Archive for the 'Bicher' Category

Jiddereen ass “ersetzbar”

Wednesday, November 14th, 2012

Mar den Owend kann ech net am Kabaret sinn, fir Gitar ze spillen, a fir als Kach an als Dokter opzetrieden, wëll ech op Walfer muss, fir de “Lëtzebuerger Buchpräis”. Dir wësst, “Muedebëtzeg” ass nominéiert, a wëll ech net weess, ob et gewënnt, muss ech op Walfer.

De Mulles Scholtes, Gitarrist bei de “Convertibles” a bei “Just Friends”, dier Band, mat dier ech de “Muedebëtzeg-Tour” gemaach hunn, ersetzt mech mar op der Gitar. Dann ass fir de gudden Toun alt schonns emol gesuergt. De Remy Kraus iwwerhëllt da meng zwou kleng Rollen an da ka mar och näischt méi schif goen.

Neie Plang vun de Liesunge fir Kanner a Jugendlecher

Tuesday, November 13th, 2012

21.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Grondschoul Esch/Lalleng - 3. Zikel - 14.15 Auer

22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer

27.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Waasserbëlleg - 3. & 4. Zikel - 9.00 Auer

19.12.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Berbourg - 4. Zikel - 15.00 Auer

25.1.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Konsdorf - 4. Zikel - 18.00 Auer

8.2.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Centre National de Littérature-Maison Servais zu Miersch / Kibum - 9.00 Auer

18.3.: “Mango Panda”; 2 Tickete fir Uruguay - fir Jugendlecher - Lycée St. Anne Ettelbréck - 13.15 Auer

Tonight schowtime: “Muedebëtzeg”-Liesung zu Woltz

Friday, November 9th, 2012

Den Owend um 20.00 Auer ass déi 4. Statioun vum “Muedebëtzeg”-Tour zu Woltz am Prabbeli. De Jang Steffen ka leider net dobei sinn, wëll hie krank ass a gëtt duerch de Ron Giebels ersat. De Luc Hoffmann an de Mulles Scholtes sinn och nees dobäi.

Coup de coeur: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”

Thursday, November 8th, 2012

Am neie “Courrier de l’Éducation nationale” gëtt de “Piratekapitän” als “coup de coeur” vum Ministère alle Lëtzebuerger Bibliothéike recommandéiert. D’Mme Jeanne Offermann vum SCRIPT - Leseförderung schreift ënner anerem:

… Am Buch geet och vill Rieds vun de Kanner hire Gefiller. Dat geschitt net op eng opdränglech Manéier, villes mussen d’Lieser an d’Lieserinnen selwer erausfannen….

D’Grafikerin Mariepol Goetzinger huet dem Roland Meyer säi Buch … mat vill Geschéck illustréiert. Hier Illustratioune sinn apaart witzeg….

Sou kann ee roueg behaapten, datt dem Roland Meyer säi Buch mat sengen typografeschen Detailer a sengen Illustratiounen an “d’Serie” schéi Kannerbicher gehéiert….

“Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” ass eng Geschicht iwwert d’Frëndschaft, d’Verlaangeren an den Doud….

Hei kënnt Dir, op der Säit 6, die ganzen Artikel liesen

4. Statioun vun der “Muedebëtzeg-Tour” e Freideg zu Woltz

Monday, November 5th, 2012

E Freideg, den 9.11., maachen ech mat enger “Muedebëtzeg”-Liesung zu Woltz am Prabbeli Statioun. Wéi ëmmer ginn ech vun “Just Friends”, dem Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jang Steffen ënnerstëtzt. Lass geet et um 20.00 Auer.

Informatiounen kritt een hei

Aktuelliséierte Plang vun de Liesungen

Wednesday, October 24th, 2012

9.11.: “Muedebëtzeg” - Prabbeli - Wiltz - 20.00 Auer - zesumme mat de Musiker: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen - 4. Statioun vun der MUEDEBËTZEG-TOUR

21.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Grondschoul Esch/Lalleng - 3. Zikel - 14.15 Auer

22.11.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Bibliothèque Tony Bourg Troisvierges / Cube op Rieder - 16.00 Auer

19.12.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Berbourg - 4. Zikel - 15.00 Auer

25.1.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Konsdorf - 4. Zikel - 18.00 Auer

18.3.: “Mango Panda”; 2 Tickete fir Uruguay - fir Jugendlecher - Lycée St. Anne Ettelbréck - 13.15 Auer

“Muedebëtzeg” gëtt vum Christiane Kremer op RTL virgestallt

Tuesday, October 23rd, 2012

“Muedebëtzeg” ass fir de Lëtzebuerger Buchpräis nomminéiert. Op RTL huet d’Christiane Kremer d’Buch virgestallt:

“Schoulmeeschter, Kabarettist, Bluesmusiker, Kannerbuchauteur - de Roland Meyer ass keen Onbekannten an der Lëtzebuerger Bicherwelt! Dëst Joer huet hien awer eppes Neits gewot: säin éischte Roman fir Erwuessener, wat hien och eraussträiche wollt. Dobäi peekt hien direkt e schwéiert Thema un: de Verfall. Gedanken an Iwwerleeungen, déi de Roland Meyer sech och a sengem Privatliewe gemaach huet…”

Hei de Reportage Audio vum Christiane Kremer: Méindeg, de 22.10. um 19h30

Tonight Showtime zu Uewerkuer

Monday, October 22nd, 2012

“Muedebëtzeg”-Liesung den Owend am Espace H2O an der rue Rattem zu Uewerkuer (ale Waassertuerm), wéi ëmmer zesumme mat “Just Friends”: Mulles Scholtes, Jang Steffen a Luc Hoffmann. Um 20.00 Auer geet et lass.

Hei de ganze Programm

3. Statioun vun der “Muedebëtzeg”-Tournée

Thursday, October 18th, 2012

E Méindeg, den 22.10. maachen ech zesumme mat “Just Friends”, dem Luc Hoffmann, dem Jang Steffen an dem Mulles Scholtes zu Uewerkuer am H2O Statioun. Et geet um 20.00 Auer lass.

Hei de Flyer mat allen Informatiounen.

Lëtzebuerger Buchpräis fir “Muedebëtzeg”: hei kënnt Dir ofstëmmen

Eng Reaktioun op d’”Muedebëtzeg”-Liesung vu gëschter

Wednesday, October 17th, 2012

Ech war gëschter op der Liesung vum Roland Meyer sengem Buch Muedebëtzeg. Et war eng ganz schéi Liesung an ech war impressionneiert. Net nëmmen iwwert den Text mat schwierigen Sujeten an enger excellenter Sproch, mee och iwwert déi Manéier, ewéi de Roland Meyer e virgedroen huet. Ech kann Eech nëmme recommandéieren, fir fir dem Roland Meyer säi Buch fir de Lëtzebuerger Buchpräis ofzestëmmen, hei e Lien zu der entspreechender Säit: https://www.joinus.lu/public/forms/buchprais2012/

Mathias Foehr