Literaturzenter/Maison Servais zu Miersch; free seating, ëmmer um 20.00 Auer:

den 11., 12., 13., 17., 18., 20., 23., 25., 26. a 27.Oktober,  esou wéi de 6., 7., 8., 10., 14., 15., 16. a 17. November

Am Mierscher Kulturhaus; numeréiert Plazen:

den 21., 22., 23. a 24. November um 20.00 Auer an de 25. November um 17.00 Auer

Informatioune kritt Dir ënner www.stenkdeier.lu

a reservéiere kënnt Dir um Tel. 470895-1 oder ënner www.luxembourgticket.lu

“Eng hallef Millioun Expären” de Programm 2012 vum Kabaret Sténkdéier

Monday, July 2nd, 2012

An elo steet och den Datum vun der Première fest: den 11. Oktober geet et am Keller vum Nationale Literaturzenter (Maison Servais) zu Miersch lass.

Mir bleiwen do bis de 17. November an plënneren dann an de grousse Sall vum Kulturhaus. Virstellungen sinn hei den 21., 22., 23., 24. a 25. November 2012.

Op der Bühn stinn dëst Joer: d’Irène Zeimes, de Raymond “Berti” Bertemes, den Nico Dabé an den Tom Kraemer.

De Programm ass geschriwwen, ewéi all Joer, vum Tom Kraemer, dem Remy Kraus a vu mir, an ech bekëmmere mech och em d’Musik an em d’Regie.

Informatiounen iwwer de “Kabaret Stenkdeier” gëtt et hei

“Eng hallef Millioun Expären” - die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier am Hierscht

Thursday, June 7th, 2012

Hei am Land ass et net schwéier fir eppes ze bauen, z. B. eng Autobunn oder deier Gebeier fir houfreg Staats- a Gemengeleit. Kee Problem och fir Reformen am Schoulwiesen oder am Staatsapparat: Mir hu jo hei eng hallef Millioun Expären … an déi wësse wéi a wat!

Nëmmen … sinn dat der net e bësse vill? Verdierwen déi net de Bräi ir e vun der Kachmaschinn kënnt!?

Esou gëtt die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier ugekënnegt, dien am Hierscht zu Miersch gespillt gëtt. Geschriwwe wéi ëmmer vum Remy Kraus, Tom Kraemer a vu mir a gespillt vum Irène Zeimes, Raymond Bertemes, Nico Dabé a vum Tom Kraemer.

Hei ass de Site vum “Kabaret Sténkdéier”