“Wenn immer alles so einfach wäre” kënnt dës Woch an d’Librairien

Wann ëmmer alles esou einfach wär, da kéim mäi Buch elo an d’Butteker a géif vun all Mënsch gelies ginn, dien däitsch versteet a liese kann. Da ging et am Hierscht zu Frankfurt op der Bicherfoire virgestallt ginn, op ARTE an op 3Sat gingen se Reportagen driwwer maachen, esouguer an der Tagesschau ging driwwer geschwat ginn, en décken däitsche Verlag ginn et eng zweete Kéier publizéieren an et kéim op déi éischte Plaz vun de Spiegel-Bestseller.

Dono ging et a wéinstens 2427 Sproochen iwwersat, an England an an den USA ging et sech milliounefach verkafen at et ging mat Präisser iwwerheeft. D’Buch wir e Weltbestseller an ech kréich de Literatur-Nobelpräis, wann ëmmer alles esou einfach wär.

Mäin neit Buch soll dës Woch an déi puer Bicherbutteker kommen, déi et hei zu Lëtzebuerg nach gëtt, a wann et sech 400 bis 500 Mol géif verkafen, da wir et ee Bestseller. Mee esouguer dat bleift nach Wonschdenken.

Comments are closed.