Archive for the 'Bicher' Category

Liesung fir Kanner um Veiner Bicherfest den 21.9.

Saturday, September 13th, 2014

Um Veiner Bicherfest den 21.9. um 15.00 Auer am Schlooss: eng Liesung fir d’Kanner: fir d’éischt : “Zu lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” an dann um 15.30 Auer fir déi e bësse méi grouss: “Den décken dommen Dudu”. Net verpassen!

Hei gëtt et Informatiounen iwwer de Programm vum Bicherfest.

“Roughmix”-Liesung zu Born de 26.9.

Monday, September 8th, 2014

Zesumme mat “Just Friends” an engem gudden Iessen vum Jeanne Offermann: eng Roughmix-Liesung de 26.9. zu Born an der Brennerei… an dat um 19.30 Auer.
Informatiounen zu der Liesung an zum Iessen - Umeldung

Liesungen am Hierscht

Monday, August 4th, 2014

Eng Rei Liesunge si fir den Hierscht programméiert.

Hei emol déi éischt:

21.9.: Um Bicherfest zu Veinen: Piratekapitänen a vollfett Kanner - eng Liesung fir Kanner mëttes um 15.00 Auer

25.9.: “Roughmix”-Liesung zu Ettelbréck an der Bibliothéik mat “Just Friends”

26.9.: “Roughmix”-Liesung zu Born an der Brennerei mat “Just Friends” a guddem Iessen

Vläicht gesi mir eis eng Kéier am Hierscht …

“Roughmix” - Kritik vun der Kritik - Tageblatt

Sunday, July 27th, 2014

An der Literaturbäilag vum Tageblatt war dëser Deeg eng Rezensioun vu “Roughmix”. Dat freet mech, ech hunn et ëmmer gär, wann iwwer d’Buch geschwat gëtt. - Zu Lëtzebuerg gëtt vill ze wéineg iwwer Bicher geschwat! - De Jeff Thoss huet dat tipptopp gemaach, eng Parti Detailer ervirgehuewen, déi weisen, datt hien den Text net nëmmen iwwerflächlech gelies huet, mee sech richteg drop agelooss huet. An hie beschreift och ganz gutt déi Gefiller, déi ee beim Liesen huet.
A sengem leschte Saz seet en: “Roughmix ist ein hochaktueller, vielleicht gar ein wichtiger Roman, aber oft auch ein ärgerlicher, dem ein finaler Feinschliff wohl nicht geschadet hätte.”

Ech hu mer gesot, wann ee säi Buch “Roughmix” nënnt, an och stilistesch esou drun  erugeet, da muss een och de Courage hunn, fir grad op esou ee “Feintuning” ze verzichten. Nëmmen da bleift een authentesch a kongruent. Datt dat “ärgerlich” ass, ass gewosst an esou och geplangt… an datt ech d’Leit verstéieren an opbréngen, domat muss ech liewen.

Ech wëll de Lieser mat dësem Buch rose maachen, an ech wëll, datt en dat och kierperlech spiert. A mäi Wee fir dat ze realiséieren war de “Roughmix” als solchen stoen ze loossen.

Hei d’Kritik am Tageblatt

Hei weider Informatiounen iwwer “Roughmix”, ee Buch bei diem sech engem emol kann de Mo ëmdréinen ;-)

D’Longlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014 mat Roughmix

Monday, July 21st, 2014

Et geet also nees an d’Rennen! Esouvill literaresch Bicher wéi nach ni sinn op der Longlist a Roughmix ass dobei!

Hei gëtt Informatiounen iwwer Roughmix

An hei iwwer d’Longlist a wien nach alles dobei ass

“Roughmix”-Liesung: klenge Film aus dem Mierscher Kulturhaus

Wednesday, June 25th, 2014

“Roughmix”… déi perfekt Lektür fir am Summer op d’Reess ze goen!
Hei e klengen Auszug aus der Liesung de 4.6. zu Miersch am Kulturhaus:
http://www.luxorr.lu/lord-tv.html
“Fust Friends” sinn: Luc Hoffmann, Mulles Scholtes a Jang Steffen.
Am Hierscht gëtt et nach weider Liesungen, ënnert anerem zu Uewerkur an an der Staadt…

Eng gutt Show!

Thursday, June 5th, 2014

Et ware ganz vill Leit gëschter op der Presentatioun vu “Roughmix”, domat hat kee wierklech gerechent. De Mix aus Liesen a Musik huet geklappt, war vläicht e besse laang, mee fir déi “éischte Kéier” hëllt een sech ëmmer zevill vir. D’Kritike ware super, mee mir brauche jo och net vill ;-) . Mir schaffe weider um Mix fir den Hierscht, wa mer mat der Show op Tournée ginn.

E ganz décke MERCI dem Lieshaus, dem Kulturhaus, dem Verlag Op der Lay an domat mengen ech all déi Leit, déi sech gëschter beméit hunn.

D’Fläschepost ass elo also ënnerwee, wien se alles opmécht a wat draus gëtt, wees ech net.

Hei d’Kritik aus dem Feierkrop

An hei e ganze Koup weider Infoen iwwer d’Buch

Tonight showtime: Presentatioun vu “Roughmix” zu Miersch

Wednesday, June 4th, 2014

An Zesummenaarbecht mat Op der Lay an dem Mierscher Lieshaus ass den Owend um 20.00 Auer zu Miersch am Foyer vum Kulturhaus déi offiziell Presentatioun vu “Roughmix”.

D’Lëtzebuerger Sportswelt huet sech géint mech zesummegedoen an esou hunn ech den Owend als Konkurenz de Lännermätsch géint Italien an de Prolog vum Tour de Luxembourg. ;-)
Mee mir wëssen ze kämpfen: ënnerstëtzt ginn ech vun “Just Friends”, dem Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jang Steffen. Den Entrée ass fräi a Reservatioune gëtt et keng; well déi wierklech gutt Saachen am Liewe kann een net am Viraus reservéieren.

Bis den Owend, ech freeë mech an ziddere mech duerch den Dag!

Haut, 17.20 Auer um 100,7: Kulturevent

Monday, June 2nd, 2014

De Gilles Wünsch vum Radio 100,7 presentéiert haut um 17.20 Auer a mar um 8.35 Auer mäin neit Buch “Roughmix” a virun allem d’Liesung e Mëttwoch um 20.00 Auer am Mierscher Kulturhaus an Zesemmenaarbecht mat Op der Lay an dem Mierscher Lieshaus.

Hei kënnt Dir lauschteren

an hei weider Informatiounen iwwer d’Buch

Offiziell Presentatioun vu “Rouhgmix” de 4. Juni zu Miersch am Kulturhaus

Thursday, May 8th, 2014

An Zesummenaarbecht mat dem Mierscher Lieshaus an dem Verlag Op der Lay stellen ech

e Mëttwoch, de 4. Juni 2014 um 20.00 Auer

zu Miersch am Foyer vum Kulturhaus

mäin neit Buch vir.

Musikalesch ënnerstëtzt ginn ech vun “Just Friends”, dat sinn: de Mulles Scholtes op der Gitar, de Luc Hoffmann um Gesang an op der Gitar an de Jang Steffen um Bass an op der Percussioun.

Den Entrée ass fräi!

An hei gëtt et Infoen iwwer d’Buch