Eng nei Rei Liesungen: Kannerbicher fir erwuesse Leit

Vum Hierscht un kënnt dir –> Schoulen, Maison relaisen, Bibliothéiken, Kulturheiser, etc … eng nei Form vu Liesung buchen: “Kannerbicher fir erwuesse Leit”.

Hei déi éischt Informatiounen:

De Roland Meyer huet elo seng Trilogie vu “Kannerbicher fir erwuesse Leit” ofgeschloss. Dozou gehéiert den 2004 fir d’éischt opgeluechte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kanner- a Jugendliteratur “Den décken dommen Dudu”, d’Geschicht vun engem vill ze décke Jong, dien et an der Schoul net einfach huet. “Mango Panda” ass am Joer 2007 erschingen an thematiséiert “d’Irrungen an d’Wirrungen” vun engem 12-jährege Meedchen, dat sech déi éischte Kéier verléift. 2017 dunn ass mat “Tel Mo” dat drëtt Buch aus der Serie erauskomm, wat de “Lëtzebuerger Buchpräis 2017” gewonnen huet an op der Shortlist fir de Servais-Präis 2018 war. Hei geet et em ee portugisesche Jong, die weder Halt a senger Famill nach an der Schoul fënd a seng Zerrassenheet versicht duerch Gewalt ze kompenséieren.
Dës Bicher beschäftegen sech allen dräi mat ganz eeschten an zum Deel esouguer existenzielle Problemer vu  Kanner a Jugendlechen, dat iewer all Kéier op eng ganz humouervoll Aart a Weis, ouni moraleschen Zeigefanger an ëmmer mat vill Léift an Empathie fir d’Haaptcharakteren. Allen dräi sinn et “coming of age”- Geschichten, déi weder an de Kitsch nach a verlugen Draamwelten ofdriften, mee d’Problemer beim Numm nennen; ebe Kannerbicher fir erwuesse Leit.
Fir Kanner ab zéng Joer, am flottsten zesumme mat hiren Elteren, iewer och fir all Erwuessenen, dien déi hoffnungsvoll Freed an déi onerhéiert Gréisst vum Kand-Sinn nach net vergiess huet, liest de Roland Meyer kuerz, lëschteg an ironesch Geschichten aus dësen dräi Bicher an zesumme gëtt iwwer dat, wat Kandheet am Moment hei zu Lëtzebuerg ausmécht, diskutéiert.
Den 8. Januar 2019 ass déi éischt Liesung am Mamer Kinneksbond.

Comments are closed.