Archive for the 'Bicher' Category

Aktuelliséierte Plang vun de Liesungen

Sunday, June 24th, 2012

25.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

26.6.: 9.00 Auer - Grondschoul Ale Lycée Esch

27.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

3.7.: 9.00 Auer - Grondschoul Veianen / Kultoureilen Veinen

Eng weider Liesung fir Kanner ass schonns fir den 22.11. an der Bibliothèque Tony Bourg zu Elwen um 16.00 Auer programméiert: “Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch” ass den Titel.  Info

An net ze vergiessen: eng “Muedebëtzeg”-Liesung mam Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen gëtt et de 16.10. um 18.30 Auer an der Cité Bibliothéik am Kader vun de “Mardis littéraires”.

Finale vum Virlies-Concours

Thursday, June 14th, 2012

Et ass nees esou wäit: den 21.6. ass um 15.00 Auer zu Iechternach am Trifolion d’Finale vum nationale Virlies-Concours.

Organiséiert ass se vum Ministère de l’Éducation nationale (Jeanne Offermann a Josiane Schaul). Kanner aus de 4. Zikelen vum ganze Land kommen dohinner fir virzeliesen. De Jury kuckt, wie vun hinnen die beschte Virlieser ass.

D’Schüler aus der École de musique vun Iechternach maachen d’Animatioun an ech maachen d’Moderatioun.

Liesungen fir Kanner a Jugendlecher

Thursday, June 14th, 2012

Eng ganz Rei Liesungen fir Kanner a Jugendlecher stinn elo nach virun der Dir. Vläicht gesi mir eis jo eng Kéier dobei:

18.6.: 13.30 Auer - Lycée du Nord Wiltz

22.6.: 13.30 Auer - Lycée du Nord Wiltz

25.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

26.6.: 9.00 Auer - Grondschoul Ale Lycée Esch

27.6.: 13.30 Auer - École Privée Sainte-Anne Ettelbruck

Eng weider Liesung fir Kanner ass schonns fir den 22.11. an der Bibliothèque Tony Bourg zu Elwen um 16.00 Auer programméiert.

An net ze vergiessen: eng “Muedebëtzeg”-Liesung mam Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen gëtt et de 16.10. um 18.30 Auer an der Cité Bibliothéik am Kader vun de “Mardis littéraires”.

“Muedebëtzeg” - haut eng Kritik am “Lëtzebuerger Land”

Friday, June 8th, 2012

D’Elise Schmit huet haut hier Kritik iwwer “Muedebëtzeg” am “Lëtzebuerger Land” geschriwwen.
Hei kënnt Dir se liesen

“Muedebëtzeg” geet elo an déi zweet Oplo

Wednesday, June 6th, 2012

Dat si ganz gutt Noriichten vun “Op der Lay”! No nëmmen dräi Méint ass déi éischt Oplo esou gutt wéi vergraff an et gi Bicher nogedréckt.

“Muedebëtzeg” ass elo schonns dien drëtte Mount an de Bestsellerlëschten vun de Bicherediteuren, wat beweist, datt ech mat dësen Themen e Nerf getraff hunn. D’Buch bewegt d’Leit, hält se an Otem, léist se net méi esou séier lass, polariséiert och…

Hei gëtt et eng Zesummefaassung vun Informatiounen iwwer dat neit Buch

“Muedebëtzeg” op 4. Plaz an der Bestsellerlëscht vum Juni

Friday, June 1st, 2012

Kaum ze gleewen, dat neit Buch, dat elo schonns net méi esou nei ass, ass éischtens nach ëmmer derbei an huet zweetens och nach ee Saz no uewen bis op déi 4. Plaz gemaach.

Domatt ass et da wuel definitiv d’Buch vum Fréijoer ;-)

Hei ass d’Lescht vum Juni 2012 op RTL

All d’Informatiounen iwwer Muedebëtzeg gëtt et hei

Presentatioun vu “Muedebëtzeg” gëschter am Ancien Cinéma zu Veinen

Friday, May 11th, 2012

Jo, ech hunn am Moment net vill Zäit, fir hei ze schreiwen an ech hunn och schonns e ganzt schlecht Gewëssen. Holzwuerm-Opféierungen déi nächst Woch an och e ganze Koup Theaterschoulen hale mech ganz schéin op Trapp!

