Archive for the 'Publikatiounen' Category

Zweemol an der Bestsellerlëscht Abrël 2012

Tuesday, May 1st, 2012

Den Abrëll 2012 war e gudde Mount fir mech! Zwee Bicher hunn et op d’Bestsellerlëscht gepackt:

“Muedebëtzeg”, die neie Roman fir Erwuessener, dien ech den 10.5. zu Veinen am Ale Kino offiziell presentéieren, an …

“Mission geheimer Stollen”, dat allerspannendst Buch fir Kanner an däitscher Sprooch, dat a Lëtzebuerg spillt, dat jeemools geschriwwe gouf! Onbedingt liesen, wëll nieft all diene Panem Potteren an Tintengregs huet et et natierlech schwéier.

Hei ass d’Bestsellerlëscht Abrëll national op RTL

“Holzwuerm-Anthologie” - iwwer drësseg Theaterstécker an engem Buch

Thursday, April 26th, 2012

An engem gudde Joer feiert den Holzwuerm seng 20 Joer! Dat éischt Stéck, “De Spillmann” hu mir 1994 mat de Kanner aus der Holzthummer Schoul am Parsall zu Houschent gespillt…
Zesumme mat “Islek ohne Grenzen” ass eng Anthologie, déi all d’Theaterstécker vun diene Joer zesummefaasst, geplangt. Genee, dat gesäit no enger Heedenaarbecht aus, mee dat ass mir egal: do muss ech elo duerch, an ech sinn iwwerzeegt, datt esou ee Buch eng flott Beräicherung fir de kannertheater a Lëtzebuerg wäert ginn.

Hei geet et bei den Holzwuerm

Isléck ohne Grenzen

Muedebëtzeg - déi offiziell Virstellung den 10.5. am Ancien Cinéma zu Veinen

Tuesday, April 17th, 2012

Muedebëtzeg - déi offiziell Presentatioun vum Bestseller den 10.5.2012 am Ancien Cinéma zu Veinen um 20.00 Auer

an Zesummenaarbécht mat Op der Lay, de Veiner Kultoureilen an dem Ancien Cinéma Café Club

Musikalesch ginn ech ënnerstëtzt vun “Just Friends”: Mulles Scholtes(Gitar), Luc Hoffmann (Gesang a Gitar), Jang Steffen (Bass a Percussioun)

“Ech hunn däi Buch mat grousser Begeeschterung gelies. Ech fannen,datt et ee staarkt Buch ass. An datt s de vill Courage has dat Buch ze publizéiren.”

“Ëtt gehéiert ausserdem zu Lëtzbuerg Courage derzou, eng Geschicht wéi déi doten mat all hieren Detailler ze veröffentlechen.”

“Ech si wierklech beandrockt; iwwert verschidden philosophesch iwwerleeungen hun ech matt bewonnerung gestaunt, an och all respect fier déi radikal éierlechkeet an de courage esou ongeschminkt woueregkeeten ze schreiwen”

“Ech wönschen deem buch ganz vill success an könnt mier vierstellen, datt ët och gudd gief an déitschland ukommen…”

“Merci fir dat wonnerbaart Buch.”

Hei ass d’Invitatioun

Muedebëtzeg - op Plaz 8 bei de nationale Bestseller am Mäerz

Tuesday, April 3rd, 2012

Endlech emol nees e literarescht Buch ennert all deene Kach- a Sachbicher! Dat ass eng gutt Saach.

Ech sinn zefridden!

Hei sinn d’Bestseller all

Muedebëtzeg - eng Zesummefaassung

Wednesday, March 28th, 2012

Ech hunn hei am Blog elo vill verschidden Interventiounen zum Thema “Muedebëtzeg”. Dofir wollt ech déi Wichtegst elo emol hei eng Kéier kuerz zesummefaassen…

Hei kënnt Dir d’Zesummefaassung liesen

Muedebëtzeg bei RTL: “Nei um Bichermaart” a “Buch vun der Woch”

Wednesday, February 29th, 2012

Hei bei RTL fand dir weider Infoen iwwer dat neit Buch fir “erwuesse Leit”. An et ass definitiv fir “erwuesse Leit” an dës Kéier net fir Kanner! Et heescht hei, datt et em de Broschtkriibs geet. Jo, mee net nëmmen…

Hei geet et bei RTL

Muedebëtzeg - hei déi komplett Kritik vum Pierre Ludovicy

Tuesday, February 21st, 2012

Dem Pierre Ludovicy huet d’Buch esou gutt gefall, datt hie spontan decidéiert huet, eng Kritik driwwer ze schreiwen. Hie war och averstanen, datt ech déi kann op dem Site ënnert sengem Numm veröffentlechen. Villmools merci Pir!

Da ich mich schriftlich besser auf Deutsch ausdrücken kann (und es auch eher gewohnt bin), so möchte ich meine Kritik des Buches von Roland Meyer auch in dieser Sprache schreiben.

So bin ich überrascht gewesen, wie schnell, flüssig und leicht es mir gefallen ist, Roland Meyers Buch auf Luxemburgisch zu lesen, einer Sprache, in der es mir meistens sehr schwer fällt, bis zum Schluss am Ball zu bleiben.

Es ist ein Buch über Lebenskrisen, die den bisherigen Lebenswandel in Frage stellen und Kämpfe heraufbeschwören und die schlussendlich bewältigt oder eben nicht bewältigt werden.

