30 %

Ech war de Moie beim Metzler. Ech wollt Grillfleesch kafen. Eng Fra wollt dat och. Mee si huet sech opgereegt. D’Fleesch wir esou deier, geschwë kënnt kee Mënsch sech nach eng Kotlett oder e Stéck Speck leeschten.
Jo, et gëtt wierklech alt méi deier, hunn ech geduecht.
De Metzler ass kuerz an der Wurschtkiche verschwonnen. E koum mat engem plastiks Behälter zréck. En huet der Fra a mir en ëmmer d’Nues geriwwen. Kreider, duecht ech. Eng Kräidermëschung, sot de Metzler. Schonn drësseg Joer maachen ech se selwer.
Wat wollt hien?
Dat lescht Joer sinn d’Gewüerzer 30 % méi deier ginn, sot hien. En huet gelaacht. A wa mir wëllen, datt déi Leit an hiere Länner bleiwen, da musse mir déi 30 % bezuelen. Ouni eis opzereegen.
Méi ass et net, duecht ech.

Comments are closed.