Wann den Zuch op oppener Streck stoe bleift…

Iwwert d’Fréijoer sinn eng ronn 20 “Glous”-Liesungen ausgefall, e puer goufen der nei ugesat, vill einfach annuléiert. Mee Ok, do war ech net dien eenzegen, ville vun eis ass et esou ergaangen an ech wëll mech net bekloen.

Villméi freeën ech mech elo immens op zwee Owender an ech hoffen, datt se net mussen ofgesot ginn:

- den 23.Oktober ass zu Peppeng am Musée rural um 19.30 déi nächst Glous-Liesung

- an den 19. November stelle mir d’Buch dann elo endlech zu Miersch am Kulturhaus offiziell vir. Dat sollt den 12.3. an CNL sinn, war deemools iewer déi éischt kulturell Manifestatioun, déi annuléiert gouf.

Drécke mer d’Daumen!

Comments are closed.