Muedebëtzeg - op Plaz 8 bei de nationale Bestseller am Mäerz
Tuesday, April 3rd, 2012Endlech emol nees e literarescht Buch ennert all deene Kach- a Sachbicher! Dat ass eng gutt Saach.
Ech sinn zefridden!
Endlech emol nees e literarescht Buch ennert all deene Kach- a Sachbicher! Dat ass eng gutt Saach.
Ech sinn zefridden!
An der Beilag “Lesezeit” vum “Wort” vun haut huet de Jeff Baden ënner dem Titel “Gesellschaftskris” en Text iwwer dat neit Buch veröffentlecht: “Säin neie Roman “Muedebëtzeg” ass e literarescht, staark gesellschaftskritescht Buch a riicht sech vun der Thematik hier eendeiteg un Erwuessener”.
Dat ass schéi gesot an deelweis och treffend. Gëschter huet ee Bekannte “Muedebëtzeg” als “Erotikroman” (!) bezeechent; domadder hunn ech da méi Problemer…
Ech hunn hei am Blog elo vill verschidden Interventiounen zum Thema “Muedebëtzeg”. Dofir wollt ech déi Wichtegst elo emol hei eng Kéier kuerz zesummefaassen…
No der Ouschtervakanz si folgend Liesungen a Lëtzebuerger Grondschoule geplangt:
24.4.: Schoul Veianen - 4. Zikel (Den décken dommen Dudu, Mango Panda, Eng Foto vum (Klëppel)Krich)
26.4.: Schoul Lorentzweiler - 3. & 4. Zikel (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen, Den décken dommen Dudu, Mango Panda)
10.5.: Bibliotéik Déifferdeng - 3. & 4. Zikel (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen, Den décken dommen Dudu, Mango Panda)
22.5.: Schoul Esch - 4. Zikel (Den décken dommen Dudu, Mango Panda, Eng Foto vum (Klëppel)Krich)
Den 18. an den 20.6. sinn ech dann zu Woltz am Lycée.
Ech freeë mech!
Fir den 10.5. ass zu Veianen am Ale Kino d’Presentatioun vum neie Buch geplangt.
De musikaleschen Encadrement gëtt vun “Just Friends” gemaach, der Jazzband vum Convertibles-Gitarrist Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jhang Steffen.
Mat am Boot sinn och d’”Kultoureilen”; jo, dat gëtt esou geschriwwen, déi d’Bibliothéik zu Veiane bedreiwen an natierlech mäi Verlag “Op der Lay”.
Save the date; esou seet een dat jo haut op “Nei-Lëtzebuergesch”…
Am Rendez-vous mam Buch huet de Claude Mangen nieft aneren Themen iwwer dat neit Buch geschwat: “De Roland MEYER Joergank 1963 ass Schoulmeeschter, Auteur vun Hörspiller, Kabaretts-Texter an Theaterstécker fir Kanner, Museker bei der Bluesband “The Winklepickers”, Kabarettist, Regisseur a Matbegrënner vum Ensembel “Sténkdéier” - bestuet a Papp vun zwee Bouwen. Mat sengem Roman “Muedebëtzeg” deen am Verlag op der Lay erauskoum, geet de Roland MEYER nei Weeër fir déi een hien nëmme ka félicitéieren. De Claude Mangen mam Buchtip vun dëser Woch.”
De Mulles Scholtes, de Gitarrist vun de Convertibles huet sech bei mir gemelt:
“Ech sin nawell e bësse midd haut an do bass du mat dru Schold, well ech däi Buch gëschter Owend ugefang hun an nëtt méi opgehaal hu mat liesen, bis ech fäerdeg wor …
Respekt, däin Opus ass nëtt nëmme spannend mee huet och um psychologeschen, mënschlechen a soziale Plang esou munches ze soen. Trotz deene villen Zäitspréng verléiert een ni den Iwwerbléck, au contraire maachen déi verschidden Erzählebenen d’Geschicht méi lieweg an haalen de Lecteur bei der Stang. Ëtt gehéiert ausserdem zu Lëtzbuerg Courage derzou, eng Geschicht wéi déi doten mat all hieren Detailler ze veröffentlechen. Stelleweis erënnert mech däi Buch a sénger Offenheet, Thematik, Radikalitéit an Eierlechkeet un dem Michel Houellebecq séng “Particules élémentaires”. Op jidfer Fall e gelungend Buch, nëtt nëmme fir Leit an onsem Alter, mee wahrscheinlech virun allem. Ett huet mer e groe Sonnden méi schéi gemacht, an dat ass jo schons eppes wäert.
Iwreens wart wahrescheinlech elo all Typ op eng Suite, well wat mécht elo d’Isabel ??”
Merci Mulles!
D’Christiane Kremer schreift: “Muedebëtzeg heescht dat neit Buch vum Roland Meyer. Mee oppassen- déi Kéier schreift de Schoulmeeschter net fir d’Kanner, mä definitiv fir déi Erwuessen. Et sinn allerdéngs och net déi gewinnte Cabarets-Texter, mä et ass e Roman, dee sech a Lëtzebuerger Sprooch mat engem dramateschen Thema beschäftegt an erzielt wéi Mënsche mat Ausnahmesituatioune wéi der schrecklecher Krankheet „Broschtkriibs“ ëmginn, wéi se dorunner wuessen oder zerbrieche kënnen. De Roland Meyer schwätzt iwwer säi Roman „Muedebëtzeg“, awer och iwwer seng aner Wierker, iwwer d’Theaterschoul an iwwer säi Museksgrupp „Winklepickers“.”
E Freideg sinn ech vun 12.00 bis 13.00 Auer beim Christiane Kremer um Radio fir iwwer dat neit Buch ze schwätzen.
Donieft plangen ech eng offiziell Virstellung zu Veianen am Ancien Cinéma. Den Datum steet nach net fest, esoubal ech do eppes méi weess, gitt dir et als éischt gewuer …
Ech hat jo scho gesot, datt et bis elo fir mech net onbedingt normal war, datt ech Reaktiounen op meng Bicher an Texter vu Leit kritt hunn, déi mir hier Meenung soen, den Dicks richten, de Marsch blosen…
Zanter “Muedebëtzeg” schingt dat iewer anescht ze sinn. D’Buch beréiert vill Leit an ech kréien och eng Parti Réckmeldungen, iwwer déi ech mech immens freeën.
Esou och déi hei vum Georges Walther. Hie schreift: “Moien, Merci fir dat wonnerbaart Buch. D’Lektür dovun huet mech dozou verleed, mol rëm eng Buchkritik ze schreiwen. Dir fannt se op mengem Blog: http://wp.me/p1LxHH-dZ. Bei Interessi ass verlinken oder zitéieren ausdrécklech erlaabt. Léif Gréiss!”
Villmools merci!