Archive for the 'Kabaret' Category

“Revue 2013: Gegeeschters” ab 28. Mäerz am “Neien Theater”

Monday, March 4th, 2013

Maacht iech e puer flott Momenter a gitt d’Revue vum Lëtzebuerger Theater kucken.

Och dëst Joer hunn ech nees e puer Dommheete bäigesteiert :-) .

Hei gëtt et méi Informatiounen, d’Terminer an de Flyer:

Lëtzebuerger Theater

“Tellerminnen”

Tuesday, December 4th, 2012

Op villfache Wonsch vun Iech huet de Claude “Sibi” Sibenaler d’Stéck “Tellerminnen” aus eisem “Kabaret Sténkdéier”-Programm 2012 “Eng hallef Millioun Expären” online gesat.

Fir all déi, déi et nach net kennen: et geet em déi komesch Aart a Weis, wéi mir an de Restauranten d’Iesse presentéiert kréien ;-) !

Hei kënnt Dir et kucken. Vill Spaass!

Nee, de “Kabaret Sténkdéier” hält net op

Monday, December 3rd, 2012

An diene leschten Deeg sinn ech schonns e puermol drop ugesprach ginn: et gëtt Rumeuren, d’”Sténkdéieren” géifen ophalen, dëst wier hiere leschte Programm gewiescht. Dat ass iewer falsch. Ech hoffen et op alle Fall emol ganz staark!

Et ass dat hei: nodeem de Remy Kraus sech déi lescht Joeren ëmmer méi zréckgezunn huet, hien huet schliesslech d’Pensioun, huet hien elo decidéiert, och net méi mat ze schreiwen. Dat ass sécher net gutt, de Remy ass net ze ersetzen, ouni hien wäerten Texter net méi dat sinn, wat se emol waren. Hie war de “Kitt”, die villes zesummegehalen huet. Mee et geet iewer weider, ënner iergend ënger Form, zu zwee, alleng oder och vläicht mat engem Neien nees zu dräi. Emol ofwaarden…

Et wier dach ze schued, wann et keen neie Programm méi ging ginn :-) Oder?

De “Kabaret Sténkdéier” geet net uechter d’Land spillen

Monday, November 26th, 2012

Ganz vill Ufroen hu mir och dëst Joer nees kritt, fir datt mir mat der “Sténkdéier-Equipe” bei Iech spille kommen. An der Zäit hu mir dat alt probéiert, mee mir hu keng gutt Erfarungen domat gemaach. Fir eis als Amateuren, déi alleguer dien Dag drop nees um 8.00 Auer op der Schaff si mussen, ass dat ganz schwéier. Wëll mir all Owend wëllen die selwechten héige Nivo halen iewer moies grad esou fit op der Schaff sinn, bleiwe mir zu Miersch. Do si mir sécher, Iech kënnen all Owes dat ze bidden, wat mir wëllen.

D’”Expäre” soen äddi a merci

Sunday, November 25th, 2012

Dat war et nees fir dës Saison. De “Kabaret Sténkdéier” mécht d’Dieren zou. Iech all en décke MERCI, Dir waart och dëst Joer dien allerbeschte Publikum vun der Welt!

Den Dezember gëtt elo gerascht, a schonns am Januar geet et nees lass: da fänke mir un, die neie Programm ze schreiwen.

“Eng hallef Millioun Expären” geet elo an den Endspurt

Monday, November 19th, 2012

A schonns geet et an déi lescht Woch. Opgepasst, wéi all Joer gëtt et och dës Kéier keng Verlängerungen. Zéckt also net, fir nach séier ze reservéieren! Schonns elo ass et kloer, datt dëst Joer ee vun diene ganz gudde “Sténkdéier-Millésimmen” ass; mir hu vun Iech super-gutt Kritike kritt a sinn elo zouversiichtlech, wat d’Zukunft vun eisem Ensembel ugeet.

luxembourgticket.lu

Jiddereen ass “ersetzbar”

Wednesday, November 14th, 2012

Mar den Owend kann ech net am Kabaret sinn, fir Gitar ze spillen, a fir als Kach an als Dokter opzetrieden, wëll ech op Walfer muss, fir de “Lëtzebuerger Buchpräis”. Dir wësst, “Muedebëtzeg” ass nominéiert, a wëll ech net weess, ob et gewënnt, muss ech op Walfer.

De Mulles Scholtes, Gitarrist bei de “Convertibles” a bei “Just Friends”, dier Band, mat dier ech de “Muedebëtzeg-Tour” gemaach hunn, ersetzt mech mar op der Gitar. Dann ass fir de gudden Toun alt schonns emol gesuergt. De Remy Kraus iwwerhëllt da meng zwou kleng Rollen an da ka mar och näischt méi schif goen.

Haut geet et am Keller vum Nationale Literaturzenter weider

Tuesday, November 6th, 2012

De “Kabaret Sténkdéier” fiert haut an der “Maison Servais” weider mat dem Programm 2012 “Eng hallef Millioun Expären”. Nach zwou Woche si mir am Literaturzenter, dono plënnere mir an d’Kulturhaus. Hei am Keller ass alles ausverkaf, mee Dir kënnt nach Plazen am grousse Sall kréien.

Kabaret Sténkdéier

Reservatiounen am Kulturhaus

“Maison Servais” ass ausverkaf; Tickete gëtt et nach fir d’Kulturhaus

Tuesday, October 23rd, 2012

“Eng Hallef Millioun Expären”, eise neie “Kabaret Sténkdéier”-Programm 2012, ass am Mierscher Literaturzenter komplett ausverkaf. Et leeft immens gutt, de Public ameséiert sech… Dir kritt iewer nach Billeten fir d’Mierscher Kulturhaus.

Hei kënnt Dir se bestellen

Hei ass dem Claude “Sibi” Sibenaler säi Film zum neie Programm

Den Trailer vum neie “Sténkdéier-Programm” ass do

Friday, October 12th, 2012

De Claude “Sibi” Sibenaler presentéiert hei den neien Trailer vun “Eng hallef Millioun Expären”.

Onbedingt kucken!