Archive for the 'Musik' Category

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Déifferdeng aam Ale Stadhaus um 16.00 Auer

Saturday, October 10th, 2015

“De 10. Oktober invitéiert d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Déifferdeng op e flotten Dag am Ale Stadhaus wou alles sech ëm d’gudd Laun an d’Laachen dréint.De ganzen Dag iwwer vu Mëttes 15.00 Auer un bis Owes um 22.00 Auer huet de Publikum d’Méigeléchkeet d’Aalt Stadhaus op eng nei Manéier kennenzeléiren a sech bei flotte Spektakle fir Grouss a Kleng an der Bibliothéik, an de Festsäll an am Bistro ze ameséiren.

Vu Poppentheater, Liesunge fir Kanner, Cabaret, Clownen, Magie an Theater as alles dobäi. Mat ënner anerem dem Déifferdenger Theater, de Nidderkuerer Tuterten, dem Papa Chico, d’Déifferdenger Museksschoul, der Bibliothéik, de Clownen Ludvina et Bouton, Roland Meyer,  Pierre Puth an der Poppespënnchen.

Kommt laacht mat!”

Zikelalarm II, e Samschdeg, den 10.10. um 16.00 Auer am Ale Stadhaus zu Déifferdeng

Monday, October 5th, 2015
Nächsten Termin vun dem Zikelalarm-II-Tour:
Aalt Stadhaus Differdange
10.10.2015
16.00 Auer

Servais-Schierbelen

Wednesday, July 8th, 2015

Ech hunn hei emol e ganze Koup Linken zesummegestallt, déi eppes mam Servais-Präis ze dinn hunn.

Als Iwwerbléck, esouzesoen, als Presserevue; alles wat ech esou gesot hunn, alles wat gesot gouf an och alles wat soss nach ze liesen an ze kucke war…

RTL

nach eng Kéier RTL

an nach eng Kéier RTL

Wort

nach eng Kéier Wort

an nach eng Kéier Wort

Tageblatt

an Tageblatt

an nach eng Kéier Tageblatt

L’essentiel

an nach eng Kéier L’essentiel

Le jeudi

Le quotidien

Do soll dach elo kee meckeren ;-)
Dat war eng schéin Zäit, mee wéi seet mäi Kolleg Remy ëmmer: alt weider mam Jabel!

Scho laang näischt méi “gepoust”

Monday, March 16th, 2015

Schwiereg Zäite brauchen extra Weeër fir derduerch ze kommen.

Lues a lues gesinn ech op en Enn.

Als nächst geet et weider mam Zikelalarm II a mat enger Rei Schoulliesungen.

Bicher sinn am Moment keng geplangt, wëll ech de Kapp net dofir hunn, mee den Text vum Zikelalarm I gëtt elo geschwë publizéiert.

Ech denken och ëmmer nees méi kräfteg iwwer Musik-maachen no, och wann de Paul eis verlooss huet, an dat alles net esou kloer ass. Hie feelt vir an hannen a bei all Projet, iwwer dien een nodenkt, kënnt ee fréier oder spéider op de Punkt, wou de Paul virun engem opdaucht… an iewer!

Nach e bësse Gedold, eng oder zwou Wochen, da weess ech méi!

De Paul Lebrun ass dout.

Friday, November 14th, 2014

Haut ass definitiv kee gudden Daag. De Moien ass de Paul gestuerwen, no laanger Kankheet. Bei de Winklepickers hu mir joerelaang zesummegespillt, hien um Bass an ech op der Gitar.

Zwou CDen hu mir zesumme gemaach an eigentlech sollten d’Winklepickers just e bësse pausen, wëll ech mam Studium am gaange sinn. Mee aus dier klenger Paus ass eng eng méi laang ginn, wëll de Paul op eemol krank ginn ass, an elo ass en dout. Hie feelt elo schonns, an ech wees net wéi et iech geet, mee ech ka mir d’Winklepickers ouni de Paul net virstellen.

Dem Maggy an der ganzer Famill mäin häerzlecht Bäileed.

Ech wäert de Paul ni vergiessen, dir bestëmmt och net!

Hei e Video, an diem dir de Paul bei senger Lieblingsbeschäftegung gesidd: am Studio mat de Kollegen ophuelen.

Den Artikel am DCK vum Gilles Wunsch

Friday, October 24th, 2014

Am DCK2/2014 huet de Gilles Wunsch en Artikel iwwer mech publizéiert, dien der Wouerecht ganz no kënnt: vill Biografie, vill Literatur, vill Musik, vill Theater a Kabaret. An dann dem Gilles säi ganz besonnesche Stil, ëmmer dann, wann hien iwwer d’Éisleck schreift.

Hei kënnt dir den Artikel “Konstemer Blues” liesen.

Keng Winklepickers-Concerten am Fréijoer!

Friday, January 10th, 2014

Déi lescht Wochen sinn ech ganz dacks gefrot ginn, wéi et mat Concerte vun de Winklepickers steet. Em dës Zäit hu mir ëmmer zu Veinen am “Ancien Cinéma” gespillt, fir d’Saison nom Kabaret ze lancéieren.
Hmm: et steet net gutt!

Ech hu mat menge 50 Joer zu Kaiserlautern e Masterstudium a Schoulmanagement ugefaangen, an dofir gëtt et fir de Moment näischt aus neie Concerten… an och nach e puer aner Saachen.
Dat heescht iewer net, datt d’Winklepickers sech opgeléist hätten, nee, se si just “op Äis geluecht”; deep frozen.

Dem Pol Gleis seng Fotoe vum leschte Winklepickers-Gig

Friday, August 2nd, 2013

D’Winklepickers um Blues’n Jazz Rallye 2013; the last rumble!

Hei d’Fotoen, déi de Pol Gleis gemaach huet.

Him en décke Merci.

“The last rumble” um Blues’n Jazz Rallye e Samschden

Thursday, July 18th, 2013

Die leschte Gig vun de Winklepickers net verpassen: e Samschden, den 20.7. um 19.30 Auer. Mir spillen um “Blues Hill Stage” an der rue de la Tour Jakob ënner der Eisebunnsbréck.

Infoen hei

Den zweetleschte Concert vun de Winklepickers um Blues Express

Friday, June 28th, 2013

Zanter 2001 sinn de Rog an ech mat de Winklepickers ënnerwee; an elo gëtt et esou lues Zäit fir… eppes anescht. Iwwer zing Joer hu mir mat eiser stueratzeger Musik iech an eis Freed gemaach; an elo ass de Moment komm fir… eppes neies!

E Samschdeg, den 13.7. spille mir um Blues Express Lasauvage / Fond-de-Gras  zu Déifferdéng eisen zweetleschte Gig. Die leschten ass dann de Samschdeg dropp um Blues’n Jazz Rallye an der Staadt.

Um 22.30 Auer ass et esou wäit: um CFL-Stage/Casino zu Lasauvage hu mir wëlles nach eng Kéier ofzerappen!

Infoe gëtt et hei