De Bichergeck

Vill Aarbecht huet sech d’Madame Jessica Mersch op hierem Blog “De Bichergeck” gemaach. Hei den Interview, dien si mat mir gemaach huet. Dono fand Dir och d’Linken zu de Rezensiounen vun dienen eenzelne Bicher.

Här Meyer, Merci dass Dir Iech Zäit huelt, fir mir op meng Froen ze äntweren, et sinn der e puer méi ginn, wéi geduecht!

Dat ass ganz gär geschitt, a Merci soen ech.

1) Wéi sitt Dir zur Schreiwerei komm? Gëtt et do eng Geschicht dozou?

Iwwert de Kannertheater sinn ech dozou komm. Ech hun, no e bëssen Ausprobéiere mat friemen Texter, ugefaangen, selwer Theaterstécker fir d’Kanner ze schreiwen. Dono koumen déi éischt „Kannertheater-Romaner“ „Eng Foto vum (Klëppel)Krich“, „Dem Kinnek säi Gaart“ an „Iwwer der Leeder“ eraus, an dunn hat ech geléiert ze goen, an ech hun e ganze Koup Kannerbicher geschriwwen. Eréischt vill méi spéit hun ech ugefaangen, Bicher fir Erwuessener ze schreiwen, an ech gesi mech eigentlech ëmmer nach als Kannerbuchauteur. Natierlich hun ech nieft de Bicher stänneg och fir de Kabaret geschriwwen.

2) Wéi waren d’Reaktiounen op Är Bicher Zikelalarm 1 an 2? Zumools am Enseignantberäich?

Ech hat nach ni esou vill Feedback kritt, wéi bei dëse kabarettistesche Liesungen, déi op Wonsch vu ganz ville Leit, net nëmmen Enseignanten, nodréiglech och als Bicher publizéiert goufen. An dat erklären ech mir dohir, datt se dat a Wierder faassen, wat vill Leit geduecht hunn.

3) Am Zikelalarm 1 ass riets vum ‘décken dommen dudu’, vun Iech gëtt et och ee Buch wat esou heescht.
Ass dat dee selweschten?

Jo.

Ass e fiktiv?

Jo.

A firwat kënnt en am Zikelalarm vir?

Well ech esou frou mat em sinn a mech esou gutt mat him identifizéiere kann. ;-)

4) Dir schreift Satir, Kannerbicher a Bicher fir Erwuessener… Wat maacht Dir am léifsten?

D’Liewe weist, datt grad déi eeschtgemengste Saachen sech dacks als (Real-)Satir erausstellen. En plus sinn ech kee Mënsch fir d’Tiräng. Ech verbanne gär villes mateneen fir ze erkennen, wéi d’Saachen zesummenhängen: ech schreiwen elo grad op mengem fonkelneien Tablett, dien ass esou glat wéi d’Haut vun de Männer no der Ganzkierperrasur, an déi ass esou glat ,wéi d’Ambientmusek, déi aus der Bar eriwwerflitt, an déi ass esou glat wéi d’Aussoen an d’Handele vu ville Politiker, diene mir déi aktuell Situatioun ze verdanken hun… Ech maache Musek, ech maache Kabaret, ech maache Kannertheater, ech maachen Texter an ech maache mäi Privatliewen; wéi a wou soll een do Grenzen zéien an Tiräng araumen?

5) Mango Panda ass ee Jugendbuch, a gëtt aus der Siichtweis vum Linda (zwielef Joer) erzielt.
Ech fannen, Dir hutt Iech wierklech gutt an hatt eraversat, d’Sprooch, d’Gefiller, etc, …
Wei hutt Dir dat gemaach?
Do war joerelaang Schoulerfahrung wahrscheinlech vun Virdeel?

Eraversetze geet net. Et fonktionéiert nëmmen, wann d’Linda och een Deel vu mir ass. Esou Texter liewen vun der Empathie an der Léift zu de d’Protagonisten.

6) Den décken dommen Dudu ass ee Kannerbuch fir Erwuessener …
Firwat?

