“Den décken dommen Dudu” ass elo an der 4. Oplo do

Wien hätt dem Didier esou eng Konditioun zougetraut?

2004 erauskomm, 2008 an déi 2. Oplo gaang, 2013 dunn an déi 3. an elo ass hie bei dier 4. ukomm. Deemno e risegen Erfolleg fir esou ee “Fettsak mat spezifischem Förderbedarf” oder eben en Dys-Kid, wéi dat haut esou mediewierksam heescht.

Hei kritt dir d’Buch, … wann dir et net scho laang hutt.

“Den Didier Dusseldorfer, die vun all Mënsch just Dudu genannt gëtt, ass net zefridde mat sengem Numm: et sinn einfach zevill Deeën drann! Wéi kann aus engem Jong eppes ginn, dien esou een Numm huet?

Mee dat ass net dien eenzege Problem vum Dudu, neen, hien esst och zevill, a wëll en dat elo schonns zanter datt hien sech erënnere ka mecht, ass aus him en zimlech décke Kärel ginn. An esou huet hien et dann och schwéier, fir an enger Welt, wou et ëmmer méi em d’Ausgesi geet, zu eppes ze kommen.

Hien ass an d’Ginette vertléift, mee traut sech net, hatt unzespriechen. Hie gëtt verdächtegt, an der Schoul d’Toilettendiren futti gemaach ze hunn, mee hie bréngt et net fäerdeg fir ze soen, wien et wierklech war. An der Welt vun der Tëlé kommen esou Kanner wéi hien net vir; am Bravo zielt hien iwwer 800 Fotoën, mee et sinn der just zwou drënner, vun décke Leit: hie versteet net firwat. Den Dudu flücht sech a seng eege Welt. Eng Welt, déi hie sech esou zesumme reimt, wéi se him passt an zum Schluss kritt hie grouss Problemer, fir de Buedem ënner de Féiss net ze verléieren.

Dem Auteur ass hei de Portrait vun engem 12-13jähregen Jugendleche gelongen, wéi et der bei eis ëmmer méi dacks gëtt. Wivill Kanner hunn haut schonns zolitt Gewiichtsproblemer a kee Mënsch, dien hinne kënnt weisen, wéi een domadder emgoe kann? Famillen, déi ausernee falen, Schoulen déi op esou Problemer net agestallt sinn a eng Mediewelt, déi ëmmer méi zur Scheinwelt gëtt an diene Jonken e Liewe virspillt, dat et esou net gëtt… Mat dem décken dommen Dudu liest Dir eng modern Erzielung, déi et an dëser Aart zu Lëtzebuerg net gëtt. E ganzt wichtegt Buch och fir all Leit, déi eppes mat Kanner ze dinn hunn, a Kanner Eescht huelen!

De Roland Meyer ass Auteur, Kabarettist (Kabaret Sténkdéier a Lëtzebuerger Revue), (Kanner-)Theaterregisseur, Bluesmusiker a Schoulmeeschter.
2012 kruet hie fir „Muedebëtzeg“ de Lëtzebuerger Buchpräis fir Literatur an 2015 de Servais-Prais fir “Roughmix”.”

Comments are closed.