Archive for the 'Bicher' Category

Tonight showtime: “Muedebëtzeg-Liesung” an der Cercle Bibliothéik an der Staadt

Tuesday, October 16th, 2012

Den Owend um 18.30 Auer liesen ech aus “Muedebëtzeg” um 5. Stack am Auditoire Henry Beck am Cercle.
Musikalesch begleed ginn ech vum Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen. Si nennnen sech “Just Friends”, wëll hinne kee bessere Numm agefall ass a wëll et stëmmt a si spillen Stécker haaptsächlech aus den 30er Joeren.

All praktesch Informatiounen hei

Hei kënnt Dir fir d’Buch ofstëmmen

Hei kënnt Dir fir “Muedebëtzeg” ofstëmmen

Monday, October 15th, 2012

Muedebëtzeg ass op der “Shortlist” fir de Lëtzebuerger Buchpräis. D’Lieser entscheeden elo wien d’Renne mécht.

Hei kënnt Dir ofstëmmen

An hei nach weider Infoen iwwer d’”Shortlist”

Hei gitt Dir eppes iwwer “Muedebëtzeg” gewuer

“Muedebëtzeg” op der “Shortlist” fir de Lëtzebuerger Buchpräis

Thursday, October 11th, 2012

Ja, dat ass eng gutt Noriicht! “Muedebëtzeg” geet elo an d’Rennen fir de Lëtzebuerger Buchpräis! Een décke MERCI un d’Jury fir dës gutt Entscheedung :-) !

Hei d’”Shortlist”

Elo kënnt Dir hëllefen, andeems Dir Är Stëmm fir mäi Buch ofgitt. Dat kënnt Dir an diene nächsten Deeg op www.bicherdeeg.lu maachen.

Hei den Artikel am Wort

An hei den Artikel am Tageblatt

an op RTL

A fir komplett ze sinn, hei och nach den Dossier vun den Editeuren.

Déi éischt Liesung vu “Muedebëtzeg” am Hiescht

Wednesday, October 3rd, 2012

Méindes, de 16.10. an der Cité Bibliothéik Lëtzebuerg / Mardis littéraires, um 18.30 Auer,  zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen geet et lass. Dës Liesung ass déi éischt Renconter mam Buch, dat nees ganz gutt op der nationaler Bestsellerlëscht steet, no dem Summer. Ech si gespaant, wéi et sech no esou laanger Zäit ufillt, a freeë mech, fir draus virzeliesen.

Hei gëtt et Informatiounen.

An hei ass de Flyer.

An hei nach weider Liesungen iwwer den Hiescht:

22.10.: “Muedebëtzeg” - H2O Obercorn-Differdange / Lundis littéraires - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

9.11.: “Muedebëtzeg” - Prabbeli - Wiltz - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen

22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer

“Muedebëtzeg” op 5. Plaz an de Bëstsellerlëschte vum Oktober!

Monday, October 1st, 2012

Ëmmerhin ass et elo wëll iwwer en halleft Joer, datt “Muedebëtzeg” erauskoum, mee dat schingt senger Popularitéit net ze schueden. Op diene neie Lëschten ass et nees op der 5. Plaz. Ass et den Thema, ass et wëll elo just déi zweet Oplo erauskoum oder ass et einfach d’Qualitéit vum Buch, dat Neit, dat Besonnescht, dat Extrat? Vläicht e bësse vun allem.

