Glous - d’Buch ass do!

Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng
Plaz. Déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmmen, wat richteg a wat
falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et
schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen.

Mee elo op eemol mierken d’Protagonisten, datt eppes an d’Rutsche kënnt, datt
grouss Ännerungen op déi kleng Leit duerkommen, an datt et ni méi esou wäert
sinn, wéi et eemol war.

De Pascal ass esou ee Friemen, hien ass do ënnen aus dem Heim an en ass ganz
anescht wéi mir. Hien akzeptéiert d’Reegelen net, déi zanter éiwegen Zäiten
d’Duerf regéieren, seng brutal Direktheet stellt op eemol alles a Fro an
d’Hëtzt vum Summer léist d’Gefiller opkachen.

De Roland Meyer hëlt eis a sengem bis elo perséinlechste Buch mat an eng Zäit,
déi de Grondsteen geluecht huet, fir déi Welt, an dier mir elo liewen. Villes
ass deemools verschwonnen a verluere gaang, mee d’Glous liicht ëmmer nach.

“Ënner der Sonn hunn d’Haiser, an diene mir gewunnt hunn, gegloust, do ware
mir zu diem ginn, wat mir elo waren, an een Deel vun der Glous hate mir an eis
dran an hu se matgeholl, e Liewe laang wäert se bestëmmen, wat mir maachen oder
si loossen, wat mir wëllen, ustriewen, wat fir eis richteg a wat fir eis falsch
ass. Heiansdo gëtt déi Glous an eis ugeblosen, da schéissen d’Flamen an
d’Luucht, an heiansdo hues de se bal vergiess, da weess de emol net méi, wat an
dir brennt a firwat s du brenns.”

Als Täschebuch bei Op der Lay
Als eBook bei Amazon oder itunes

Comments are closed.