Archive for the 'Bicher' Category

Roughmix-Infoen…

Wednesday, April 30th, 2014

“Lëtzebuerg ass net de Mëttelpunkt vum Universum. Wann s de hei liefs, mengs de, et géif just Lëtzebuerg, et géif just déi Lëtzebuerger Façon de vivre, de luxembourgisch lifestyle, et misst esou sinn, mengs, d’Liewe wir esou, mee wann s de bis op aner Plazen an der Welt kënns, gesäis de ganz séier, op wat fir enger Insel datt s du liefs. Wann s de hei liefs, da liefs de d’Exceptioun, da bass de an enger priveligéierter Situatioun. D’Liewen u sech ass net dat, wat mir zu Lëtzebuerg zanter eiser Kandheet als d’Liewe kenne geléiert hunn, Sécherheet, Gesondheet, Wuelstand, dat ass d’Ausnaam. De Bléck vu bausse schäerft d’Bild, dat s de der méchs.”

Esou fänkt Roughmix un. Mäin neit Buch spillt an der Provence, zu Venedeg, an Apulien, am Maroc, an Thailand an op Bali an et geet trotzdeem just em Lëtzebuerg! Ëmmer nees wonnere mir eis, firwat Lëtzebuerg am Ausland esou ee schlechten Image huet, maachen elo esouguer nation branding fir diem schlechte Ruff lasszeginn. Mee näischt kënnt vu näischt.

An engem Land, an diem joerelaang alles wat gestéiert huet, ënnert den Teppëch gekiert gouf, muss een net iwwerrascht sinn, wann dien Dreck op eemol op anere Plazen opdaucht, sech nei Weeër a Kanäl sicht.

De Pierre, dien et bis zum Minister bruecht huet, an den Antoine, en onopfällege Landschoulmeeschter, hunn an de fréien 80er zesummen an enger Rockgrupp gespillt a sech dono aus den Ae verluer. Elo begéinen si sech erëm a staunen net schlecht, wat aus hieren Ziler, Dreem, Wënsch, Frëndinnen a Frënn, also aus hierem Liewe ginn ass. Esou haten si sech dat net virgestallt.

Op 312 Säiten probéieren ech d’Bild vun enger Generatioun a vun engem Land “zesummenzemixen”. Et ass ee “raue, graffe” Mix ginn, dien näischt verheemlecht an näischt ënnert den Teppëch kiert. “Wa Muedebëtzeg de Blues war, dann ass Roughmix de pure Punk!”

“Roughmix” ass do!

Sunday, April 27th, 2014

Vu mar u (28.4.) kritt dir dat neit Buch iwwerall! Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk: “an dat an engem Land wou villes ënner den Teppëch gekiert gëtt, wou iwwer e ganze Koup Theme guer net geschwat gëtt, wou de Bléck vu baussen d’Siicht schäerfe muss… Wat hu mir ze verstoppen?”
Hei déi éischt Infoen vun Op der Lay

3. Oplo fir “Muedebëtzeg”

Friday, March 14th, 2014

Dat ass eppes wat mech immens freet: “Muedebëtzeg” gëtt nach ëmmer vill gelies an och vill kaaft! Esou ass et scho bal normal, datt elo bei “Op der Lay” déi drëtt Oplo virbereet gëtt. Wann Dir d’Buch nach net hutt, dann ass also elo de Moment, fir et ze kafen :-) .

Hei kritt Dir Informatiounen iwwert d’Buch.

Hei kënnt Dir d’Buch bei “Op der Lay” kafen.

“Muedebëtzeg” ass och dat éischt Buch op Lëtzebuergesch gewiescht, dat et fir de Kindle ginn ass.

An hei gëtt et d’”Muedebëtzeg” bei iTunes.

“Roughmix” - dat neit Buch ass ënnerwee

Friday, February 7th, 2014

Gëschter kruet ech gring Luucht vun “Op der Lay”. Elo nach just eng leschte Kéier Iwwerschaffen, da geet de Munuskript definitiv bei de Verlag. Den Aarbechtstitel ass “Roughmix”, an esou fillt sech d’Buch och un:

Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk!

