Archive for the 'Publikatiounen' Category

De Roland Meyer ass net op Facebook

Wednesday, December 21st, 2011

Ëmmer nees kréien ech Frëndschaftsufroen op meng Email-Adress an och Facebook selwer schéckt mir allerhand Mailen. Ech weess net wéi dat gaangen ass, mee do muss iergendeen e gewëssen “Rol Meyer” op Facebook ënner menger Email-Adress ugemellt hunn…

Esou kann et goen. Op alle Fall gëtt et och weider alles Interessantes iwwer meng Projeten just op dëser an op mengen aneren Säiten ze liesen an net op Facebook. Dat ass eppes wat ech ni wollt matmaachen, deels aus Angscht deels aus Iwwerzeegung. Wann ech gesinn, wat aus dier Iddi ginn ass a wivill Zäit vill Leit domat verléieren, dann denken ech, datt ech mech deemools richteg entscheed hat.

Internetsäiten mat Informatiounen iwwer meng Aarbécht (net iwwer mech!) fand Dir hei.

Die neie “Cliärrwer Kanton” ass do

Friday, December 16th, 2011

“De Cliärrwer Kanton” 3/2011 ass elo just eraus. Dir fand do nieft ville flotten aneren Artikelen och mäi Bäitrag “Kompetent “Kids”". Leider ass um Schluss vum Artikel iergend eppes falsch gaangen, esou datt nach e franséische Saz ze liesen ass, dien iewer näischt mam Inhalt ze dinn huet. Den Artikel hält mat “Dat wir schéin!” op. Ech muss nach klären, wéi dat konnt geschéien.

Fir all déi, déi de “Cliärrwer Kanton” net hunn, hei kënnt Dir den Artikel am Original liesen an d’Zeitung och abonnéieren.

Kompetent “Kids”

De Cliärrwer Kanton

“Muedebëtzeg” gëtt iewer net fäerdeg…

Saturday, December 10th, 2011

Mir mussen eis nach e bësse gedëllegen. Vun “Op der Lay” hat et geheescht no de Walfer Bicherdeg ging direkt dat neit Buch fir Erwuessener gedréckt ginn. Mee leider huet alles méi laang gedauert wéi ueholl an esou wäert et dann nach weider daueren. Gedold, Gedold… mee dat ass net ëmmer meng Stäerkt!

“The Winklepickers”: Release vun “Haddocks and French Kisses”

Thursday, December 8th, 2011

Nuvelle fir de Februar: den 10.2. ass d’Party am Sang a Klang a Clausen an Zesummenaarbecht mam “Lëtzebuerger Bluesclub”. Den 11.2. gesi mir eis zu Veinen am “Ancien Cinéma”. Mir schwätzen am Moment mat “Crossroads”, déi hiere neien CD och dëser Deg fäerdeg maachen, fir de Release zesummen ze organiséieren.

Bluesclub Lëtzebuerg

Ancien Cinéma Veinen

Crossroads

Big brother is watching me - Autorelexikon vum Literaturzenter Miersch

Sunday, December 4th, 2011

Ech war schonns e bëssen erféiert, wéi ech gelies hunn, wat se zu Miersch alles iwwer mech zesummegesicht hunn. Mee net nëmmen iwwer mech, nee och nach iwwer “eng Millioun” aner Lëtzebuerger Auteuren. Respekt! Do ass gutt geschafft ginn an et ass wierklech interessant, eng Kéier am Lexikon vun de Lëtzebuerger Auteuren vum Mierscher Literaturzenter (Maison Servais) laanschtzekucken.

Autorelexikon Maison Servais Miersch

An hei den Artikel iwwer mech.

10.2.2012 & 11.2.2012: “Winklepickers” Release-Parties

Wednesday, November 30th, 2011

Den 10.2. an der Staadt an den 11.2. zu Veinen am “Ancien Cinéma” stelle mir eisen neien CD “Haddocks and French Kisses” vir. Fir all déi, déi um Rhythm’n Blues à la “Winklepickers” interesséiert sinn…

Hei geet et bei den “Ancien Cinéma” op Veinen.

Matinée: sonndes de 27.11.: et gëtt nach e puer Plazen

Saturday, November 26th, 2011

De “Schwaarze Péiter” mécht sech op de Wee, hien ass schonns amgaangen d’Dir hannert sech zouzezéien. Deemno ass déi allerlescht Chance hien nach eng Kéier zu Miersch am Kulturhaus ze begéinen e Sonndeg, de 27.11. mëttes um 17.00 Auer; et gëtt nach e puer Plazen. Dono huet hien sech definitiv aus dem Stëbs gemaach.

De “Schwaarze Péiter” vum “Kabaret Sténkdéier”.

The Winklepickers: “Haddocks and French Kisses” ass um Wee

Monday, November 21st, 2011

Dëse Weekend hunn den Daniel Meyer an de Paul Neuen de neien CD fäerdeg gemixt. Elo gëtt d’Musik als nächst nach zu Trierweiler gemastert an da kann et lass goen. Fir den 10. an 11.2.2012 sinn d’Release-Partye geplangt.

Hei kënnt Dir de Winklepickers beim Ophuele nokucken.

“Books for Kids”

Thursday, November 17th, 2011

Esou heescht op de Walfer Bicherdeg déi Plaz, wou et “Bicher fir Kanner” gëtt. Firwat heescht déi Plaz da net “Bicher fir Kanner”? Mir soen, bis elo emol, jo och net “Walfer Book Days”. Ass “Books for Kids” méi “cool”? Méi international? Méi …? Ech weess et net! Firwat heeschen eis Kanner op eemol “Kids”? Gëtt et do ee Grond, stécht eppes dohannert? An engem Artikel hunn ech mir doriwwer e bësse Gedanke gemaach.

Hei kënnt Dir e liesen.

Eng gutt Noriicht - Release am Februar

Thursday, November 10th, 2011

Gëschter an der Emissioun op RTL beim Patrick Greis a Gérard Valerius ass den Zoustand vu mengem lénksen Zeigefanger thematiséiert ginn. Maja, fir all déi, déi dat interesséiert: ech hunn de Moien fir d’éischt zanter méi wéi engem Mount nees Gitar geprouft. Richteg, eng Véierelstonn laang, op menger Stratocaster, a gutt haart! Et geet also nees biergop!

Eisen neien Winklepickers-CD, “Haddocks and French Kisses” plange mir am Februar virzestellen. Dofir muss elo geprouft ginn, och wann et nach wéi deet.

www.winklepickers.lu