Archive for the 'Publikatiounen' Category

Kompetenzsockel - socle de compétence

Thursday, January 19th, 2012

RTL huet “Kompetenzsockelen” zum “Grujelwuert vum Joer” gemaach an doheem an an der Schoul si vill Leit domat geplot. Am “CK” hunn ech en Artikel publizéiert, an diem ech d’Kompetenze vun eise Kanner emol ganz anescht beliichten:

Hei kënnt dir dien Text liesen.

Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”

Tuesday, January 17th, 2012

Esou wéi versprach gëtt et elo dien nächsten Text. “Ausser Otem” heescht en an ass aus der Editioun 2007 “Kulturus Interruptus”. Deemools war Lëtzebuerg Kulturhaaptstaadt a vu Kriiss ass nach net geschwat ginn! Et war och d’Joer an diem mäi Musical “Fusion” opgefouert gouf an eisen Andy 2. am Giro gouf.

Hei kënnt dir den Text liesen.

Hei gëtt et nach aner Texter.

Hei geet et bei d’Revue vum Lëtzebuerger Theater.

Muedebëtzeg: Broschtkriibs; cancer du sein; Brustkrebs

Monday, January 16th, 2012

An diene nächsten Deeg wëll ech hei Informatiounen iwwer dat neit Buch “Muedebëtzeg” ginn, dat an e puer Wochen bei “Op der Lay” erauskënnt. Ech fänke gären u mat diene groussen Themen. Een zentraalt Thema ass d’Krankheet an an dësem spezielle Fall de Broschtkriibs.

Statistesch gesinn gëtt a Lëtzebuerg mëttlerweil all Woch wéinstens eng Fra mat Broschtkriibs detektéiert. Dës Krankheet spillt an eiser Gesellschaft also eng onheemlech wichteg Roll. Iwwerleet een sech donieft och nach, wat alles mat der weiblecher Broscht konkret an och symbolesch verbonnen, verknäppt ass, da gëtt engem bewosst, datt een dës Krankheet net ënnerschätzen däerf.

A “Muedebëtzeg” geet et och em Broschtkriibs a wéi d’Leit, net nëmmen d’Fraen, domat emginn.

Op der Lay

Op der Lay Buttek/Webshop

Muedebëtzeg: et geet an d’Dréckerei

Friday, January 13th, 2012

De Gollo seet a 14 Deeg kann d’Buch do sinn. Alles ass verbessert, de Cover esouwäit fäerdeg. Wann dir d’Buch scho wëllt virbestellen, kënnt dir dat elo hei maachen. Esoubal et do ass, kritt dir et da mat der Post heemgeschéckt.

Maacht einfach eng Mail!

Winklepickers Video

Monday, January 9th, 2012

Zesumme mam Claude Sibi Sibenaler maache mir den Owend de Video fir die neien CD. Ausgewielt hu mir “Handjive”.
An diene nächsten Deeg kënnt dir de Film hei gesinn.

The Winklepickers & Crossroads: two bands, two nights

Monday, January 9th, 2012

Esou ass de Slogan, die mir gesicht hunn fir déi zwou Release-Partyen. An Zesummenaarbecht mam “Bluesclub Lëtzebuerg” an zesumme mat “Crossroads”, déi hiere neien CD “Second chance” virstellen, presentéiere mir “Haddocks and French Kisses”.

Éischten Owend: freides, den 10.2.: Sang a Klang am Gronn - Opening 20.30 Auer

Zweeten Owend: samschdes, den 11.2.: Ancien Cinéma zu Veinen - Opening 21.00 Auer

Déi zwee Owenter ass den Entrée fräi!

www.winklepickers.lu

www.crossroads.lu

www.bluesclub.lu

www.anciencinema.lu

E schéint a gutt neit Joer …

Thursday, December 29th, 2011

… fir Iech all, déi Dir heiansdo hei op mengem Blog laanschtkuckt.

