Archive for the 'Bicher' Category

Liesungen fir Kanner a fir Erwuessener

Monday, January 28th, 2013

22.2.: “Muedebëtzeg”; déi fënneft Statioun vum “Muedebëtzeg”-Tour; fir Erwuessener; dës Kéier am “Kultour-Dëppen” zu Ënnereesbech op der Our; zesumme mat de Musiker vun “Just Friends” - 20.00 Auer

27.2.:  “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Izeg an der “Grondschoul” - 14.00 Auer

1.3.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; vu Couscous, Goldfësch a Piratekapitänen - fir Kanner aus dem 3. Zikel - um Houwald an der Grondschoul; 9.00 Auer

6.3.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Miersch an der “Grondschoul” - 14.00 Auer

13.3.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; vu Couscous, Goldfësch a Piratekapitänen - fir Kanner aus dem 3. Zikel - zu Veianen an der Ourdall-Bibliothéik; 14.00 Auer

14.3.: Symposium Service National de la Jeunesse zu Eisenborn: Erzéiung an Humor - 9.00 Auer

18.3.: “Mango Panda”; 2 Tickete fir Uruguay - fir Jugendlecher - Lycée St. Anne Ettelbréck - 13.15 Auer

21.3.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Näertzeng an der “Sonneschoul” - 9.00 Auer

14.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Diddeleng an der “Regionaler Bibliothéik” - 1. Liesung: 8.30 Auer / 2. Liesung: 10.00 Auer / 3. Liesung: 14.00 Auer

Et wir flott, wa mir eis eng Kéier bei enger Liesung ginge begéinen.

Hei kënnt Dir mech fir eng Liesung kontaktéieren

“Jim Keane und das Labyrinth der Zeitkorridore” elo op Amazon

Saturday, December 29th, 2012

Zanter bal 40 Joer schaffen ech drunn; säit ech am 5. Schouljoer iwwer dem Atlas soutz an d’Route vun diene groussen Entdecker, Kapitänen a Piraten nogezeechent hunn. Deemools hunn ech ugefaangen, d’Geschicht vum “Jim Keane” auszedenken an opzeschreiewen.

Erausgi wollt ech se eigentlech ni esou richteg, mee elo hunn ech d’Méiglechkeet, dat ouni groussen Opwand bei Amazon ze maachen. Hei den Amazon-Text:

Begonnen hat der Autor dieses Buch im Alter von 10 Jahren! Jetzt, nach 40 Jahren ist es endlich fertig. Seit jeher ist Roland Meyer fasziniert von der Zeit der großen Segelschiffe, der Piratenkapitäne und der Entdeckungen. Diese ganze Begeisterung hat er nun in “Jim Keane und das Labyrinth der Zeitkorridore” gebündelt und in spektakulärer Form niedergeschrieben.
Jim ist Langstreckenläufer und zusammen mit seinen Mannschaftskameraden in ein Traningscamp nach Mallorca gefahren. Dort lernt er die beiden Zwillinge Thelma und Martha kennen, mit denen er sich anfreundet. Dies, und sein sportliches Können, wecken den Neid und die Eifersucht einiger Jungs aus dem Team. Es kommt zur Konfrontation und Jim tut das, was er am besten kann: er läuft den Verfolgern davon. Auf der Flucht kommt er an eine verlassene Farm. Dort will er sich verstecken und verschwindet dabei im “Labyrinth der Zeitkorridore”, einer Parallelwelt, von der nur eingeweihte Wissenschaftler Kenntnis haben. Jim hat sich somit, ohne es zu ahnen oder zu wollen, auf eine gefährliche Zeitreise mit ungewissem Ziel begeben.
Während Thelma und Martha nun versuchen, ihren Freund zu unterstützen, ihm mit Hilfe des geheimnisumwitterten Professors Bartholomew Johnston aus der Gegenwart Tipps zu geben, landet Jim auf einem englischen Dreimaster, der von Mallorca aus in geheimer Mission nach Madagaskar aufbricht. Der Kapitän, vor dem Jim anfangs noch einen Riesenrespekt hatte, entpuppt sich immer mehr als Marionette eines viel gefährlicheren, gespenstischen Wesens, das aus dem dunklen Rumpf des Schiffes heraus seine Fäden zieht und das Schicksal der gesamten Mannschaft wohl oder übel bestimmt.
Die Situation spitzt sich nach und nach zu und bei der Ankunft auf Madagaskar muss sich Jim entscheiden: soll er noch einmal flüchten oder soll er für immer in den Fängen des geheimnisumwitterten Captain Esquivel bleiben?
Spannung, Tempo und Phantasie sind hier gepaart mit historischem, literarischem und maritimem Hintergrundwissen, Reminiszenzen an berühmte Personen der Abenteuerliteratur wie Robinson Crusoe oder Long John Silver inklusive. Und immer wieder die bange Frage; schafft es Jim, einen Ausweg aus dem “Labyrinth der Zeitkorridore” und somit zurück in seine, in unsere Zeit zu finden.