Hei d’Lëscht vum Oktober

Hei d’Informatiounen iwwer d’Buch, wann Dir et nach net kennt

An hei déi nächst Liesung

“Muedebëtzeg”: eng weider - gutt - Réckmeldung

Tuesday, September 18th, 2012

Ech hat op dëser Plaz schonns eng Kéier gesot, datt ech nach ni esou vill Réckmeldungen zu engem Text kritt hunn, wéi zu dësem. Haut elo ass eng ganz schéin komm an ech kruet esouguer d’Erlabnis, se hei ze veröffentlechen :-) :

Ech wollt Iech nämlech soen, dass Äert Buch mer ganz gutt gefall huet, d’Geschicht, déi verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwer ginn an sech fannen, d’Sprooch, déi zwar heiansdo cru a gewot ass, mee passend, d’Figuren, déi iwwerzeegend duergestallt sinn (heiansdo wier ech nach gär e bësse méi gewuer ginn iwwert si). Et ass wierklech e gudde Bäitrag zur Lëtzebuerger Literatur, déi amgaang ass sech ze emanzipéieren an effektiv lues a lues ewech kënnt vun der Baueren- an 2.Weltkrichs-Thematik. Natierlech hunn déi nei Generatiounen an deem Sënn och net méi sou vill ze verschaffen a kënnen sech Themen zouwennen, déi si méi concernéiert, wéi zum Beispill hei eis Gesellschaft, Bezéiungsproblemer an alles, wat dat mat sech brénge kann, wéi Alkoholismus, Selbstmord, finanzielle Ruin. Et huet mech gefreet, et gelies ze hunn, an ech wënschen Iech och weiderhin nach vill Erfolleg domat ( a mat spéidere Wierker).” JM-W

Dat hëlleft a gëtt Mutt fir weider ze maachen. Villmools merci!

Déi zweet Oplo vu “Muedebëtzeg” ass elo do

Thursday, August 23rd, 2012

“Op der Lay” meld déi zweet Oplo ass do, wouriwwer ech mech natierlech immens freeën.

Hei kritt Dir weider Informatiounen iwwer dat Buch, wat am Februar erauskoum an zanter diem vill Leit begeeschtert huet, dat polariséiert huet, dat sech als moderne literaresche Roman, wäitewech vu Bouneschlupp, Zweete-Weltkrich-Pathos a Bauerekiirmes an ouni Lëtzebuerger Stallgeroch laang an de nationalen Bestsellerlëschte gehalen huet.

“Muedebëtzeg” op der “Longlist” fir de “Lëtzebuerger Buchpräis”

Tuesday, August 7th, 2012

Wat fir e schéint Lëtzebuerger Wuert: “Longlist”! Et heescht, datt do eng Rei Bicher nominéiert sinn, déi fir de “Lëtzebuerger Buchpräis” a Fro kommen. Aus dier “Longlist” gëtt dann op eemol eng “Shortlist”, also méi eng kleng Lëscht. Dat heescht dann nees, datt eng Rei Bicher aussortéiert ginn. Schued! Zoustänneg dofir ass e Jury, dien aus Spezialisten besteet.

Besser kann ech et net erklären, mee et ass am Fong och net schwéier ze verstoen. An olympeschen Zäiten heescht dat méi wäit, méi héich, méi séier.

Rtl kann dat besser erklären, dofir iwwerloossen ech hinnen dat. Hei fand dir och déi “Laanglëscht”.

“Muedebëtzeg” - Nuwellen

Friday, August 3rd, 2012

Et gëtt allerhand Neies iwwer d’Buch:

De Verlag “Op der Lay” huet gemellt, datt déi nächst Woch déi zweet Oplo definitiv kënnt. Vun diem Moment u sinn also nees Bicher do. Eng ganz gutt Noriicht deemno!

Hei och schonns éischt Informatiounen iwwer d’Liesung de 16.10.2012 an der Cité Bibliothéik: 18.30 am Auditorium Henrie Beck um 5. Stack.

“Muedebëtzeg” weiderhinn op 13. Plaz

Wednesday, August 1st, 2012

An de Bestsellerlëschte vum August ass “Muedebëtzeg” ëmmer nach op 13. Plaz, wéi am Mount virdrun, obwuel elo bal keng Bicher méi vun der 1. Oplo do sinn, an déi 2. Oplo nach net do ass. Gedold, Gedold…
Hei d’Lëscht vum August