Archive for the 'Bicher' Category

Muedebëtzeg kascht 14.90 €

Friday, February 10th, 2012

Ech hunn elo déi éischt Exemplare vu “Muedebëtzeg” an der Hand, an et ass ëmmer nees e ganz besonnesche Moment. Ech si frou, datt d’Buch esou schéi ginn ass, ech sinn houfreg, datt et iwwerhaapt gedréckt gouf, ech freeë mech, datt ech déi Zäit elo kann hannert mir loossen.

Grad elo, wou ech dëst Buch op mengem Schreifdësch leien hunn, gëtt mir bewosst, datt domatt een Deel vu mengem Liewen eriwwer geet, datt ech dien ofschliesse kann, esou wéi ech d’Buch kann zouklappen.

Hei kënnt dir d’Buch bestellen, fir 14,90 €

Muedebëtzeg - d’Buch ass do

Monday, February 6th, 2012

Muedebëtzeg, dat neit Buch fir Erwuessener ass elo vum Buchbënner zréck a kënnt deemno dës Woch nach eraus. Dat ass gutt: esou kann ech et mat op d’Releasepartien huelen an et ass och op Vältesdag prett.

Liesungen am Mäerz

Thursday, February 2nd, 2012

No der Fuesvakanz geet et weider mat enger Rei Liesungen an de Schoulen:

1.3.: Schoul beim Tëtelbierg Lamadelaine - 3. Zikel (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen)
8.3.: Mäertert Centre culturel - 3. Zikel (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen)
28.3.: Schoul um Kemel Wëntger - 4. Zikel (Den décken dommen Dudu, Mango Panda)

Ech freeë mech!

Kreativt Schreiwen - Mir schreiwen e Buch

Sunday, January 29th, 2012

Ech hunn iech e puer Beispiller vu Bicher, déi ech mat Klasse geschriwwen hunn, hei op d’Säit gesat. Dës Bicher goufe vun de Kanner selwer geschriwwen am Kader vun Kreativt-Schreiwen Atelieren.

Hei fand dir déi Bicher

Mail mir wann dir och esou Projet mat de Kanner plangt

Muedebëtzeg ass fir Vältesdag do

Wednesday, January 25th, 2012

Ganz gutt Noriichten deemno vun “Op der Lay”: fir de 14.2. soll dat neit Buch fäerdeg sinn an an de Butteker leien. Ech hunn et an diene leschten Deeg och nach zweemol gelies, an ech si gespaant, wéi et ukënnt. Jiddereen, dien et bis elo gelies huet, ass vun diem Text beréiert ginn. Dat hängt bestëmmt un den Themen, déi behandelt ginn, mee iewer och un der Aart a Weis, wéi d’Buch verzielt gëtt.

Hei kënnt dir et bestellen.

Muedebëtzeg: 14.2. - Vältesdag - Saint Valentin - Valentinstag

Monday, January 23rd, 2012

Den Dag vun de Verléiften! De Paul, d’Haaptpersoun vu mengem neie Buch fir Erwuessener “Muedebëtzeg”, kënnt dir beim Liesen während engem ganzen Dag begleeden, dem 14.2.2010. Hien ass zu Cannes am Hotel Martinez, esou wéi elo schonns zanter zwee Joer. Dës Kéier iewer ass hien alleng, an dat op dësem schéinen Dag…

Hei kënnt dir d’Buch virbestellen.

Liesungen am Wanter

Wednesday, January 18th, 2012

Zwou Liesungen stinn an diene nächste Wochen un:

31.1. zu Esch an enger vun de Grondschoulen aus: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”
2.2. zu Miersch am CNL am Kader vun der Kibum aus: “Den décken dommen Dudu”

Wann dir och gären eng Liesung hätt, da kënnt dir iech hei mellen.

Muedebëtzeg: Broschtkriibs; cancer du sein; Brustkrebs

Monday, January 16th, 2012

An diene nächsten Deeg wëll ech hei Informatiounen iwwer dat neit Buch “Muedebëtzeg” ginn, dat an e puer Wochen bei “Op der Lay” erauskënnt. Ech fänke gären u mat diene groussen Themen. Een zentraalt Thema ass d’Krankheet an an dësem spezielle Fall de Broschtkriibs.

Statistesch gesinn gëtt a Lëtzebuerg mëttlerweil all Woch wéinstens eng Fra mat Broschtkriibs detektéiert. Dës Krankheet spillt an eiser Gesellschaft also eng onheemlech wichteg Roll. Iwwerleet een sech donieft och nach, wat alles mat der weiblecher Broscht konkret an och symbolesch verbonnen, verknäppt ass, da gëtt engem bewosst, datt een dës Krankheet net ënnerschätzen däerf.

A “Muedebëtzeg” geet et och em Broschtkriibs a wéi d’Leit, net nëmmen d’Fraen, domat emginn.

Op der Lay

Op der Lay Buttek/Webshop

Muedebëtzeg: et geet an d’Dréckerei

Friday, January 13th, 2012

De Gollo seet a 14 Deeg kann d’Buch do sinn. Alles ass verbessert, de Cover esouwäit fäerdeg. Wann dir d’Buch scho wëllt virbestellen, kënnt dir dat elo hei maachen. Esoubal et do ass, kritt dir et da mat der Post heemgeschéckt.

Maacht einfach eng Mail!

2.2.2012: Liesung op der Kibum zu Miersch am CNL

Tuesday, January 10th, 2012

Donneschdes, den 2. Februar um 10.00 Auer liesen ech zu Miersch am Servais Haus aus dem “décken dommen Dudu” am Kader vun der Kibum 2012. D’Kibum ass d’”Oldenburger Kinder- und Jugendbuchmesse”, déi gréisst net kommerziell Kanner- a Jugendbuch Ausstellung vu Bicher an Däitscher Sprooch. Si gëtt all Joer vun der Asbl “Freed um Liesen” och op Lëtzebuerg bruecht.

Kibum am CNL

Freed um Liesen asbl