Da die über 50-jährige Hauptperson Paul es nicht schafft, ihre Lebenskrise in den Griff zu bekommen, ist es vor allem ein Buch über das Untergehen, das Versacken, den Verfall, kaputte Gedanken, zu nichts führende Einsichten (Paul stürzt sehenden Auges in sein Verderbnis), Selbstlügen, Selbstüberschätzung, lebensgefährdende Krankheiten und schlussendlich den Tod. Paul legt sich alles mundgerecht zurecht, um die Wahrheit nicht sehen zu müssen und scheitert schliesslich auf erbaermliche Art und Weise.

Muedebëtzeg” machte mir Lust, “La nausée” und “La chute” von Albert Camus wieder zu lesen. Ist also “Muedebëtzeg” ein existentialistisches Buch?

Zuerst führt das Cover mit dem friedlich schlafenden, wunderschönen Hund den Leser auf eine falsche Spur. Anschliessend tut die Geschichte des Untergangs von Pascal das Gleiche – denn es geht nicht um Pascal und die Infragestellung seines bisherigen Lebens, obwohl dessen Story haargenau ins Buchthema hineinpasst.

Schliesslich werden, spannend und geradlinig flott, parallell oder in Rückblenden, die Lebensgeschichten von Paul, von Laura (seiner Frau), von Isabel(le) (dem Teufelsweib - ist sie nun Opfer oder/und Täter?) erzählt.

Denn, wie Rol Meyer schreibt: “D’Liewen hannerléist Spueren. Dat weess de Paul haut. Liewen ouni Konsequenzen ass net méiglech.”

……………………………

Hei kënnt dir déi ganz Kritik liesen

Hei kënnt dir d’Buch kafen

Muedebëtzeg - nach eng Réckmeldung

Monday, February 20th, 2012

Hei nach en aneren Text iwwert dat neit Buch:

hallo roland, e puer iwwerleeungen zu dengem neien buch.

“Muedebëtzeg” huet sech ganz flësseg(?) gelies, ass vun ufank bis un d’enn spannend, d’story ass sou opgebaut, datt se absolutt glawwierdeg ass; eng vun deenen heefechen mid-life crisis escapaden, di jo dax schlëmm endegen an déi een esou gären géif reckgängeg maachen, do wärten vill leit an eisem alter sech schons ërëmfannen, an déi wou ët nach nët zë spéit ass, betraff an nodenklech genuch maachen, fier eventuell vun der iwwerhuelspur am leschten moment neess anzeschwenken…

fier een, deen dech gudd kennt, esou wéi ech, ass d’lecture wahrscheinlech aanescht wéi fier een “neutralen” lieser; déi biografesch elementer hun mech an deem sënn iergeféiert, datt ech de plot emmer ërëm gegleeft hun an angscht fier iech zwee hat! ech hun mier dann ëmmer ërëm bewosst missen maachen, datt ët eng fiktiv geschicht ass…

ech si wierklech beandrockt; iwwert verschidden philosophesch iwwerleeungen hun ech matt bewonnerung gestaunt, an och all respect fier déi radikal éierlechkeet an de courage esou ongeschminkt woueregkeeten ze schreiwen (z.B. d’fro un den dokter: “sin ech elo ee krëppel? dat huet mech zwar ëmgehaen!)

ech wönschen deem buch ganz vill success an könnt mier vierstellen, datt ët och gudd gief an déitschland ukommen…

chapeau francine ”

Villmools merci, Francine!

Muedebëtzeg - stëmmt dat wierklech?

Friday, February 17th, 2012

“Ass dat wiirklech wouer, wat s De iwwert di “Atom-Versicher” bei den Kanadier geschriwwen hues – ech kann jo kaum gleewen, dass De dat frei erfont hues? Schrecklech!!!”

Déi Fro kruet ech gëschter vun engm Lieser gestallt. Als Äntwert op dës Fro weisen ech iech gär dës Fotoen, déi ech am Summer 2011 op dem Kierfegt Saint-Hillaire zu Marville gemaach hunn. Net wäit nieft Marville ass déi al kanadesch Airbase nach gutt ze gesinn. Och mat “Google-Earth” kann een se tipptopp fannen.

Fotoen vum Kierfegt Saint-Hilaire zu Marville

Hei kënnt dir d’Landkaart kucken, d’Airbase ass direkt nieft der E44

An hei kënnt dir d’Buch kafen

Éischt Kritike vu “Muedebëtzeg”-Lieser

Wednesday, February 15th, 2012

Bis elo ass et mir bal ëmmer esou gaangen, datt ech kaum Réckmeldungen iwwer eng Publikatioun kréien. Dës Kéier iewer net! Dëst Buch beréiert d’Leit. Hei déi éischt Kritiken:

“Uff – Déng Beschreiwung vum Peipperléck, deen voller Nektar an dem Paul séng Autosfenster knätscht an vum Laura séngem muedebëtzegen Apel nom Lafen nom Dondelinger séngem Kriebsbefond geet riichteg ennert d’Haut

Däi Buch ass ganz interessant an et mecht mer vill Freed.Ech si schonns op der Seit 103 beim Kapitel 23, obwuel ech normalerweis e bësselchen Problemer hu mam Lëtzebuergeschen, well ech ess eben net vill an net oft liesen. Awer däi Buch rutscht gudd – et betrëfft jo och d’Problemer vun de Männer iwwer 50 an an dem Alter sinn ech nun emol, schäiss, ob ech et well oder net (nujo, wéi en “ale Saack”, wéi de Paul dësen Zoustand nennt, fillen ech mech just heiandsdo, meeschtens awer nach nett!).”