Archive for the 'Kabaret' Category

Tonight Showtime: Première vun “Drôle de guerre” am Cube

Friday, November 7th, 2014

Première vun “Drôle de guerre”, dem Programm 2014 vum “Kabaret Sténkdéier”, haut den Owend um 20.00 Auer am Cube 521 zu Maarnech. Weider Virstellungen e Samschdeg an e Sonndeg, déi iewer all ausverkaf sinn… mee mir spille jo nach zu Biergem an zu Monnerech.

“Drôle de guerre”: den neie Programm vum Kabaret Sténkdéier op RTL

Monday, November 3rd, 2014

Hei kënnt dir den Interview lauschteren:

rtl.lu

an hei gëtt et weider Infoen:

stenkdeier.lu

De 7.11. ass Première vum Kabaret Sténkdéier zu Maarnech am Cube

Monday, October 27th, 2014

Et gëtt esou lues Eescht! Nach zwou Prouwen zu Pëtten bei Miersch, an da plënnere mir fir d’Generalprouwen op Maarnech an de Cube. De Carlo Muller, zesumme mat senger Equipe, huet d’Bühn elo esou gutt ewéi fäerdeg an et fänkt u spannend ze ginn.

Mir sinn am Tunnel, kënne net méi soen, ob mir “Drôle de guerre”, de Programm 2014, solle gutt fannen, dofir hu mir elo ze laang geprouft, an d’Iwwersiicht verluer… an all freeë mir eis op freides, de 7.11., den Dag vun der Première.

www.stenkdeier.lu

Den Artikel am DCK vum Gilles Wunsch

Friday, October 24th, 2014

Am DCK2/2014 huet de Gilles Wunsch en Artikel iwwer mech publizéiert, dien der Wouerecht ganz no kënnt: vill Biografie, vill Literatur, vill Musik, vill Theater a Kabaret. An dann dem Gilles säi ganz besonnesche Stil, ëmmer dann, wann hien iwwer d’Éisleck schreift.

Hei kënnt dir den Artikel “Konstemer Blues” liesen.

Kabaret Sténkdéier: De Cube ass voll

Thursday, September 18th, 2014

Wann dir “Drôle de guerre”, de Programm 2014 vum Kabaret Sténkdéier wëllt kucke kommen, da geet dat elo nach zu Miersch am Kulturhaus an zu Biergem “beim Nëssert”.

De Cube 521 zu Maarnech ass ausverhaaft.

www.stenkdeier.lu

“Drôle de guerre” vum Kabaret Sténkdéier: de Verkaf ass elo iwwerall op

Monday, September 1st, 2014

Egal ob Dir wëllt op Miersch, Maarnech oder Biergem kucke goen, … de Verkaf ass elo iwwerall op:

MIERSCH: Kulturhaus
BIERGEM: Beim Nëssert
MAARNECH: Cube 521

Kabaret Sténkdéier: Maarnech a Biergem si schonn op!

Wednesday, June 11th, 2014

Billette gëtt et schonns fir de Cube 521 zu Maarnech an och elo fir de Nëssert zu Biergem. Elo heescht et sech bäi maachen…

Hei all d’Infoen iwwer die neie Programm “Drôle de guerre”

Hei kënnt dir fir Maarnech reservéieren

An hei fir de Nëssert zu Biergem/Monnerech

“Héichwaasser”, de ganzen 2013er Programm vum Kabaret Sténkdéier ass elo online

Friday, May 23rd, 2014

De Claude “Sibi” Sibenaler an de Claude Weber hunn elo de ganze Programm vum leschte Joer op Youtube gesat an Dir kënnt en nach eng Kéier kucken. Hinnen zwee en décke Merci an Iech vill Spaass…

Hei geet et lass!

Fir “Drôle de guerre” vum “Kabaret Sténkdéier” ass de Verkaf zu Maarnech am Cube 521 op

Sunday, May 4th, 2014

Elo heescht et sech also bäimaachen: et gëtt schonns Kaarten zu Maarnech am Cube 521!

Hei kënnt Dir reservéieren

Kabaret Sténkdéier: zwou schlecht Nouvellen!

Tuesday, March 25th, 2014

Dann haut emol déi schlecht Noriichten:


1. Eisen Tom Kraemer huet aus gesondheetleche Grënn decidéiert, de Kabaret Sténkdéier ze verloossen. Déi nächst Saison ass hien also leider net méi mat dobäi, weder beim Schreiwen, nach op der Bühn. Den Alain “Scheedchen” Adams an ech schreiwen de Programm 2014 a mir spillen en zu véier op der Bühn: d’Géraldine Posing, d’Conny Braquet, de Raymond Bertemes an den Nico Dabé.


2. Mir kënnen net méi am Keller vum CNL/Maison Servais optrieden, wëll si déi Plaz selwer brauchen. De Keller ass also definitiv “passé”. Mir sinn nach am Kucken, wéi a wou genee mir den Hierscht spille wäerten, mee do kënnt an nächster Zäit méi no.

www.stenkdéier.lu