Archive for the 'Publikatiounen' Category

Vältesdag

Tuesday, February 14th, 2012

Haut ass Vältesdag an dat neit Buch fir Erwuessener “Muedebëtzeg” spillt op Vältesdag 2010. De Paul ass zu Cannes am Martinez a léist nach eng Kéier déi zwee lescht Joeren, déi säi ganzt Liewen aus dem Gläichgewiicht bruecht hunn, Revue passéieren. Wat huet hien alles falsch gemaach? Ass dien Desaster seng Schold? Wat ass Schold? Kann hie säi Liewen nach eng Kéier an de Grëff kréien, et “restauréieren”, wéi hien et als Architekt bei “Sites et Monuments” ausdrécke géif, oder geet elo definitiv alles d’Bach an. D’Laura, seng Fra, oder d’Isabel, déi jonk Architektin…?

Ech hu gëschter déi éischt Kritik vun engem Lieser kritt an déi stëmmt mech ganz zouversiichtlech: “Däi Buch ass ganz interessant an et mecht mer vill Freed.Ech si schonns op der Seit 103 beim Kapitel 23, obwuel ech normalerweis e bësselchen Problemer hu mam Lëtzebuergeschen, well ech ess eben net vill an net oft liesen. Awer däi Buch rutscht gudd – et betrëfft jo och d’Problemer vun de Männer iwwer 50 an an dem Alter sinn ech nun emol, schäiss, ob ech et well oder net (nujo, wéi en “ale Saack”, wéi de Paul dësen Zoustand nennt, fillen ech mech just heiandsdo, meeschtens awer nach nett!).”

D’Buch ass elo och an de Librärien, an dir kënnt et do kafen.

Muedebëtzeg - Op der Lay

Sunday, February 12th, 2012

De Gollo huet mäi neit Buch elo bei “Op der Lay” presentéiert.

Hei kënnt dir et fannen

An hei kënnt dir et kafen

Muedebëtzeg kascht 14.90 €

Friday, February 10th, 2012

Ech hunn elo déi éischt Exemplare vu “Muedebëtzeg” an der Hand, an et ass ëmmer nees e ganz besonnesche Moment. Ech si frou, datt d’Buch esou schéi ginn ass, ech sinn houfreg, datt et iwwerhaapt gedréckt gouf, ech freeë mech, datt ech déi Zäit elo kann hannert mir loossen.

Grad elo, wou ech dëst Buch op mengem Schreifdësch leien hunn, gëtt mir bewosst, datt domatt een Deel vu mengem Liewen eriwwer geet, datt ech dien ofschliesse kann, esou wéi ech d’Buch kann zouklappen.

Hei kënnt dir d’Buch bestellen, fir 14,90 €

E “Winklepicker” op der Tëlé

Friday, February 10th, 2012

E Mëttwoch war ech mam Claude Bintz vu “Crossroads” am “20 vir” beim Monica op RTL. Mir hunn do “Haddocks and French Kisses” an “Second chance” presentéiert a Reklam fir eis Release Parties gemaach. Fir all déi, déi d’Emissioun verpasst hunn, iewer trotzdeem wollte virwëtzen: hei am Replay kann een se ëmmer nach eng Kéier kucken. Ëmmerhin gëtt ee gewuer, wat dann elo wierklech ee “Winklepicker” ass.
Sou, an elo gëtt et Eeescht! Haut ass dien éischte Gig am Sang a Klang. E ganzt liicht Zéien an de Fanger an och an der Mogéigend spieren ech schonns. Et wäert dach net d’Opreegung sinn…?

Kuckt hei “20 vir” op RTL am Replay

Iwweregens si mir haut Tipp vum Dag an der Wort-Agenda. Villmools merci dem Sabrina Homann fir de Post

An am Tageblatt kënnt dir dien neien CD gewannen

Muedebëtzeg - d’Buch ass do

Monday, February 6th, 2012

Muedebëtzeg, dat neit Buch fir Erwuessener ass elo vum Buchbënner zréck a kënnt deemno dës Woch nach eraus. Dat ass gutt: esou kann ech et mat op d’Releasepartien huelen an et ass och op Vältesdag prett.

Haddocks and French Kisses - Release an enger Woch an haut den Artikel am “Wort”

Thursday, February 2nd, 2012

Just nach eng Woch bis zum Release vun eisem neien CD “Haddocks and French Kisses”. Zweemool stelle mir zesumme mat Crossroads dien neien CD vir:

10.2. um 21.00 Auer am Sang a Klang an der Staadt

11.2. um 21.00 Auer am Ancien Cinéma zu Veianen

Hei kënnt dir den Artikel aus dem Wort vum 2.2. liesen

www.winklepickers.lu

“Willie and the handjive” - den CD an de Video sinn do

Tuesday, January 31st, 2012

Gëschter gouf dien neien CD “Haddocks and French Kisses” geliwwert. Dir kënnt en elo direkt hei bestellen.

An de Claude “Sibi” Sibenaler huet och de Video op youtube gesat: “Willie and the handjive” weist d’Winklepickers als Lëtzebueregr Kultband. Musst dir onbedingt kucken!

Hei kënnt dir die neien CD bestellen

Hei kënnt dir de Video kucken

An hei geet et op de Site vun de Winklepickers

Kreativt Schreiwen - Mir schreiwen e Buch

Sunday, January 29th, 2012

Ech hunn iech e puer Beispiller vu Bicher, déi ech mat Klasse geschriwwen hunn, hei op d’Säit gesat. Dës Bicher goufe vun de Kanner selwer geschriwwen am Kader vun Kreativt-Schreiwen Atelieren.

Hei fand dir déi Bicher

Mail mir wann dir och esou Projet mat de Kanner plangt

Muedebëtzeg ass fir Vältesdag do

Wednesday, January 25th, 2012

Ganz gutt Noriichten deemno vun “Op der Lay”: fir de 14.2. soll dat neit Buch fäerdeg sinn an an de Butteker leien. Ech hunn et an diene leschten Deeg och nach zweemol gelies, an ech si gespaant, wéi et ukënnt. Jiddereen, dien et bis elo gelies huet, ass vun diem Text beréiert ginn. Dat hängt bestëmmt un den Themen, déi behandelt ginn, mee iewer och un der Aart a Weis, wéi d’Buch verzielt gëtt.

Hei kënnt dir et bestellen.

Muedebëtzeg: 14.2. - Vältesdag - Saint Valentin - Valentinstag

Monday, January 23rd, 2012

Den Dag vun de Verléiften! De Paul, d’Haaptpersoun vu mengem neie Buch fir Erwuessener “Muedebëtzeg”, kënnt dir beim Liesen während engem ganzen Dag begleeden, dem 14.2.2010. Hien ass zu Cannes am Hotel Martinez, esou wéi elo schonns zanter zwee Joer. Dës Kéier iewer ass hien alleng, an dat op dësem schéinen Dag…

Hei kënnt dir d’Buch virbestellen.