Archive for the 'Bicher' Category

“Méi ass et net” - dat drëtt Buch mat Texter vum Kabaret Sténkdéier

Friday, October 21st, 2011

“Modern Welt” war dat éischt an ass am Hierscht 2001 erauskomm. Mir hunn do all d’Texter zanter 1988 - esou laang gëtt et de Kabaret Sténkdéier schonns (!!!)- zesummegefaasst, bis 2000. An diem Buch sinn nach net esou vill Texter, déi mir, de Remy an ech, zesumme mam Tom geschriwwen hunn, wëll hien eréischt 1999 bei de Grupp gestouss ass. An dësem Buch fand Dir ënnert anerem eis Klassiker “Cours de recyclage”, d’”Fouerlidd” an dat phänomenaalt “Um Camping”, dat de Berti dono ni méi wollt spillen:-).

“Gutt ze wëssen” ass  2006 erauskomm. Hei gëtt et eng Auswiel mat Texter vun 2001 bis 2006. Als Klassiker vum Kabaret Sténkdéier fand Dir hei “Äschermëttwoch”, “Ein Schiff wird kommen”, an de “Requiem fir de Lëtzebuerger Béier”. Eist “Béierlidd” spille mir am aktuelle Programm zesumme mam “Fouerlidd” als Zugab.

An elo, 2011, ass et dann u “Méi ass et net”. Mir hunn an dësem Buch déi Texter zesummegestallt, déi eis an diene leschte 5 Joer, also vun 2006 bis 2010 am beschte gefall hunn, an déi och bei de Leit am beschten ukoumen. Och heirënner gëtt et schonns Klassiker: “Metz-Lëtzebuerg”, d’”Clientskaart”, d’”Navettelidd”, de “Stacklëtzebuerger”, an, an, an, …

Also eng gutt Geleeënheet fir all déi Erënnerungen nees obliewen ze loossen… - Hunn ech dat dann elo net schéi gesot!

Haut ass d’Première vum “Schwaarze Péiter” a vun “Méi ass et net”

Thursday, October 13th, 2011

Gespaant si mir nees all! No engem halwe Joer Schreiwen a wochelaangem Prouwen kann ech am Moment guer näischt soen. Ech hunn hunn zwar e gutt Gefill, mee wéi et de Leit gefällt weess ech net. De Fanger ass nach ëmmer net ganz an der Rei, dofir ass d’Musik dës Kéier anescht wéi déi lescht Joeren. Ob dat elo manner gutt ukënnt musse mir nach ofwaarden. Ech si frou, datt et elo lass geet an de Stress vun diene leschten Deg a Wochen noléist.

Frou sinn ech och, datt d’Buch fäerdeg ginn ass. Fir just 12 € kënnt dir “Méi ass et net” an der Oweskeess zu Miersch kafen, a gläich och hei um Site.

De “Schwaarze Péiter” am Endspurt

Thursday, October 6th, 2011

Nach eng Woch bis d’Première! De Programm steet, wann d’Politik eis net nach weider op Trapp hält, déi nei Anthologie mat Texter (Méi ass et net; 2006 bis 2010) aus eise rezente Programmer ass do, de Keller am Literaturhaus fëllt sech. Elo komme nach d’Generalprouwen, da kann et lass goen. A jo, dem Fanger geet et besser, mee en ass nach net geheelt… ech hoffe weider!

Gutt Noriichte vun “Op der Lay”

Tuesday, October 4th, 2011

Gëschter si se komm, déi gutt Noriichten fir “Muedebëtzeg”! “Op der Lay” huet gring Luucht ginn fir d’Produktioun vum neie Buch fir Erwuessener. Elo ass et just nach eng Fro vun der Zäit, bis de Manuskript de Wee an d’Bicherbuttiker fënd. Zanter 2008 geeschtert mir dien Text elo am Kapp rondrëm, an ech si frou, wann e gedréckt ass, da verschwënd en do eraus.Vläicht!

“Den décken dommen Dudu” boomt!

