Archive for the 'Publikatiounen' Category

“Roughmix” ass do!

Sunday, April 27th, 2014

Vu mar u (28.4.) kritt dir dat neit Buch iwwerall! Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk: “an dat an engem Land wou villes ënner den Teppëch gekiert gëtt, wou iwwer e ganze Koup Theme guer net geschwat gëtt, wou de Bléck vu baussen d’Siicht schäerfe muss… Wat hu mir ze verstoppen?”
Hei déi éischt Infoen vun Op der Lay

“Muedebëtzeg”- elo an der 3. Oplo

Tuesday, April 22nd, 2014

Ganz vill freeën ech mech, datt elo schonns déi drëtt Oplo bei “Op der Lay” erauskomm ass. Dat beweist, datt dësen Thema d’Leit wierklech interesséiert an och beweegt.

Informatiounen gëtt et hei.

Hei kënnt Dir d’Buch bestellen.

Sou, elo ass et geschitt… Facebook

Sunday, March 23rd, 2014

Vill Leit hu mir a leschter Zäit gesot, ech misst onbedingt op Facebook. Déi lescht Woch hunn ech mech elo ugemelt. Mat gemëschte Gefiller, mee wiem soen ech dat!

Mäin Zil ass et, iwwer die Wee nach méi Leit ze erreechen; ob dat gelengt, muss sech dann an diene nächste Wochen erausstellen. Ech wëll natierlech, datt esou vill Leit wéi méiglech mäin neit Buch Roughmix liesen, an dofir hunn ech die Schrëtt gemaach.

Loosse mir also emol kucken, wat dat bréngt. Wann Dir wëllt mäi Frënd op Facebook ginn, dann ass elo de Moment; … meng Frënn am richtege Liewe sidd Dir jo schonn :-)

3. Oplo fir “Muedebëtzeg”

Friday, March 14th, 2014

Dat ass eppes wat mech immens freet: “Muedebëtzeg” gëtt nach ëmmer vill gelies an och vill kaaft! Esou ass et scho bal normal, datt elo bei “Op der Lay” déi drëtt Oplo virbereet gëtt. Wann Dir d’Buch nach net hutt, dann ass also elo de Moment, fir et ze kafen :-) .

Hei kritt Dir Informatiounen iwwert d’Buch.

Hei kënnt Dir d’Buch bei “Op der Lay” kafen.

“Muedebëtzeg” ass och dat éischt Buch op Lëtzebuergesch gewiescht, dat et fir de Kindle ginn ass.

An hei gëtt et d’”Muedebëtzeg” bei iTunes.

“Roughmix” - dat neit Buch ass ënnerwee

Friday, February 7th, 2014

Gëschter kruet ech gring Luucht vun “Op der Lay”. Elo nach just eng leschte Kéier Iwwerschaffen, da geet de Munuskript definitiv bei de Verlag. Den Aarbechtstitel ass “Roughmix”, an esou fillt sech d’Buch och un:

Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk!

Muedebëtzeg bei Op der Lay

Op der Lay

Zwee Bicher vu mir gëtt et op Amazon

Friday, January 31st, 2014

Ënner digitaler Form kënnt Dir op Amazon zwee Bicher vu mir kréien: “Muedebëtzeg” als éischt lëtzebuergescht Buch, dat et fir den Amazon-Kindle gëtt, an den “Jim Keane”, e Fantasy-Buch, dat een nëmmen do kritt, an dat net ënnert anerer Form ze kréien ass.

Hei d’Linken:

“Muedebëtzeg” op Amazon

“Jim Keane” op Amazon

Vill Spaass!

“Muedebëtzeg” als éischt lëtzebuergescht Buch op Amazon Kindle

Monday, November 18th, 2013

Wéi sot de Verlag “Op der Lay” haut esou schéin: et ass dat aller-alleréischt lëtzebuergescht Buch, dat ee bei Amazon kann op säi Kindle eroflueden.

Sinn e bëssen houfreg… :-)

Hei de Link.

“Obszön”

Wednesday, November 13th, 2013

Et ass nees d’Zäit vun de “Walfer Bicherdeeg”. Leider kann ech dëst Joer kee Präis gewannen, ech hu keen neit Buch um Start. D’lescht Joer war dat eng flott Saach mat “Muedebëtzeg”… “Lëtzebuerger Buchpräis” an der Kategorie Literatur!

An der 2013er Ausgab vun der Walfer Anthologie ass iewer elo en Text vu mir drann, dien die schéinen Titel “Obszön” dréit. Alleng dat ass dach e Grond, sech d’Buch ze beschafen. A wéi ëmmer weist et kloer an eng Direktioun: nämlech an déi vum nächste Buch.

Nieft mengem Text gëtt et och nach Texter vum Serge Basso de March, Raoul Biltgen, Pierre Decock, Ian de Toffoli, Alexandra Fixmer, Roland Harsch, Lex Jacoby, Dennis Kirps, Rafael David Kohn, Henri Losch, Carla Lucarelli, Nathalie Ronvaux, Stéphane Ghislain Roussel, Elise Schmit, Valérie Schreiner a Luc Spada. D’Fotoe si vum Christian Aschman.

Hei gëtt et weider Infoen…

“Auf ein Wort” - am Télécran

Thursday, October 10th, 2013

An der Nummer vun dëser Woch (Nr 42) fand dir op dier leschter Säit e klengen Interview mat mir. Ech kruet eng Rei Standartfroe gestallt, a sollt a just e puer einfache Wierder dorobber äntwerten. Guer net esou einfach!

Télécran

“Den décken dommen Dudu” - de Kannerbuchklassiker elo an der drëtter Oplo, iwwerschafft a mat neiem Cover

Saturday, October 5th, 2013

2004 ass et fir d’éischt erauskomm, an enger Oplo vun 1000 Exemplaren, 2008 koumen déi nächst 1000 an elo geet et an déi drëtt Oplo!

Iwwerschafft, esou wéi d’Lëtzebuerger Schoulgesetz, a mat neiem Cover kënnt dir den Dudu elo nees kréien. Et ass a bleift einfach déi Lektür fir de 4. Zickel vun der Grondschoul a fir all Septièmen.

Hei kënnt dir den Dudu bestellen.

Den Dudu op RTL