Archive for the 'Musik' Category

The Winklepickers in Jail: e Freideg um 18.00 Auer

Thursday, June 13th, 2013

Dien drëttleschte Concert vun de Winklepickers: e Freideg um 18.00 Auer an der Abtei Neimënster!

Net verpassen: www.winklepickers.lu

Blues am Park - Fotoen

Monday, June 10th, 2013

Die leschte Freideg war Blues am Park zu Stesel. Et ware vill Leit do, mir hunn eis a si gutt ameséiert an et gouf e ganze Koup Fotoe gemaach.

Hei fannd dir se op rtl.lu

An hei d’Fotoe vum Frank Dumont

E Freideg sinn d’Winklepickers zu Stesel

Monday, June 3rd, 2013

E Freideg, de 7.6. ass Blues-time zu Stesel. Ab 19.00 Auer spille noeneen: Crossroads, Winklepickers a Sneaky Pete.

Den Entrée ass fräi an hei gëtt et weider Infoen!

The Winklepickers: Roadmap to summer

Thursday, May 16th, 2013

Hei déi Plazen, op dienen dir d`Winklepickers an diene nächste Woche gesi kënnt:

7.6.: Blues am Park - Festival zu Steesel; zesumme mat Crossroads a Sneaky Pete

14.6.: Blues after Work - Abtei Neimënster an der Staadt

20.7.: Jazz`n Blues Rallye - Am Gronn an der Staadt

www.winklepickers.lu

D’Fotoe vum Jengel vum Winklepickers Concert zu Veinen

Monday, March 4th, 2013

Hei kënnt dir d’Fotoe kucken, déi de Jengel die leschte Weekend zu Veinen beim Winklepickers Concert gemaach huet.

Him een décke Merci, grad esou wéi all de Leit, déi trotz diem schlechte Wieder net gefaart hunn an op Veine koumen. Super Concert, super Ambiance, super Owend!

www.winklepickers.lu

Tonight showtime: “Haart Musik fir haart Zäiten” den Owend um 21.00 Auer zu Veinen

Saturday, February 23rd, 2013

D’Winklepickers spillen den Owend, 23.2., zu Veinen am Ancien Cinéma um 21.00 Auer dien éischte Concert fir dës Saison. Dot Iech waarm un, et ass kal dobäussen; dobannen ass der Däiwel lass: Remmidemmi a Rambazamba, esou gesäit et aus! An de “Kontroll tecknick” wäerte mir och nees spillen.

Denkt och eng Kéier un de Magic Slim…

Ancien Cinéma

The Winklepickers

D’Winklepickers si mar op RTL

Tuesday, February 19th, 2013

Mar de Mëtteg, um 15.00 Auer sinn de Roger Melcher an ech beim Patrick Greis a Gérard Valerius am Musikexpress op RTL.

Mir schwätzen iwwer de Gig e Samschdeg zu Veinen am Ancien Cinéma, weider Concerten an eis CDen.

An net ze vergiessen: d’Muedebëtzeg-Liesung a Freideg am Kultour-Dëppen zu Eesbëch.

The Winklepickers are back to Ancien Cinema

Thursday, January 17th, 2013

Den 23.2. geet et nees lass: d’Winklepickers starten hier Saison am Ancien Cinéma zu Veinen.

Hei geet et bei den Ancien Cinéma

Hei de Flyer

D’”Winklepickers” sinn den 23. Februar am Ancien Cinéma zu Veinen

Friday, November 23rd, 2012

Fir datt Dir et wësst! No dier laanger Hierschtpaus, wéinst den “Expären” hieren Optrëtter zu Miersch, stungen d’Winklepickers schéi fei gewickst am Schungschaf. Den 23.2.2013 geet et iewer weider: den “Zréck op d’Strooss”-Gig am Ancien Cinéma fänkt um 21.00 Auer un. Ech wëll elo nach net méi soen, just esou vill: do kënnt Dir Iech op eppes gefaasst maachen…

De Bluesclub schéckt d’Winklepickers op d’Schëff

Sunday, September 23rd, 2012

E Freideg den Owend um 20.00 Auer gëtt den Anker gehuewen an d’Seegele gesat. D’Winklepickers Bluesband geet u Bord vun engem vun diene berühmte Museldampferen. Wann Dir nach kee Billet hutt, da gëtt et elo definitiv Zäit, wie weess, wéini et déi Geleeënheet nach eng Kéier gëtt.

Richteg, de Shawn Pittman ass och dobäi. Mee opgepaast, et handelt sech net em de “Lëtzebuerger Elvis” Dat ass de Steven Pitman, an am Verglach mat Shawn feelt him net nëmmen een “t” am Numm :-) . Ausserdeem gëtt et zu Réimech op der Esplanade ab 18.00 Auer nach ee “Warm-up” um Kiosk mat “Rémo Cavallini” an “”Heavy Petrol and the Greyhounds.
Hei de Programm vu “Blues op der Musel”