The Winklepickers acoustic session - de 27. Januar am Ancien Cinéma zu Veinen

De Roger Melcher an ech sinn nees am Ancien Cinéma. Alleng dat ass fir eis schonns ee Grond sech ze freeën! Nodeems de Paul Lebrun eis fir ëmmer verlooss hat, stung fir de Rosch a fir mech fest, datt mir net méi esou weiderfuere kéinten. Mir hunn also e gutt Joer Paus gemaach an halen d’Winklepickers elo op eng ganz aner Aart a Weis um Liewen an domat de Paul an Éieren: eng Harp an eng akustesch Gitar mussen duergoen, fir alles dat, wat d’Winklepickers wierklech ausgezeechent huet, ze transportéieren: d’Intensitéit an den Humouer.

Mat just e puer op der Hand ausgewielte Gigs am Joer wëlle mir dëse Projet weiderféieren. Nächst Statioun op dësem Trip ass den Ancien Cinéma, eng Location, op dier mir eis ëmmer extra gutt gefillt hunn a wou mir extra gär gespillt hunn well mir gespuert hunn, datt mir do extra wëllkomm waren. Mat engem erweiderte Programm triede mir de 27.1. um 20.00 Auer zu Veinen op…

… a weider Informatioune gëtt et hei.

Comments are closed.