Muedebëtzeg bei Op der Lay

Op der Lay

Liesungen am Mäerz 2014 - Den décken dommen Dudu a Mango Panda

Tuesday, February 4th, 2014

An hei eng kleng Iwwersiicht iwwer d’Liesungen a Grondschoulen, déi ech am Mäerz maache wëll:

17.3.: Sonneschoul Näertzeng - 14.00 Auer

28.3.: Billek -Dräibour - 11.00 Auer - 14.00 Auer - 15.00 Auer plus eng Signéierstonn dono

31.3.: Wëntger - 14.00 Auer - 15.00 Auer - 16.00 Auer

Zwee Bicher vu mir gëtt et op Amazon

Friday, January 31st, 2014

Ënner digitaler Form kënnt Dir op Amazon zwee Bicher vu mir kréien: “Muedebëtzeg” als éischt lëtzebuergescht Buch, dat et fir den Amazon-Kindle gëtt, an den “Jim Keane”, e Fantasy-Buch, dat een nëmmen do kritt, an dat net ënnert anerer Form ze kréien ass.

Hei d’Linken:

“Muedebëtzeg” op Amazon

“Jim Keane” op Amazon

Vill Spaass!

“Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” - haut Liesung zu Mäertzeg - 31.1.

Friday, January 31st, 2014

Haut den Owend um 16.45 an um 17.45 Auer sinn zu Mäertzeg am Centre Turelbaach zwou Liesungen aus dem “Piratekapitäne”-Buch. Vläicht hutt Dir Zäit laanscht ze kommen.

Iwwer déi nächst Lieseungen geschwë méi op dëser Plaz.

Dat war die leschten “Zickelalarm”…

Saturday, December 21st, 2013

En Dënschdeg zu Walfer ware nees vill Leit do, schätzungsweis eng 80 Stéck, vläicht esouguer méi. Dat war déi leschte Kéier, datt ech dës Liesung gemaach hunn. An och hei gouf ech nees gefrot, ob et den Text vum “Zickelalarm” net als Buch ze kafe gëtt. Gëtt et net!

Wéi ech mat dëser Liesung ugefaangen hunn, hätt ech mir ni dreeme gelooss, datt dat esou ee groussen Erfolleg géif. Ech hat also och net eng Sekonn doriwwer nogeduecht de Manuskript ze publizéieren.

Mee nodeem esou eng grouss Nofro besteet, hunn ech mir virgeholl, éischtens an engem bis zwee Joer en neien “Zickelalarm” ze maachen an dann zweetens dien éischten an dien zweeten zesummen erauszeginn. Do brauche mir iewer nach e bësse Gedold.

Am “Zickelalarm I” waren Extraiten aus folgende Bicher: “Den décken dommen Dudu” an “Dem Kinnek säi Gaart”… fir all déi, déi wëlle noliesen. :-)

An op Youtube sinn elo grouss Deeler vum “Zickelalarm I” ze gesinn:

Den Teaser

De Schoulmeeschter

Selbstgesteiert Léieren

D’Schoulcharta

D’Schoulmeeschteschpeien

Zickelalarm: déi leschte Kéier zu Walfer de 17.12.

Thursday, December 5th, 2013

“Hallo, Rol!

Am Cité, dat war nawell ganz flott, nee, saugudd!! Wat hues du eng Energie! Och deng “politesch” Aussoen (Kids, onméiglech Immobilienpreisser, den Zwang zu 2 schaffen mussen ze goen, den Réunitis-,  Charta- an Formatiouns-Wahn, …) waren kloer, engagéiert, pertinent, couragéiert - Respekt!

Du soss, du giffs all Kand reich Elteren verschafen. Dat, méngen ech, ass effektiv dat eenzegt Mettel, fir all di Gewalt, all di aktuell himmelschreiend Ongerechtegkeeten an den Greff ze kréien.

Dozou just nach e Sproch, anscheinend vum Charlie Chaplin: WER NICHT GELIEBT WIRD, HASST! All di Leit, di komplett lenks leien gelooss gin, um oder ennert dem Existenzminimum mussen liewen, all di Kanner - di mussen jo iwwerzeegt sin, si giffen net “geliebt” gin. Wat kënnt do nach op eis duer???

Merci, Rol - dat war saugudd! Pir

P.S.: Vleit, vleit, kommen ech och nach op Walfer - no guarantee! “

Haut um 18.30 Auer “Zickelalarm” am Cercle

Tuesday, December 3rd, 2013

Haut um 3.Dezember ass déi zweetlescht Liesung aus der Zickelalarm-Staffel 2013. Déi allerlescht ass de 17.12. zu Walfer.

Fir 2014 ass iewer eng Suite virgesinn, ze soe gëtt et jo nach ëmmer genuch!

Hei d’Infoen iwwer haut den Owend op RTL.