Esou Momenter

Et gëtt esou Momenter, do gings de am léifsten d’Béngele bei d’Tromm geheien…

Ech hunn elo just esou ee Moment “duerchlieft”: Mam Zikelalarm II - Text war ech elo ee Joer op Tournée. Den Text huet gelieft, huet sech weiderentwéckelt, ass gewues an nees zréckgeschnidde ginn, ass geännert an nach eng Kéier geännert an ugepasst ginn. Je alles wat een Text an engem Joer muss erleiden huet en erlidden. (Ass e besser ginn?)

Elo soll en dann als Zikelalarm II a Buchform erauskommen. Da verännert en sech net méi, da gëtt en a Stee gehummert, an Eise gegoss… FREEZE!

A wéi ech no laangem Iwwerschaffen, Verbesseren, Ergänzen a wat weess ech nach net allem, den Text endlech esou wäit fäerdeg hat, datt ech en dem Remy Kraus an d’Lektorat schécke wollt, du war en op eemol verschwonnen… an den onergrëndlechen Déifte vun der Festplak war e verluer gaangen, an och ganz vill sichen huet en net méi zréckbruecht, un d’Uewerfläch, op den Ecran.

Mir ass just eng Printversioun bliwwen, déi ech, wéi duerch e Wonner, an opgrond vun enger onerkläerlecher Intuitioun gemaach hat.

An déi Printversioun ass elo d’Virlag fir de Verlag ginn… nach ëmmer froen ech mech, wat do eigentlech geschitt war.

Comments are closed.