Gëschter Owend iewer war et et super bei der Presentatioun. Vill … genuch Leit, ech schätzen emol ronn 50, haten trotz dem gudde Wieder de Wee an den “Ale Kino” fond. D’Zesummespill zwëschen dem Text an der Musik vun “Just Friends” huet gutt funktionnéiert, mir waren all méi wéi zefridden a wëllen dës Zort vun Owend nach widerhuelen.

Organisateuren, Bibliothéiken, kulturell Veräiner, … mellt iech roueg bei mir, et ass derwäert! ;-)

Hei e puer Fotoen

An hei Informatiounen iwwer “Muedebëtzeg”

Zweemol an der Bestsellerlëscht Abrël 2012

Tuesday, May 1st, 2012

Den Abrëll 2012 war e gudde Mount fir mech! Zwee Bicher hunn et op d’Bestsellerlëscht gepackt:

“Muedebëtzeg”, die neie Roman fir Erwuessener, dien ech den 10.5. zu Veinen am Ale Kino offiziell presentéieren, an …

“Mission geheimer Stollen”, dat allerspannendst Buch fir Kanner an däitscher Sprooch, dat a Lëtzebuerg spillt, dat jeemools geschriwwe gouf! Onbedingt liesen, wëll nieft all diene Panem Potteren an Tintengregs huet et et natierlech schwéier.

Hei ass d’Bestsellerlëscht Abrëll national op RTL

“Holzwuerm-Anthologie” - iwwer drësseg Theaterstécker an engem Buch

Thursday, April 26th, 2012

An engem gudde Joer feiert den Holzwuerm seng 20 Joer! Dat éischt Stéck, “De Spillmann” hu mir 1994 mat de Kanner aus der Holzthummer Schoul am Parsall zu Houschent gespillt…
Zesumme mat “Islek ohne Grenzen” ass eng Anthologie, déi all d’Theaterstécker vun diene Joer zesummefaasst, geplangt. Genee, dat gesäit no enger Heedenaarbecht aus, mee dat ass mir egal: do muss ech elo duerch, an ech sinn iwwerzeegt, datt esou ee Buch eng flott Beräicherung fir de kannertheater a Lëtzebuerg wäert ginn.

Hei geet et bei den Holzwuerm

Isléck ohne Grenzen

Muedebëtzeg - déi offiziell Virstellung den 10.5. am Ancien Cinéma zu Veinen

Tuesday, April 17th, 2012

Muedebëtzeg - déi offiziell Presentatioun vum Bestseller den 10.5.2012 am Ancien Cinéma zu Veinen um 20.00 Auer

an Zesummenaarbécht mat Op der Lay, de Veiner Kultoureilen an dem Ancien Cinéma Café Club

Musikalesch ginn ech ënnerstëtzt vun “Just Friends”: Mulles Scholtes(Gitar), Luc Hoffmann (Gesang a Gitar), Jang Steffen (Bass a Percussioun)

“Ech hunn däi Buch mat grousser Begeeschterung gelies. Ech fannen,datt et ee staarkt Buch ass. An datt s de vill Courage has dat Buch ze publizéiren.”

“Ëtt gehéiert ausserdem zu Lëtzbuerg Courage derzou, eng Geschicht wéi déi doten mat all hieren Detailler ze veröffentlechen.”

“Ech si wierklech beandrockt; iwwert verschidden philosophesch iwwerleeungen hun ech matt bewonnerung gestaunt, an och all respect fier déi radikal éierlechkeet an de courage esou ongeschminkt woueregkeeten ze schreiwen”

“Ech wönschen deem buch ganz vill success an könnt mier vierstellen, datt ët och gudd gief an déitschland ukommen…”

“Merci fir dat wonnerbaart Buch.”

Hei ass d’Invitatioun