Hei geet et bei Amazon

“Books for kids” - Bicher fir Kanner zu Lëtzebuerg

Wednesday, December 26th, 2012

Am Virfeld vum “Lëtzebuerger Buchpräis” hunn ech ëmmer nees gelies an och héieren, datt et net gutt sting em d’Kannerliteratur zu Lëtzebuerg. Ma do sinn ech ganz anerer Meenung. Natierlech ass net alles gutt, wat hei am Land erauskënnt, a grad wann et fir d’Kanner geduecht ass, ass dat guer keng gutt Saach. Mee einfach esou eng Behaaptung an de Raum stellen, kann et och net sinn…

Am neie “Cliärwer Kanton” hunn ech an engem Artikel meng Meenung zu diem Thema klipp a kloer gesot.

Hei kënnt Dir den Artikel liesen.

De Fernand Mathes schwätzt iwwer “Muedebëtzeg” op RTL

Friday, December 21st, 2012

Haut an der RTL-Emissioun “Kiosk” empfeelt de Fernand Mathes “Muedebëtzeg” als Kado fir ënner de Beemchen. Gutt esou! Firwat ech nach net op déi Iddi koum??!

Hei kënnt Dir lauschteren.

“Muedebëtzeg”-Tour - déi 5. Etappe den 22.2. op der Our

Friday, December 21st, 2012

Am November ass “Muedebëtzeg” mat dem “Lëtzebuerger Buchpräis 2012″ an der Kategorie Literatur ausgezeechend ginn.

An am Februar gëtt et déi nächst Liesung aus dësem Buch: den 22.2., also een Dag virum “Kick-Off-Gig” vun de Winklepickers zu Veinen. Um 20.00 Auer geet et zu Ënnereesbech am Kultour-Dëppe lass, wéi ëmmer zesumme mat de Musiker vun “Just Friends”.

Dir kennt d’Kultour-Dëppen nach net, ma da kënnt Dir hei kucken.

An hei gëtt et Informatiounen iwwer “Muedebëtzeg”.

De Plang vun de Liesungen am neie Joer

Thursday, December 20th, 2012

25.1.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - Grondschoul Konsdorf - 4. Zikel - 18.00 Auer

8.2.: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”; Piratekapitänen, Couscous a Goldfësch - fir Kanner - Centre National de Littérature-Maison Servais zu Miersch / Kibum - 9.00 Auer

22.2.: “Muedebëtzeg”; déi fënneft Statioun vum “Muedebëtzeg”-Tour; fir Erwuessener; dës Kéier am “Kultour-Dëppen” zu Ënnereesbech op der Our; zesumme mat de Musiker vun “Just Friends” - 20.00 Auer

18.3.: “Mango Panda”; 2 Tickete fir Uruguay - fir Jugendlecher - Lycée St. Anne Ettelbréck - 13.15 Auer

14.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Diddeleng an der “Regionaler Bibliothéik” - 1. Liesung: 8.30 Auer / 2. Liesung: 10.00 Auer / 3. Liesung: 14.00 Auer

Et wir flott, wa mir eis eng Kéier bei enger Liesung ginge begéinen.

Hei kënnt Dir Iech fir eng Liesung bei mir mellen.

Liesung an der Bibliothéik Tony Bourg zu Elwen

Wednesday, November 21st, 2012

An Zesummenaarbecht mam DCK an dem Cube 521 - Cube op Rieder liesen ech mar zu Elwen um 16.00 Auer an der Bibliothéik Tony Bourg.

Ech liesen haaptsächlech aus: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” an d’Liesung steet ënnert dem Motto: “Vu Couscous, Goldfësch a Piratekapitänen”. Et ass fir Kanner aus dem 2., 3. a 4. Zikel.

Hei gëtt et Infoen iwwer d’Liesung

Hei gëtt et Infoen an hei kënnt Dir d’Buch och kafen

De Lëtzebuerger Buchpräis op RTL

Friday, November 16th, 2012

Hei kënnt Dir de Repotage iwwer de Buchpräis 2012, dien RTL haut gewisen huet, am Replay kucken.

Vill Spaass!

Hei d’Presentatioun vum Buch

E Samschdeg um 15.00 Auer sinn ech op de Walfer Bicherdeeg

Friday, November 16th, 2012

E Samschdeg, de 17.11. sinn ech mëttes um 15.00 Auer zu Walfer op de Bicherdeeg um Stand vu mengem Verlag “Op der Lay” fir meng Bicher ze signéieren. Vläicht gesi mir eis jo dann…

Op der Lay

Op der Lay - Webshop

Hei d’Presentatioun vum Buch

De “Lëtzebuerger Buchpräis” fir “Muedebëtzeg”

Friday, November 16th, 2012

Ech hat et net fir méiglech gehalen a wollt eigentlech guer net op Walfer. Mee zum Gléck hunn déi richteg Leit mech iwwerried!

Villmools merci Iech all, déi fir d’Buch gestëmmt hunn a mech déi lescht Méint ënnerstëtzt hunn. Et war ee ganz schéine Moment gëschter Owend!

RTL

Wort

Tageblatt

L’essentiel