Glous - 2 Texter - 1 Thema

“Glous” sinn zwee verschidden Texter:
1. eng literaresch Erzielung déi an de 70er Joere spillt a bei “Op der Lay” erauskoum
2. eng kabarettistesch-literaresch Liesung mat e puer Extraiten aus dier Erzielung an enger Hellewull aner Passagen
Béid Texter sinn zesummen entstanen, ee nieft diem aneren, a weise wéi fest Rassismus an Intoleranz an eiser Gesellschaft verwuerzlt sinn.
Buch a Liesung sollten den 12.3.2020 am CNL zu Miersch virgestallt ginn an dës Manifestatioun war déi éischt, déi wéinst dem Lockdown gecancelt gouf.
Den 19.11.2020 huele mir et um 19.30 Auer am Mierscher Kulturhaus no.
Ech freeë mech!

Comments are closed.