Archive for the 'Bicher' Category

E schéint a gutt neit Joer …

Thursday, December 29th, 2011

… fir Iech all, déi Dir heiansdo hei op mengem Blog laanschtkuckt.

Viru genee engem Joer hunn ech dien éischte Post gemaach an elo ass et un der Zäit fir de Bilan (sic!) ze maachen. Ech weess net, wivill Leit dës Säit besicht hunn, mee an dienen nächsten dräi Deg probéieren ech dat nach erauszefannen. Versprach!

2011 war am Prinzip e gutt Joer: de “Schwaarze Péiter”-Programm vum “Kabaret Sténkdéier” huet ronn 4000 Leit gelackelt, mat de “Winklepickers” hunn ech “Haddocks and French Kisses” opgeholl , dat elo zu Trierweiler bei Skywalk gemastert gëtt an e puer fulminant Concerte gespillt, d’Theaterschoul huet sech gutt entwéckelt, ech hat eng Rei flott Liesungen, “Méi ass et net” vum Remy Kraus, Tom Kraemer a vu mir ass erauskomm, “Dem Kinnék säi Bësch”, en Theaterstéck fir dat internationaalt Joer vum Bësch ass a ville Schoule gespillt ginn, mam “Holzwuerm” hu mir de “Kinnék ouni Kroun” virun 2300 Spectateure gespillt, de Ministère huet meng Broschüre iwwer d’Theaterschoul als Courrier-No spécial erausginn, “Muedebëtzeg” ass esou gutt wéi fäerdeg a kënnt geschwënn eraus…

Mir wënschen ech datt 2012 grad esou gutt gëtt an Iech nëmmen dat BESCHT!

Et gëtt eescht!

Wednesday, December 28th, 2011

Gëschter ass de Saz vum “Muedebëtzeg” vum Gollo komm. Elo muss nach eng Kéier die ganzen Text gelies ginn an da gëtt e geschwënn gedréckt. Den Datum vun der Publikatioun réckelt also ëmmer méi no.

Déi grouss Theme vum Buch sinn de Verfall, d’Krankheet an den Dout. Kléngt zimlech depriméierent, ass et och.

Allerdéngs ginn och Saachen opgedeckt, déi Dir esou net fir méiglech gehal hätt! Eng dovun sinn d’Verbriechen déi am “Kale Krich” begaange gi sinn an dat guer net wäit eweg vun hei…

Op der Lay

“Muedebëtzeg” gëtt iewer net fäerdeg…

Saturday, December 10th, 2011

Mir mussen eis nach e bësse gedëllegen. Vun “Op der Lay” hat et geheescht no de Walfer Bicherdeg ging direkt dat neit Buch fir Erwuessener gedréckt ginn. Mee leider huet alles méi laang gedauert wéi ueholl an esou wäert et dann nach weider daueren. Gedold, Gedold… mee dat ass net ëmmer meng Stäerkt!

Liesung an der Grondschoul zu Koetschette

Monday, December 5th, 2011

De 7.12. liesen ech zu Koetschette an der Schoul aus dem “Piratekapitän”. Ech freeë mech richteg drop, ech hu scho laang net méi aus dem Buch vum klenge Schott virgelies…

Informatiounen gëtt et hei.

Big brother is watching me - Autorelexikon vum Literaturzenter Miersch

Sunday, December 4th, 2011

Ech war schonns e bëssen erféiert, wéi ech gelies hunn, wat se zu Miersch alles iwwer mech zesummegesicht hunn. Mee net nëmmen iwwer mech, nee och nach iwwer “eng Millioun” aner Lëtzebuerger Auteuren. Respekt! Do ass gutt geschafft ginn an et ass wierklech interessant, eng Kéier am Lexikon vun de Lëtzebuerger Auteuren vum Mierscher Literaturzenter (Maison Servais) laanschtzekucken.

Autorelexikon Maison Servais Miersch

An hei den Artikel iwwer mech.

“Books for Kids”

Thursday, November 17th, 2011

Esou heescht op de Walfer Bicherdeg déi Plaz, wou et “Bicher fir Kanner” gëtt. Firwat heescht déi Plaz da net “Bicher fir Kanner”? Mir soen, bis elo emol, jo och net “Walfer Book Days”. Ass “Books for Kids” méi “cool”? Méi international? Méi …? Ech weess et net! Firwat heeschen eis Kanner op eemol “Kids”? Gëtt et do ee Grond, stécht eppes dohannert? An engem Artikel hunn ech mir doriwwer e bësse Gedanke gemaach.

Hei kënnt Dir e liesen.