Friday, September 23rd, 2011

Dat neit Schouljoer ass erëm ugaangen, an esou ginn nees e ganze Koup Bicher vun de Klasse bestallt. De Vull ofgeschoss huet iewer dëst Joer den “Dudu”! Hie gëtt ganz vill am 4. Zikel vun de Grondschoule gelies, iewer och ëmmer méi op der 7èmen vun de Lycéeën. Den “Dudu” ass déck beléift, dat freet mech! An en ass net deier! Dank dem Kultursponsoring vun “Islek ouni Grenzen” ass en och als Klasseset ze bezuelen, esouguer a Krisenzäiten.
Hei kënnt dir e bestellen…

“Méi ass et net” - dat neit Sténkdéier-Buch ass fir d’Première den 13.10 do!

Saturday, September 17th, 2011

No “Modern Welt” a “Gutt ze wëssen” ass “Méi ass et net” elo dat drëtt Buch vun den Auteuren vum “Kabaret Sténkdéier”: Tom Kraemer, Remy Kraus a mir. Iwwer d’Summerpaus waren d’Präparatiounen e bëssen duerchernee gelaf, mee elo si mir nees an dier richteger Spuer! Fir d’Première vu “Schwaarze Péiter” den 13. Oktober zu Miersch am Literaturzenter ass d’Buch do. Dës Kéier gëtt et d’Highlights aus de Programmen vun 2006 bis 2010. Déi zwee éischt Bicher sinn ëmmer nach disponibel a kënnen hei am Bicherbuttik op dëser Säit bestallt ginn: an de Shop.
www.stenkdeier.lu

Liest “Neubrasilien” vum Guy Helminger

Monday, August 1st, 2011

Bei der Final vum Virlies-concours hunn ech dëst wonnerbaart Buch geschenkt kritt an elo war an der Vakanz die richtege Moment, fir et ze liesen. Virun allem die geschichtleche Strank vun der Famill Meier, déi sech op de Wee a Brasilie gemaach, et iewer net iwwer Bremen eraus gepakt huet, huet mir gutt gefall.

Donieft huet mech villes u mäin “aalt” Buch vun 2001 erënnert: “Eng Foto vum (Klëppel)Krich”, an diem et och die geschichtlechen an dien aktuellen Erzielstrank iwwer d’Asylanten aus dem Kosovo gëtt.

Informatiounen fand Dir hei op der Säit, …  a wann Dir hei klickt.

Muedebëtzeg - dat neit Buch fir Erwuessener

Sunday, July 24th, 2011

Et ass elo Vakanzenzäit. Dat ass gutt. Wëll do hunn ech endlech nees genuch Zäit fir de Skript vu mengem neie Buch “Muedebëtzeg” ze iwwerschaffen, an, hoffentlech geschwënn, ofzeschléissen. Iwwer zwee Joer hunn ech un diem Buch fir Erwuessener geschafft, an elo denken ech, datt et fir Chrëschdeg kënnt fäerdeg ginn. Mee ech paken Holz un, zanter ech un der “Theaterschoul” schaffen, hunn ech net ëmmer déi néideg Zäit, déi néideg Motivatioun, die néidegen Iwwerbléck…
An dësem Moment sief just esouvill verroden: et geet am neie Buch em Verfall, Krankheet, Doud. Net onbedingt flott Themen. Mee dës Kéier huet et misse sinn. Fir mech war dësen Text ganz wichteg an huet missen eraus.

Virlies-concours 2011

Friday, July 1st, 2011

Dës Woch war zu Diddeleng am wonnerbare Sall vum Kulturzenter “Op der Schmelz” d’Finale vum nationale Virlies-concours fir all d’Kanner aus dem 4. Zikel. Ech hunn och dëst Joer d’Moderatioun gemaach a festgestallt, datt et eng gutt Iddi war, datt all d’Kanner franséisch gelies hunn. Die ganze Nomëtteg war domadder méi eenheetlech an der Jury ass et och méi liicht gefall, d’Leeschtungen mateneen ze vergläichen. Eng richteg gelonge Finale mat herrlecher Musik vun de Schüler vun der Musikschoul Diddeleng.

“Mango Panda”, e Buch iwwer d’Léift

Monday, March 21st, 2011

Gëtt et Léift mat 12 Joer? Ech soe jo!

Mango Panda ass d’Fortsetzung vum “Décken dommen Dudu”. Geet et am Dudu em een décke Jong, dien e ganze Koup Problemer an der Schoul huet, esou ass am “Mango Panda” e schlankt Meedchen d’Haaptpersoun, dat eigentlech guer keng Problemer dierft hunn. Dat, op d’mannst, denkt hatt.

Informatiounen op RTL.

rolsmall.JPG