Well nëmmen erwuesse Leit den Text kënne verstoen. Dobei huet „erwuessen“ näischt man Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher wéi „Den décken dommen Dudu“ oder och „Mango Panda“ setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hun, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.

7) Wéi laang hutt Dir fir d’Romaner Roughmix a Muedebëtzeg gebraucht?
Waren do méi Recherchen néideg?

Zwëschen engem gudde Kanner-, Jugend- oder Erwuessenebuch gëtt et keng Ënnerscheeder, wann een et seriö ugeet. A wann een eppes recherchéiere muss, dann ass dat fir all Zort vu Buch grad esou wichteg a laangwiereg. Schreiwen ass haart Aarbecht an huet vill mat Disziplin an näischt mat Romantik ze dinn.

8) Wat liest Dir privat am léifsten?

Ech loosse mech do ganz gär vu gudder Literaturkritik leeden, fir den Iwwerbléck net ze verléieren. Ech wëll mech do iewer weder op Auteuren, nach op Genren oder Spooche festleeën. Eng liicht Präferenz spieren ech ëmmer nees fir modern englesch an amerikanesch Literatur.

Hutt Dir ee Liiblingsbuch, ee Liiblingszitat?

Vill esou Bicher an een Zitat:
Das Fräulein stand am Meere / und seufzte lang und bang
Es rührte sie so sehre / der Sonnenuntergang
Mein Fräulein sein sie munter / das ist ein altes Stück
Hier vorne geht sie unter / und kehrt von hinten zurück
Heinrich Heine

9) Wien ass Är allerléifste Romanfigur?

De Felix Bellibimbam

10) Wat hutt Dir léiwer?
Ebook oder Pabeierdrock?

Dat ass mir egal. Just wann ech am Buch wëll schaffen, da braucht ech den Text um Pobeier.

11) Wéi géift Dir de Schoulsystem an dräi Wierder beschreiwen?
Mengt Dir, mir kréien dat nees riicht gebéit?

Onzäitgeméis, onflexibel, oncool!
Riicht ass op dëser Welt nach ni eppes gewiescht, just d’Kughel aus der Flënt. Et geet also dorëms, datt de Schoulsystem net méi no hanne kuckt, mee noch vir. An do sinn ech mëtteloptimistesch, et gëtt eng Rei gutt Usätz, mee déi konservativ Arthros verhënnert nach villes.

12) Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Quadratesch, praktesch, gutt!

13) Dir maacht och Musek … Inspiréiert d’Musek zum Schreiwen, oder ass et ëmgedréit?

Musik inspiréiert zu alles!
Et ass de Ritmus, dien eist Liewe bestëmmt, et sinn d’Harmonien, déi eis zesummeschaffe loossen an et sinn d’Melodien, déi eis Gefiller ausmaachen.

14) Wéi huet sech Ärt Liewen no deenen éischten Veröffentlechungen a Präiser verännert?

Guer net.

15) Verschenkt Dir och Bicher? Wa jo, wéieng?

Ech versichen dem Beschenkten e bësse vu menger Begeeschterung fir ee Buch matzeginn, esou wéi Dir et mat Ärer Arbecht hei och maacht. An der Lescht hunn ech vill Kate Tempest, als Musek an als Text, verschenkt.

16) Wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schoulmeeschteren nach mat op de Wee ginn?

All Kand respektéieren, vu senge Stärkten ausgoen, sech fir säi kulturellen, sozialen a sproochlechen Hannergrond interesséieren, sech decidéiert op seng Säit stellen. Et geet net em Programmer a Wochepläng a Kompetenzen a Bilanen … a Léierpersounen, mee dat alles ass wéinst dem Kand do.

17) A wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Ganz vill liesen, ganz vill schreiwen, ganz vill liewen.

An hei d’Linken:

Roughmix

Zikelalarm I

Zikelalarm II

Mango Panda

Muedebëtzeg

Den décken dommen Dudu

Merci Mme Mersch

Comments are closed.