Archive for the 'Kabaret' Category

Nächsten “Zickelalarm”: 3.12. am Cercle Cité an der Staadt

Monday, November 11th, 2013

Déi nächst Statioun vu menger kabarettistescher Liesung “Zickelalarm” ass an der Staadt am Cercle Cité. Um 18.30 Auer geet et lass: 2, rue Genistre / Place d’Armes.

Hei gëtt et Informatiounen.

An hei den Trailer op Youtube.

Kabaret Sténkdéier: den Trailer ass do

Monday, October 21st, 2013

De Claude “Sibi” Sibenaler huet den Trailer 2013 zum Programm “Héichwaasser” elo fäerdeg.

Hei kënnt Dir e kucken.

Zickelalarm - en Donneschdeg, de 24. Oktober zu Woltz am Prabbeli

Monday, October 21st, 2013

De 24.10. geet et um 20.00 Auer zu Woltz am Prabbeli; 8, rue de la montagne, weider mat dem “Zickelalarm”.

“An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.”

Entrée: 12 € / 5 €

Hei gëtt et weider Informatiounen.

Gelonge Première

Friday, October 18th, 2013

Et ass ëmmer esou, elo maache mir et scho 25 Joer laang, an all Kéier déi Opreegung: Ass et eppes? Kënnt et beim Publikum un? Geschitt net iergendeng Katastrof?

All Joer die selwechte Misère. Gëschter war ech die ganzen Dag opgereegt. Wéi mir no engem Dëppche Gebeess an enger Taass Kaffi och nach e Spighel aus der Hand gefall war, konnt ech et net méi leegnen: ech war zolitt nervös!

Mee alles ass gutt gaangen gëschter owend, alles huet gutt geklappt an de Leit huet et och gefall, esou denke mir emol no dienen éischte Kritiken: “Ofwieslungsräich, professionell, pickeg, kuerzweileg!”

Eng gelonge Première deemno. Da loosse mir elo mol kucken, ob mir déi nächst Woch nach kënnen die selwechte Programm spillen.

www.stenkdeier.lu

An hei gëtt et d’Ticketen.

Haut ass Première!

Thursday, October 17th, 2013

Haut - 17.10. - geet et lass: Première vum Programm 2013 “Héichwaasser” vum Kabaret Sténkdéier. Mir freeën eis, datt et endlech esou wäit ass, mee eis geet och zolitt de Wapp!
Lauschteren op RTL …

www.Luxembourgticket.lu

Première vun “Héichwaasser” de 17.10.

Wednesday, October 16th, 2013

Mar geet et lass! D’Première vum neie Programm vum Kabaret Sténkdéier: 17.10.2013.

D’Generalprouwe si gelaf, erschreckend gutt(!!!), a bis elo ass och nach kee krank. - Den Owend RTL lauschteren! Géint 19.30 Auer en Interview am “Feierowend”.
Wéi all Joer war de Claude “Sibi” Sibenaler dobei an huet Fotoe gemaach.

Hei kënnt Dir eng Rei dovu gesinn…

“Héichwaasser” beim 100,7

Thursday, October 10th, 2013

E Sonndeg, den 13.10. stellen ech dien neie Programm “Héichwaasser” vum Kabaret Sténkdéier beim 100,7 vir. Wann Dir wëllt laschteren, da schalt spéitsdens géint 17.40 Auer an.

Radio 100,7

Kabaret Sténkdéier

“Zickelalarm” den 8.10. zu Monnerech

Monday, October 7th, 2013

Um 19.30 Auer geet et lass am Centre - Beim Nëssert, 14, rue de Schifflange, L-3316 Bergem.

Dir kënnt Iech hei nach umellen: 55 05 74 68.

NEI: An hei sinn e puer Fotoen…
Zickelalarm

Jubiläum: De “Kabaret Sténkdéier” gëtt et elo 25 Joer!

Wednesday, October 2nd, 2013

Et war mir guer net opgefall, ech sinn eigentlech keen, dien sech fir esou Datumen, Jubiläumen an Traditiounen interesséiert. Mee wéi ech elo fir en Interview Recherche gemaach hunn, ass et mir opgefall:

Dës Saison kritt de “Kabaret Sténkdéier” seng 25 Joer!

Et war am Hierscht 1988, wéi mir eisen éischten Optrëtt als Sténkdéieren haten. Et war um Fest vum Mouvement Écologique a mir waren zu dräi do: Den Alain Adams, de Remy Kraus an ech.

Ass et dann net schéin, datt grad dëst Joer den Alain nees dobei ass!

www.stenkdeier.lu

An der “Maison Servais” gëtt et enk…

Thursday, September 26th, 2013

De Keller vum Nationale Literatuzenter zu Miersch ass elo esou gutt wéi ausverkaf. Fir sécher ze sinn, nach Plaze fir den “Héichwaasser”-Programm vum Kabaret Sténkdéier ze kréien, melt Iech einfach am Mierscher Kulturhaus.

Hei de Link.