Liesung op de “Walfer Bicherdeg”

Sunday, November 13th, 2011

E Freideg den 18.11. liesen ech zu Walfer aus dem “décken dommen Dudu” an aus “Mango Panda”, zwee Bicher, déi tipptopp fir Kanner vun em déi 12 Joer passen.

Den décken dommen Dudu

Mango Panda

Eng gutt Noriicht - Release am Februar

Thursday, November 10th, 2011

Gëschter an der Emissioun op RTL beim Patrick Greis a Gérard Valerius ass den Zoustand vu mengem lénksen Zeigefanger thematiséiert ginn. Maja, fir all déi, déi dat interesséiert: ech hunn de Moien fir d’éischt zanter méi wéi engem Mount nees Gitar geprouft. Richteg, eng Véierelstonn laang, op menger Stratocaster, a gutt haart! Et geet also nees biergop!

Eisen neien Winklepickers-CD, “Haddocks and French Kisses” plange mir am Februar virzestellen. Dofir muss elo geprouft ginn, och wann et nach wéi deet.

www.winklepickers.lu

Blankenberge - op der Belscher Plage

Tuesday, November 8th, 2011

Esou wéi vill Lëtzebuerger war ech d’lescht Woch op der Belscher Plage an hunn dem Serge Tonnar säi Lidd op de Lëpse gehat. Dobei hunn ech mech drun erënnert, datt ech fir de “Kabaret Sténkdéier” och eng Kéier en Text iwwer d’Belsch Plage geschriwwen hat. Wéi ech nees doheem war, hunn ech nogesicht an et eremfond. Et war fir den 1997er Programm “Perpetuum mobile” an et fënd een et och an eiser éischter Anthologie “Modern Welt”.

Et geet esou:

“Mat eisem Polski-Fiat si mir op Blankenberge gefuer - dacks sinn d’Bremse net méi gaang an den Ueleg gung net duer - An an dem Hotel huet et dann no Kéiskrokette gefacht -  d’Mier war gro an den Himmel och an d’Wellen déi hu gekacht - A wat hu mir Buerge gebaut - et huet een sengen Ae net getraut…”

Klickt hei, wann Dir wëllt de ganzen Text noliesen!

“Muedebëtzeg” gëtt nach viru Chrëschdag fäerdeg

Saturday, November 5th, 2011

“Muedebëtzeg” heescht dat neit Buch fir Erwuessener. Ech hunn et an diene leschten dräi Joer geschriwwen, an et spighelt eng Zäit, déi net ganz einfach war.

2010 ass bei Omega 90 d’Buch “Am anderen Ende der Lichtung” erauskomm. An diem Buch ass den Text “Plat du jour”, dien als eng Zort Viraarbecht fir “Muedebëtzeg” kann ugesi ginn. Vill Motiver, déi och am Buch erëmkommen, fënd ee schonns an dësem Text. Et war deemools ee vun dienen éischte Versich, mengen Iddien méi no ze kommen.

Esou fänkt den Text un: “14.21 Auer. Et gëtt esou lues eidel heibannen. Elo gi se nees all op hier Aarbecht. Elo gi se nees op hier Büroen. Elo gi se nees op hier Banken. Eng Arméi schwaarzgekleed Männer a Fraen, all em déi 30 Joer al, déi meeschtens franséisch schwätzen, meeschtens e bëssen ze haart, déi de Plat du jour gutt fannen, déi de Kader, den Ambiente gutt fannen an déi esou guer de Bordeaux, dien se fir 31 Euro drénken, gutt fannen. Et gesäit een hinnen of, datt se dat alles gutt fannen, se verstoppen et net, nee se loossen et all Mënsch gesinn, dien hei am Restaurant, 100 Meter iwwer dem Musée, d’Strooss erop, sëtzt. Jidderee soll et miirke, jidderee soll et gesinn. Hier gutt Laun soll ustiechen. Mee se schreckt just of, wëll se hu keng Ahnung, se wësse jo näischt, se kënnen et net wëssen. Wouhir sollen se et och wëssen? Si hunn dat net op hierer Universitéit geléiert. Do léiert een dat net. Op der Uni léiert ee Saachen fir d’Zukunft, fir déi Zäit no der Schoul, fir déi Zäit dono, wou ee schaffe geet, Sue verdingt, matmécht, eng Bank, eng Entreprise opbaut, sech eppes opbaut, sech eng Famill opbaut, sech en Haus opbaut, sech e Verméigen opbaut. An elo, an der Finanzkriiss? …”

Wann Dir wëllt, kënnt Dir hei die ganzen Text liesen, dien am Buch “Am anderen Ende der Lichtung” erschingen ass.