Archive for the 'Publikatiounen' Category

Food Leaks - hei déi nächst Terminer

Monday, March 26th, 2018

25.4.: Sandweiler - 01.05.: Neimënster Lëtzebuerg - 03. & 04.05: Kulturhaus Miersch - 08.05.: Cercle Lëtzebuerg - 18.05.: Diekirch / Äppel a Biren - 28.09.: Housen - 13.10.: Lëntgen - 19.10.: Peppeng - 26.11.: Differdange / Aalt Stadhaus - 28.11.: Kulturhaus Nideranven

Wenn immer alles so einfach wäre

Monday, March 26th, 2018

Esou lues gëtt et Zäit!

Zäit fir een neit Buch an Zäit fir driwwer ze schwätzen. Am Abrël 2016 hunn ech et zu Miami ugefaangen, dat ass schonns eng Zäitchen hier, et ass op Däitsch, wat net nei bei mir ass, “Spring auf!”, “Mission geheimer Stollen” an “Jim Keane” waren et och schonns, e puermol sinn ech op Berlin gefuer, fir ze recherchéieren an elo ass et geschwë fäerdeg. D’Korrekture si gemaach, merci Raphaëlle, Doris a Gollo, de Cover ass do, merci Eric! Et muss just nach gedréckt a gebonne ginn. Ech freeë mech wéi bänzeg.

Geschwë weider Informatiounen.

Zweemool “Food Leaks” dëse Weekend

Friday, March 23rd, 2018

Lass geet et den Owend zu Woltz am Brandbau (23.3. um 20.00 Auer) a weider geet et mar bei der LSAP zu Habscht. Do gëtt et och eppes ze jicken.

Et sinn elo nach eng ganz Rei Terminer bäikomm… Wann dir och ee Food Leaks wëllt buchen, da maacht iech elo bäi.

Ech freeë mech.

Den Tel Mo ass op der Shortlist fir de Servais-Prais

Tuesday, March 20th, 2018

Domat hätt den Telmo bestëmmt net gerechent! Säi Buch ass op dier nei-agefouerter Shortlist fir de Servais-Präis. An dat a ganz gudder Gesellschaft: Pol Greisch, Nico Helminger, Geoges Hausemer, Tom Nisse… an - eben - den Telmo.

“Yo Mann!”
Ech hoffen elo, datt net nëmmen d’Buch mee och den Telmo selwer déi Opmierksamkeet kritt déi e brauch. Ech sinn déck frou.

Dat hei seet RTL.

Tonight showtime: Food Leaks zu Käerch den 9.3.

Friday, March 9th, 2018

Haut um 20.00 Auer op de Käercher Literaturowenter…

An dat zesumme mam Eros vun der Spuerkeess-Agence: Food Leaks, déi kabarettistesch Liesung iwwer Iessen a Politik oder Politik an Iessen a wat een iwwer dem Iessen alles esou seet an esou denkt. Well dat, wat een do seet, ass meeschtens dat, wat een denkt, sech iewer op kenger anerer Plaz wéi um Dësch, virum gutt gefëllten Teller a mat diem een oder anere Pättchen an der Gladder, géif trauen ze soen.

Ies, datt eppes aus der gëtt! A wa bis eppes aus der ginn ass, dann ass et meeschtens schonns ze spéit, well da muss de d’Schnëss halen; wann s du de Mond zevill voll hëlls, kënnt dat emol schlecht fir dech ausgoen. Iess der Courage un an drénk, drénk fir dass de net alles matkriss, wat am Moment esou geschitt.

Info an Umelldung op: kulturkaerch@gmail.com

Déi nächst Food Leaks sinn zu Käerch

Friday, March 2nd, 2018

E Freideg, den 9.3., owes um 20.00 Auer ass déi nächst Virstellung vu Food Leaks am Festsall zu Käerch an dat am Kader vun de Käercher Literaturowender.

Info an Umelldung op: kulturkaerch@gmail.com

Den 23.3. sinn ech da mat dësem Programm zu Woltz an de 24.3. zu Habscht.

Food Leaks zu Ettelbreck den 1.3. um 19.30 Auer

Wednesday, February 28th, 2018

An elo d’Deuxième! Jidderee weess, datt dat déi schwéierst Virstellung ass.

Nëmme gutt, datt et zu Ettelbreck ass, also bal een Heemspill. Et ass an der Bibliothéik, do wou esou vill léif Leit sech ganz gutt wäerten em mech an em Iech këmmeren an et ass um 19.30 Auer, also eppes méi fréi wéi gewinnt.

No dier gudder Première vu gëschter owend freeën ech mech elo richteg drop an hoffen, datt et nech eng Kéier esou tipptopp klappt.

Bis mar!

27.2. Tonight showtime: Food Leaks - Première

Monday, February 26th, 2018

Endlech!

Et ass elo Zäit ginn!

Am Nëssert um 20.00 Auer déi alleréischte Kéier, ënnert dem Motto: “Elo séngt en och nach!”

Ech freeë mech, ech sinn opgereegt, mir geet de Wapp, dat wäert scho klappen.

Hei de Menu: Cupidon en verre - Fettliewer fir Chrëschdeg? - Waarden op d’Tamara - Déi fett Joere sinn eriwwer - Dat gutt ongesond Iessen - Männersaachen - Kraaftbéier - Den Zerfall - Superfood - Filmrëss

An dat alles mat der Animation musicale vum Eros vun der Spuerkeess-Agence

Food Leaks: eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

Thursday, February 8th, 2018

Hei déi dräi éischt Virstellungen…
27.2.: Kulturzenter beim Nëssert Biergem (Première)
1.3.: Bibliothéik Ettelbreck
9.3.: Literaresch Liesowenter zu Käerch

Wéi ëmmer esou kuerz virdrun: Tunnell!

Ass et gutt? Gefällt et? Wat man ech, wann et net ukënnt? Gëtt et e Plang B?

Am Moment hëlleft géint esou “Selbstzweifele” just: VERDRÄENGEN!

Zwee Terminer um 27.1.

Monday, January 22nd, 2018

E Samschdeg gëtt et e bësse stresseg: zu Dideleng ass Kannerbicherdag. Do liesen ech aus dem Tel Mo, déi éischte Kéier, vu 15.00 bis 15.30 Auer.

An dann ab 20.00 Auer ass am Ancien Cinéma zu Veinen de Gig vun de Winklepickers.