Archive for the 'Kabaret' Category

Zickelalarm - den 8. Oktober zu Monnerech

Wednesday, September 25th, 2013

Den 8.10. geet et um 19.30 Auer zu Monnerech am Centre Arthur Thinnes - Beim Nëssert weider mat dem “Zickelalarm”, an dat trotz de Neiwaalen!

“An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.”

Entrée: 10 €
Hei gëtt et weider Informatiounen.

An hei fand Dir die neiste Clip op Youtube.

Neiwaalen 1: der DP sinn ech egal!

Saturday, September 21st, 2013

Hmm, de Moie war ech an der Staadt um Maart.

Dräi Stänn vu politesche Parteien hunn ech gesinn: déi Lénk, d’DP an déi Gréng.

Ech hu mech virun all Stand gestallt: déi Lenk hu mech ugeschwat, ech kruet e Proramm, déi Gréng hu mech och ugeschwat, ech kruet e Programm, just virum DP Stand hunn ech mech  e bësse verluer gefillt. De Bëttel huet zwar immens haart gedeedegt, mee et huet sech keen em mech bekëmmert.

Dat muss Zoufall gewiescht sinn, hunn ech mir gesot. Ech hunn eng Stonn dropp de Vesuch nach eng Kéier gemaach:

Dat selwecht Resultat: bei diene Gréngen a bei diene Lénken sinn ech direkt ugeschwat ginn, ech hunn zwar net nach ee Programm geholl, mee et gouf mat mir geschwat. Bei der DP huet kee mech bekuckt, si hunn eng Foto gemaach, de Bëttel mat sengem Schal an der Mëtt.

Wat léieren ech doraus: déi Gréng an déi Lénk këmmeren sech em mech, der DP sinn ech egal, si këmmeren sech léiwer em sech selwer.

Just eng Fro hunn ech mir gestallt: wou sinn d’Regirungsparteien?

Sténkdéier 2013: D’Prouwen hunn ugefaangen

Wednesday, September 18th, 2013

Gëschter hunn d’Prouwen ugefaangen, de Programm steet esou wäit, un der Musik gëtt nach geschafft. Esou kann een dien aktuelle Stand beschreiwen.

Vill Leit soen: wat hutt dir dëst joer Polfer, bei all diem wat geschidd ass, bei all diene Skandalen an Affairen.

Mee esou einfach ass et net. Mir hunn de 17.10. Première; dat sinn dräi Deeg virun dienen esougenannte “virgezunnenen Neiwaalen”. Do kann et sinn, datt eis ganz schaarf Munitioun vun engem Daag op dien aneren naass gëtt, an dann…

E ganzt Fréijoer sote mir, wat zum Beispill de Bommeleeër-Spektakel ubelaangt, mir misste nach waarden, fir eppes ze maachen, do kënnt sech nach villes doen. Mir hu bis elo gewaart, an trotzdeem… wierklech aktuell bleiwen kann een do wuel net… och wa mir dru schaffen!
Et gëtt also nach e spannende Mound bis et de 17.10. lassgeet.

Hutt dir är Plaze schonn, wann net, da waart net méi ze laang. Et si schonn eng Rei Owenter ausverkaaft!

www.stenkdeier.lu

www.luxembourgticket.lu

“Héichwaasser” op RTL

Wednesday, August 28th, 2013

Hei kënnt dir den Artikel op RTL-Kultur iwwer dem Kabaret Sténkdéier säi neie Programm liesen.

An hei ass de Site vum Kabaret Sténkdéier.

“Zickelalarm”-Liesungen am Hierscht

Monday, August 26th, 2013

Am Hierscht stinn nach eng Rei “Zickelalarm”-Liesungen op der Lee. Hei emol eng éischt Iwwersiicht:

8.10.: Beim Nëssert - 14, rue de Schifflange - L-3316 Bergem/Mondercange - 19.30 Auer

24.10.: Prabelli - 8, rue de la Montagne - L-9538 Wiltz - 20.00 Auer

3.12.: Cercle / Auditorium Henri Beck - 2, rue du Genistre - L-1623 Luxembourg - 18.30 Auer

Ech freeë mech!

