Den 8.7: Liesung zu Miersch fir Kanner: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen

Dëse Sonndeg, den 8.7. gëtt et vill Geschichten zu Miersch am Chocolate House.Geschichte fir Kanner iewer och fir all aner Liewewiesen: Kazen, Hënn, Elefanten, Tapiren an Erwuessener…
“Geschichtenspaß im Chocolate House” heescht de Furri! Ganz vill Leit liesen do hier Geschichte vir an ech sinn um 15.00 Auer drunn an dien eenzege Mann: Jeanny Friederich-Schmit, Tanja Brück, Manon Della Siega, Chritiane Kremer…
Wann dir also Kanner hutt, oder och keng, wann dir Loscht op Schokola hutt, oder och net, a wann dir cool Geschichte wëllt lauschteren, dann ass Miersch e Sonndeg “the place to be”!

Comments are closed.