Viru genee engem Joer hunn ech dien éischte Post gemaach an elo ass et un der Zäit fir de Bilan (sic!) ze maachen. Ech weess net, wivill Leit dës Säit besicht hunn, mee an dienen nächsten dräi Deg probéieren ech dat nach erauszefannen. Versprach!

2011 war am Prinzip e gutt Joer: de “Schwaarze Péiter”-Programm vum “Kabaret Sténkdéier” huet ronn 4000 Leit gelackelt, mat de “Winklepickers” hunn ech “Haddocks and French Kisses” opgeholl , dat elo zu Trierweiler bei Skywalk gemastert gëtt an e puer fulminant Concerte gespillt, d’Theaterschoul huet sech gutt entwéckelt, ech hat eng Rei flott Liesungen, “Méi ass et net” vum Remy Kraus, Tom Kraemer a vu mir ass erauskomm, “Dem Kinnék säi Bësch”, en Theaterstéck fir dat internationaalt Joer vum Bësch ass a ville Schoule gespillt ginn, mam “Holzwuerm” hu mir de “Kinnék ouni Kroun” virun 2300 Spectateure gespillt, de Ministère huet meng Broschüre iwwer d’Theaterschoul als Courrier-No spécial erausginn, “Muedebëtzeg” ass esou gutt wéi fäerdeg a kënnt geschwënn eraus…

Mir wënschen ech datt 2012 grad esou gutt gëtt an Iech nëmmen dat BESCHT!

Et gëtt eescht!

Wednesday, December 28th, 2011

Gëschter ass de Saz vum “Muedebëtzeg” vum Gollo komm. Elo muss nach eng Kéier die ganzen Text gelies ginn an da gëtt e geschwënn gedréckt. Den Datum vun der Publikatioun réckelt also ëmmer méi no.

Déi grouss Theme vum Buch sinn de Verfall, d’Krankheet an den Dout. Kléngt zimlech depriméierent, ass et och.

Allerdéngs ginn och Saachen opgedeckt, déi Dir esou net fir méiglech gehal hätt! Eng dovun sinn d’Verbriechen déi am “Kale Krich” begaange gi sinn an dat guer net wäit eweg vun hei…

Op der Lay

Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”

Tuesday, December 27th, 2011

Zanter 2006, also schonns während sechs Joer schreiwen ech Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”. Ech hu mech elo decidéiert, déi Texter, déi mir am beschte gefalen, hei ze publizéieren. Wann Dir déi Texter wëllt spillen, kënnt Dir dat gäre maachen. Dir sollt just w.e.gl. mäin Numm als Auteur vum Text dann uginn.

Als éischen Text gëtt et hei den “30 Joer feste Prisong” aus dem Programm 2010 “Helleger Bimbam”. Et ass ee vu menge Lieblingstexter.

Hei kënnt Dir e liesen.

Hei gëtt et nach aner Texter, Kuerzgeschichten an Artikelen…

Ee Chrëschtkado mat e bësse Verspéidung

Monday, December 26th, 2011

Elo ëm d’Feierdeg hat ech e bessen Zäit, fir e puer vu mengen alen Texter eremzesichen an ze liesen. Dobäi sinn ech op een Text vun 1985 gestouss. Deemools, als jonke Kärel, sinn ech en Teppech kafe gaangen, wat sech iewer als zimlech komplizéiert Saach erausgestallt hat…

Et war ee vu mengen éischten Texter, déi ech an dëser schonns zolitt satirescher Form geschriwwen hunn, et goufe nach Frangen an nach keng orthografesch Regelen. Vill wäerten der soen, et war iwwerhaapt eng besser Zäit.

Als Kado fir Chrëschtdag hunn ech den Text hei fir Iech. Esou fänkt en un: T’jo, meng Fra hat decidéiert en Teppech ze kafen. E Perserteppech! Et sollt also ee vun dienen deiere sinn. Ausserdeem gouf et Solden am Geschäft an eis Stuff war vill ze kal fir de Bebé…