“Héichwaasser”, den 2013er Programm vum Kabaret Sténkdéier

Tuesday, August 20th, 2013

Am Hierscht geet et lass: Première ass de 17.Oktober!

Texter: Alain Adams, Tom Kraemer, Roland Meyer

Regie: Roland Meyer

Et spillen: Conny Braquet, Géraldine Posing, Raymond Bertemes, Nico Dabé, Tom Kraemer

Héichwaasser - eis all steet d’Waasser bis zum Hals, eist nationaalt Draamschëff ass zolitt op Grond gelaf an elo heescht et paddelen fir de Kapp iwwer Waasser ze halen.

E regelrechten Tsunami vu Skandaler ass iwwert eis gefeegt: Bommeleeër-Prozess, SREL-Archiv, Stay behind, Enquête-Kommissioun, Oflauschter-Aueren, Neiwahlen, OPE, Aarbechtslosenzuelen…

De Pegel klëmmt weider an a sengem Trëndel gesi mir de Lëtzebuerger Modell ofsäufen.

Déi éischt Raten hun de Naache scho verlooss an eise Kapitän Juncker schnaapt no Loft a sicht verzweifelt no engem Rettungsreef.

SOS - a wäit a breet keng Arche a Siicht, déi eis rette kéint ?

Zickelalarm - Videoe vum Claude “Sibi” Sibenaler

Friday, July 5th, 2013

De Sibi war mat op Bour an huet den Zickelalarm gefilmt. Hien ass elo am gaangen, no an no e puer Ausschnëtter op Youtube ze publizéieren.

Déi hei kënnt dir elo schonns kucken:

Roland Meyer - Zickelalarm - De Schoulmeeschter

Roland Meyer - Zickelalarm - D’Schoulmeeschteschpeien

Roland Meyer - Zickelalarm - Selbstgesteiert Léieren

Roland Meyer - Zickelalarm - Teaser

Villmools merci Sibi a vill Spaass beim Kucken!

“Zickelalarm” zu Bartréng

Thursday, June 13th, 2013

Den 10. Juli sinn ech em 20.00 Auer zu Bartréng am Festsall vun der Arca fir déi drëtt Ronn vun den “Zickelalarm-Liesungen”.

Bis elo e Risenerfolleg: Bour: 50 Persounen, ausverkaaft - Ettelbréck: 80 Persounen, ausverkaaft!

Hei kënnt dir Ausschnëtter aus “Zickelalarm” kucken

Hei kënnt dir fir Bartréng reservéieren: 621 626 132 oder www.kameidi.lu

An hei ass de Flyer

Plang vun de Liesungen

Monday, June 10th, 2013

14.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Diddeleng an der “Regionaler Bibliothéik” - 1. Liesung: 8.30 Auer / 2. Liesung: 10.00 Auer / 3. Liesung: 14.00 Auer

24.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Miersch am Lycée Ermesinde - 14.50 Auer

7.7.: CNL-Summerfest zu Miersch an der Maison Servais / um 14.00 Auer geet et lass, ech liesen um 17.00 Auer

10.7.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Bartréng an der Arca - 20.00 Auer

24.10.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Woltz am Prabbeli - 20.00 Auer

3.12.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - an der Staadt am Cercle / mardis littéraires - 18.30 Auer

Et wir flott, wa mir eis eng Kéier bei enger Liesung ginge begéinen.

Hei kënnt Dir mech fir eng Liesung kontaktéieren

“Zickelalarm” - den Trailer

Wednesday, May 22nd, 2013

De Claude “Sibi” Sibenaler war mat op Bur fir ze filmen a fir Fotoen ze maachen. Merci Claude!!!

Hei, als “Appetizer”, fir déi nächst Owenter, den “Trailer”. An diene nächste Wochen kommen Extraiten aus dem Programm op Youtube. Kuckt also heiansdo hei lanscht, fir um Lafenden ze bleiwen.

Hei kënnt dir den Trailer vun Zickelalarm kucken.

PS: De Programm heescht wierklech “Zickelalarm”, an net, wéi haut am “Wort geschriwwen: “Zickenalarm” :-)